Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Flashmob op zwee Rieder: Méi Respekt a Sécherheet fir d’Cyclisten!
https://moien.lu/singapore-dating-apps/

Flashmob op zwee Rieder: Méi Respekt a Sécherheet fir d’Cyclisten!

Haut de Moien huet den éischte vun bis ewell dräi

adam ruins dating
https://moien.lu/singapore-dating-apps/

harrisburg speed dating

D‘Zentralregierung vu Madrid wollt den demokratesche Prozess mat Knëppelen an

déi lénk si prett fir den Oktober
https://moien.lu/singapore-dating-apps/

déi lénk si prett fir den Oktober

De 14. Oktober si Wahlen, an no an no stellt

Australier fir d‘gläichgeschlechtlecht Bestietnis

Australier fir d‘gläichgeschlechtlecht Bestietnis

Laut den offizielle Resultater vun enger postalescher Consultatioun, hunn d‘Australier sech massiv fir d‘Bestietnis vun homosexuelle Koppelen ausgeschwat. Domatter kann och d‘Politik sech net méi daf stellen an et muss zu engem Debat iwwert déi erhoffte Legislatioun kommen.

Gutt 62% vun den 12,7 Millioune Leit déi un dëser Bréifwahl deelgeholl hunn– eng Prozedur déi an Australien seelen ugewannt gëtt, awer dem Wieler erméiglecht op fräiwëlleger Basis zu engem bestëmmte Sujet Positioun ze ergräifen – hunn sech fir d‘Bestietnis vu gläichgeschlechtleche Koppelen ausgedréckt.

Dat huet esou de Bureau fir Statistik, am Kader vun enger Pressekonferenz, zu Canberra matgedeelt. Nee soten 38%. Fir de Chef vum Bureau fir Statistik, David Kalish, hu ronn 80% vun de Wieler an Australien un dëser Consultatioun deel geholl. D‘Consultatioun huet zwee Méint gedauert.

Elo ass et zumindest emol däitlech, datt d‘Bierger vun Australien fir d‘Bestietnis vun Homosexuelle sinn. Esou ass et dann och fir vill Leit bedauerlech, datt ee säit zéng Joer an dëser Fro keng Fortschrëtt erziilt huet. De Problem ass awer och an Australien, haaptsächlech politescher Natur. D‘Volleksvertrieder ginn sech net eens iwwert d‘Manéier „dat“ an e Gesetz ze paken.

Keng Asiicht am Senat

Deem kann anscheinend nach net emol de Premierminister Malcom Turnbull eppes entgéint setzen. Dobäi huet de konservative Politiker versprach e Volleksbegier ze organiséieren. Hei muss ee wiele goen, och wann d‘Resultat net verflichtend ass. Bis ewell huet de Senat dëse Virschlag zweemol erfollegräich verhënnert, firwat en och an de Medie wéineg luef kritt huet.

Well de Senat also alles dru setzt de Projet ze verhënneren, huet de Regierungschef ugangs August ugekënnegt, déi postalesch Consultatioun op de Wee ze bréngen. Hien hat dann och däitlech gemaach, datt sollt de „Jo“ sech duerchsetzen, de Sujet am Parlament misst debattéiert an zur Ofstëmmung bruecht ginn.

Gläich no bekannt gi vun de Resultater, hunn sech dausende Mënschen, déi sech fir e gläichgeschlechtlecht Bestietnes ausgeschwat hunn, an alle gréissere Stied zesummefonnt a Geféiert. „Dat seet alles aus“, esou de Chris zu Sydney ënner Tréinen. Hien dee säi Liewenspartner Victor léiwer haut wéi muer bestuede wéilt, hofft datt et elo och am Parlament gutt ausgeet.

mat AFP

Foto: Um 15. November sinn d‘Supporter vum „Jo“ fir d‘Bestietnis vun homosexuelle Koppelen sech an engem Park zu Sydney an d‘Äerm gefall. Eng grouss Majoritéit vun Australier hunn sech an enger Consultatioun dofir ausgeschwat. © William West/AFP

Ähnlech Sujeten Australien, Bestietnis, Homosexualitéit, LGBT, Malcolm Turnbull
Nächsten Artikel Virrechten Artikel