Macron schonn am éischten Tour bestätegt
Ee Mount no sengem Anzuch an den Elysée, ass den
Ee Mount no sengem Anzuch an den Elysée, ass den
En Dënschdeg hunn déi Lëtzebuergesch Netregierungsorganisatiounen ASTM, Greenpeace, Mouvement Ecologique
Wéi et aus dem Nohaltegkeetsministère heescht, ass ee sech de
Groussbritannien huet um Freidegmoien op e neits mussen en Attentat erdroen. Schonn de fënneften Uschlag an dësem Joer an kloer vum Islamesche Staat revendiquéiert. No méigleche Bedeelegte gëtt intensiv gesicht.
Et war 8.20 Auer wéi an der Metro-Statioun vu Parsons Green, beim hannerlëschtegen Ugrëff an engem Waggon 29 Leit blesséiert goufen. Eng Situatioun déi vun den Autoritéiten als „Gléck am Ongléck“ bezeechent gëtt, hatt de Sprengkierper dach awer d’Pretentioun Mënschen ëmzebréngen.
De Charlie Craven, ee vun de ville Pendler déi moies op dëser Plaz de Metro notze fir op d’Schaff ze kommen, huet der AFP gesot: „Et hat fierchterlech geknuppt. Mir huelen all Dag hei de Metro (…) kee vun eis hätt jeemools geduecht, datt esou eppes hei kéint virkommen“.
Op Twitter huet de Peter Crowley eng Foto gepost, op där seng verbrannte Stir ze gesinn ass. Hien hat ausgesot eng enorm Feierbull gesinn ze hunn. „D’leit sinn een iwwert deen anere gefall“, erzielt d’Sally Fulding, eng Enseignante vun 51 Joer.
D’Ëmgéigend vun der Metro-Statioun war um Freideg wäitraimeg evakuéiert ginn an d’Experte vun der Police hunn, direkt nodeems d’Affer vun dëser grujeleger Dot vun de Rettungsdéngschter a Sécherheet bruecht gi waren, hir Aarbecht opgeholl. Um Samschdeg ass dann och nach intensiv no weidere méiglechen Täter gesicht ginn.
„Mir sichen no Verdächtegen“ huet nach um Freideg Owend de Kommandant vun Antiterroreenheet vun der Police, Mark Rowley, matgedeelt. „D’Enquête mécht gutt Fortschrëtter“, huet hie verséchert. „Iergendeen huet de Sprengkierper am Metro deponéiert. Mir mussen zu dësem Zäitpunkt virun A halen, datt deen ee vun de potenzielle Komplizen ass“.
De Buergermeeschter vu London, Sadiq Khan, hat nach um Virmëtteg déi hannerlëschteg Dot veuerteelt: „Et sinn onmënschlech Individuen déi den Terror benotze fir eis ze beréieren an eis Liewensweis ze zerstéieren“. Um Owend, op „LBC-Radio“ huet de Buergermeeschter dann och drop higewisen, datt „eng Mënschejuegt am gaange wier“, fir d’Täter ze ergräifen.
D’Attentat ass dann och schnell vum Islamesche Staat revendiquéiert ginn. De Mark Rowley, dee bestätegt huet, datt d’Reschter vum Sprengkierper ënnersicht ginn. Laut britesche Medien, hätt ee grousst Gléck gehat, well den Zäitzünder net funktionéiert hätt.
Um Freidegowend huet d’Premierministesch Theresa May erkläert, datt den Niveau vun der Alerte vun „héich“ op „kritesch“ gehuewe ginn ass. Dat bedeit iwwersat, dat sech nach weider Uschléi erwaart ginn. Et ass zudeem de Niveau deen nom Attentat vu Manchester ausgeruff gi war.
De Kommandant vun der Antiterroreenheet huet preziséiert, datt am ganzen 1.000 zousätzlech Polizisten als Verstäerkung an d’Haaptstad verluecht solle ginn. Nom éischte Bilan vun de Rettungsdéngschter war ze héieren, datt déi 29 Blesséierter all am Spidol behandelt gi sinn. De Mark Rowley confirméiert, datt keen eeschthaft verletzt ginn ass.
Groussbritannien huet an de leschte Méint eng ganz Serie un Uschléi misse verquëssen. Dat am Kontext vun enger erhéichter Aktivitéit säitens den dschihadisteschen Terroristen. Während den Islamesche Staat a Syrien an am Irak deeglech un Terrain verléiert, verbreeden seng Unhänger uechtert d’Welt weider Angscht a Schrecken.
Mam Edouard Guihaire an Alexandra Del Peral/AFP
Foto: De ganze Freideg iwwer waren d’Experte vun der Police domatter beschäftegt Spueren ze sécheren. D’Bomm huet, och wann se hiert Zil net verpasst huet, zum Gléck d’Leit „nëmme“ liicht verletzt. (© Daniel Leal Olivas/AFP)