Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – De WorldWideWeb gëtt ëffentlech a gratis!
International Neiegkeeten Stories

What the Fakt – De WorldWideWeb gëtt ëffentlech a gratis!

Fans vum digitalen Zäitalter an der Notzung vum Internet opgepasst:

The Holy um Siren’s Call 2019
International Neiegkeeten Stories

The Holy um Siren’s Call 2019

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s

Editorial: de schwieregen Ëmgang mat de Virsätz
International Neiegkeeten Stories

Editorial: de schwieregen Ëmgang mat de Virsätz

Datt et ëmmer nach Leit gëtt déi sech fir dat

Den italienesche Postfaschismus huet en neit Gesiicht

D‘Giorgia Meloni ass den neie Stär um politeschen Himmel a stellt d‘Lega Nord an den Abseits

Den italienesche Postfaschismus huet en neit Gesiicht

Déi 43 järeg Journalistin war Ministesch fir Jugend a Sport an der Regierung vum Silvio Berlusconi (2008 – 2011) an huet 2014 d‘Presidence vun der Partei „Fratelli d‘Italia“ iwwerholl. Si ass zu Roum opgewuess, an ass mat 15 Joer duerch ënnerschiddlech neofaschistesch Jugendorganisatioune gezunn („Fronte della Gioventu“ & „Alleanza Nazionale“) iert si 2012 mam Ignazio La Russa d‘Partei „Fratelli d‘Italia“ gegrënnt huet. 2016 hat si fir d‘Mandat als Buergermeeschtesch vu Roum kandidéiert, a war mat 20,7% op der drëtter Plaz gelant.

MeloniAus hirer Gesënnung huet d‘Giorgia Meloni ni en Heel gemaach a war 2019 zur Héichform opgelaf wéi d‘Séirettungsschëff „Sea-Watch3“ vun der Kapitänin Carola Rackete de 26. Juni trotz Verbuet mat 42 Flüchtlingen an den Hafe vu Lampedusa agelaf ass. Den deemolegen Inneminister Matteo Salvini (Lega Nord) war zolidd aus der Haut gefuer a wollt d‘Flüchtlingen net u Land loossen. Dat konnt hien nëmme véier Deeg duerchhalen an huet schlussendlech missen noginn. Als Revanche gouf d‘Kapitänin nach op der Plaz verhaft.

Sengerzäit huet de Fokus vun de Medie ganz um faschisteschen Inneminister geleeën, an esou ass d‘Interventioun vum Giorgia Meloni eppes a Vergiess geroden. Si hat kloer an däitlech gefuerdert, datt een d‘Sea-Watch3 sollt beschlagnahmen an virun der Küst sollt versenken. Esouwäit ass et da glécklecherweis net komm, mee déi fréier Journalistin hat sech endgülteg en Numm gemaach an huet ëmmer méi Zousproch an der Ëffentlechkeet fonnt. Mam Matteo Salvini war si a ville Punkten op enger Linn, an och dat huet hir vill Zoustëmmung abruecht.

MeloniDéi haart Ëmgangsweis mat Migranten a Flüchtlingen ass ee besonnescht Mierkmol vu béide Parteileader an och aussepolitesch loossen sech Meloni a Salvini kaum auserneenhalen. Allebéid fuerderen nach ëmmer den Austrëtt aus dem Euro. Och soss ass d‘Faschistin, wéi de Matteo Salvini, net gutt op d‘EU ze spriechen. An dem Meloni seng „italienesch Bridder“ sinn am EU-Parlament dem richtege Club bäigetrueden. Si hu sech der Fraktioun vun de „Konservativen a Reformisten“ (ECR) ugeschloss, wou se a beschter Gesellschaft sinn.

Houere Miel gëtt houere Panesch

An der ECR sinn – mat Ausnam vun der Fidesz, déi jo vun der EPP gehätschelt gëtt – déi ganz rietsnational an ultrakonservativ Vertrieder vertrueden. Esou déi polnesch Regierungspartei PiS, an déi spuenesch VOX. Interessant bei der Duerchsicht, och politesch Parteien déi keng EU-Deputéiert hunn, hunn sech der ECR ugeschloss. Esou ass och d‘ADR hei Member. A mat all dësen „neien Demokraten“ deelt si d‘Skepsis, jo esouguer d‘Ofleenung géintiwwer der EU. 2015 hat d‘Giorgia Meloni d‘EU als ee „Comité vun Halsofschneider“ bezeechent.

Mee déi grousst Léift tëscht Meloni a Salvini gëtt et net. An engem Punkt ënnerscheeden sech d‘Fratelli d‘Italia ganz wesentlech vun der Lega Nord, an dat ass de Federalismus. Wärend sech d‘Lega Nord vum Matteo Salvini fir d‘Onofhängegkeet vu Padanien agesat huet a spéiderhin – well agesi gouf datt sech dat net géif opgoen – op d‘Fuerderung vun eng wäitgoender Autonomie verstännegt huet, behaapten sech d‘Fratelli d‘Italia op hir neofaschistesch Wuerzelen, ass sti fir ee staarken Zentralstaat.

MeloniDës Verbonnenheet mam Faschismus ass virun allem duerch „personell Kontinuitéiten“ däitlech erkennbar. Vill Deputéiert ware scho Member am neofaschistesche „Moviemento Sociale Italiano“ (MSI) – an hirer Jugendorganisatioun Fronte della Gioventu – a maachen aus hirer Gesënnung kee Geheimnis. Esou huet den Ignazio La Russa am Parlament versicht, den „ausgestreckten Aarm“, also de sougenannte „réimesche Grouss“ vum Mussolini senge Faschisten, gesellschaftsfäeg ze maachen. Dat ass zum Gléck net gelongen an dëse Gest steet ënner Strof.

Wier nach ervirzehiewen, datt 2019 ee vun den Urenkel vum Mussolini als Kandidat vun de Fratelli d‘Italia ugetrueden ass. Och dat wuel ee Beweis fir d‘Kontinuitéit tëscht dem italienesche Faschismus an den „italienesche Bridder“. D‘Giorgia Meloni ass awer intelligent genuch sech nëmmen Intern an ënnert Ausschloss vun der Ëffentlechkeet zu Mussolini an dem italienesche Faschismus ze äusseren. Dofir bekennt si sech ëffentlech zu hire Sympathie fir rietskathoulesch Kreesser, dem Viktor Orban an dem Donald Trump.

MeloniVill Italiener rechnen dem Giorgia Meloni a senger Partei héich un, datt si ni eng Allianz mam Movimento Cinque Stelle (M5S) ugestrieft hunn. D‘Parteipresidentin vun de Fratelli d‘Italia hat dat sengerzäit als Verrot un der Saach bezeechent. Elo wou de mëttlerweil 83 järege Silvio Berlusconi vun der politescher Bühn verschwonnen ass, wëllen déi italienesch Bridder och déi „biergerlech Mëtt“ fir sech gewannen. An dat schéngt sech opzegoen. Laut de leschten offizielle Sondagen, ginn de Fratelli d‘Italia bis zu 15% Stëmmenundeel zougestanen.

mat indymedia/rom

Ähnlech Sujeten ECR, Fratelli d'Italia, Giorgia Meloni, Italien, Postfaschismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel