Search

You may also like

D’Representante vun der OSZE op Besuch am Palais
Kultur Neiegkeeten

D’Representante vun der OSZE op Besuch am Palais

Um Vergaangene Freideg huet S.A.R. de Groussherzog Henri bei enger

Bojack Horseman ass depriméierend, an dat ass gutt esou
Kultur Neiegkeeten

Bojack Horseman ass depriméierend, an dat ass gutt esou

Et dierft een um Animatiounsmaart wuel kaum eng esou komesch

D’Stroossenaccidenter vum Joer 2018!
Kultur Neiegkeeten

D’Stroossenaccidenter vum Joer 2018!

Gëschter Mëtteg huet den Transportminister François Bausch, zesumme mat de

Oktav 2020: Eng digital Schlussprëssessioun

Oktav 2020: Eng digital Schlussprëssessioun

Nom Erfolleg vun der digitaler Eemaischen gëtt elo och d’Oktav a virtueller Form zelebréiert. Mat Bild, Text a Film gëtt dem Visiteur d’Geschicht an d’Bedeitung vun dësem reliéisen Evenement méi no bruecht. Dobäi ka jiddwereen, duerch d’Participatioun bei Quizen an dem Deele vun eegene Biller, sech interaktiv bedeelegen.

Besicht een d’Säit www.luxatlas.lu, dann erlieft een d’Schlussprëssessioun vun der MuttergottesOktav, wéi se de Kënschtler Michel Engel 1893 an enger Serie vun 31 Drocken duergestallt huet. Donieft léiert de Visiteur déi eenzel Pilgergruppe kennen a baut säi Wëssen iwwert d’Haiser, un deenen d’Prëssessioun laanscht gaangen ass, zesumme mat senge Bewunner kennen.

Oktav 2020

Wousst Dir beispillsweis datt genee do, wou sech haut de Roude Pëtz befënnt, eng Haltestell fir d’Päerdstrambunn stoung? All eenzelt Bild vum Engels verréit Geschichten aus dem Liewe vun de Stater. Fir de virtuellen Tour an däitscher Sprooch kënnen d’Notzer tëscht enger historescher an der haiteger Kaart wiesselen.

D’Schlussprëssessioun 1893 stellt hei den Ofschloss vun der digitaler Oktav um 17.Mee 2020 duer.

Kommt och Dir mat an déi sozial a reliéis Liewenswelt vun der Stad Lëtzebuerg um Enn vum 19. Joerhonnert. De Projet fannt Dir op www.luxatlas.lu wéi och am Facebook-Evenement.

Oktav 2020

Ee Merci un déi ganz Ekipp

D’UNESCO Kommissioun vu Lëtzebuerg, de Kulturministère an den Historeschen Institut vun der Universitéit Lëtzebuerg hunn an enker Zesummenaarbecht dësen digitale soziokulturellen Tour duerch déi vun der UNESCO geschützt Zonen an der Haaptstad erstallt. De Projet ass dobäi Deel vum Asaz vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun fir den Erhalt vum immaterielle Kulturierwen an Zäite vun der Covid-19-Pandemie.

D’Konzeptioun vum Projet louch bei der wëssenschaftlecher Mataarbechterin vun der Uni.lu, dem Marie-Paule Jungblut; déi historesch Recherchen an Texter komme vum UNESCO Site Manager Robert L. Philippart; fir déi technesch Ëmsetzung war de Steve Kass, Fuerscher un der Uni.lu zoustänneg.

Related topics Digital, IKI, kulturellen immaterielle Patrimoine, Kulturierwen, Kulturministère, Luxatlas, Oktav 2020, Relioun, Schlussprëssessioun, UNESCO, Uni.lu, Virtuell
Next post Previous post