Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nationbranding kann och kreativ sinn
International Neiegkeeten

Nationbranding kann och kreativ sinn

Laang Zäit huet ee beispillsweis an Däitschland gemengt, datt ee

Sportlech Leeschtunge vun de jugendleche Lëtzebuerger zu Buenos Aires
International Neiegkeeten

Sportlech Leeschtunge vun de jugendleche Lëtzebuerger zu Buenos Aires

De 6. Oktober goufe viru ronn 200.000 Spectateuren déi drëtt

Bei Ryanair soll den 28. September nees gestreikt ginn
International Neiegkeeten

Bei Ryanair soll den 28. September nees gestreikt ginn

Ryanair kënnt net zur Rou. No de sëlleche Streiks am

Ecuadorianescht Verfassungsgeriicht erlaabt gläichgeschlechtlecht Bestietnes

Ecuadorianescht Verfassungsgeriicht erlaabt gläichgeschlechtlecht Bestietnes

Während d‘Kierchemänner am Vatikan un hiren anzestrale Gebueter festhalen, Homosexualitéit fir eng Krankheet halen an d‘Gender-Theorie als temporär Verwirrung vun der Gesellschaft gesinn, hu se am kathoulesch gepräägten Ecuador reegelrecht emanzipéiert.

Gutt et war elo net einfach, schliisslech huet d‘Kierch seng Unhänger, an ënnert dëse gëtt et zolitte Widderstand géint d‘Bestietnes fir gläichgeschlechtleche Koppelen. Radikal fundamentalistesch ausgeriicht, wollten déi sech op d‘Verfassung stëtzen, fir esou „Partnerschaften“ ze verhënneren. Elo huet d‘Verfassungsgeriicht statuéiert, a sech mat 5 zu 4 Stëmme fir d‘Bestietnes entscheet.

Et ass allerdéngs richteg, datt unhand vum Wuertlaut an der Verfassung, e Bestietnes als Bond tëscht engem Mann an enger Fra definéiert gëtt. Dat war dann och dat haapt Argument vun de véier Riichter déi, géint dat gläichgeschlechtlecht Bestietnes gestëmmt hunn. 2015 hat Ecuador awer mat enger Gesetzreform, gläichgeschlechtlech Partnerschaften unerkannt. E Wee zréck? Ondenkbar…

Äddi Mëttelalter

Gutt fir déi Betraffen: d‘Uerteel, respektiv d‘Entscheedung, vum Verfassungsgeriicht kann net méi kontestéiert ginn. Et muss zwéngend vun den Autoritéiten ëmgesat ginn. Dat ass eng gutt Nouvelle an Ecuador huet sech elo Argentinien – do ass d‘Bestietnes fir gläichgeschlechtlech Koppele schonn 2010 ugeholl ginn – Uruguay, Brasilien a Kolumbien ugeschloss. D‘Kierch fënnt dat net gutt.

Zu Quito, der Haaptstad vun Ecuador, sinn no bekannt gi vun der Decisioun vill Membere vun der LGBTI-Communautéit op d‘Strooss gaangen, fir dat ze feieren. Endlech wier hinnen déi gefuerdert „Gläichberechtegung“ zougestane ginn, esou den allgemenge Kredo. Et muss sech dann awer nach beweisen, op dat latäinamerikanescht Land elo méi gerecht ginn ass. Widderstand ass nach do…

mat indymedia/sfo

Ähnlech Sujeten Ecuador, gläichgeschlechtlecht Bestietnes, Homosexualitéit, LGBTI
Nächsten Artikel Virrechten Artikel