Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cool
Stad Lëtzebuerg: Froen a Motiounen zur Schoulorganisatioun
Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: Froen a Motiounen zur Schoulorganisatioun

Nodeems leschte Mëttwoch, d‘Schoulschäffin Colette Maart (DP) säi Rapport zu

coollove
Budapest: Cargolux als beschte Loftfrachtgesellschaft ausgezeechent
Neiegkeeten

Budapest: Cargolux als beschte Loftfrachtgesellschaft ausgezeechent

Virun ee puer Deeg ass d‘Cargolux vun den Autoritéite vum

money
Cargolux verstäerkt seng Präsenz an Afrika
Neiegkeeten

Cargolux verstäerkt seng Präsenz an Afrika

Um Méindeg huet d‘Cargolux bekannt ginn, datt si ab September

Glécksspill an de Bistroen: d‘Brigange kruten den Dicks gebéit

Glécksspill an de Bistroen: d‘Brigange kruten den Dicks gebéit

An éischter Linn e „portugisesche Fait divers“ huet och Lëtzebuerg, am Kader vun enger grousser Operatioun géint Bandekriminalitéit a Portugal, eng Roll gespillt. Am Fokus vun den hei ronn 650 Polizisten, déi fir dësen Asaz opgewannt goufen: Glécksspillautomaten.

Laut der portugisescher Dageszeitung „Diário de Notícias“ huet et sech hei ëm en internationaalt Netzwierk gehandelt, dat seng Glécksspillautomaten uechtert d‘Welt opgestallt hat. Esou an der Belsch, Brasilien, Frankräich, Lëtzebuerg mee och an der Schwäiz. Fir d‘Koordinatioun vun der Operatioun sinn Europol am Eurojust als Verstäerkung derzou geholl ginn.

Dës Glécksspillautomaten – vergläichbar mat engem Eenäermege-Bandit – wieren alleguerte mat enger illegaler virtueller Plattform verbonne gewiescht. D‘Suen déi liichtfankeg Clienten an dës Apparater gestach hunn, sinn zu engem groussen Deel a Richtung Portugal gefloss. De Cafetier huet natierlech och e Stéck vum Kuch ofkritt. Fir dës Band ass et elo awer emol gedoen.

Am Portugal sinn esou 20 Leit vun der Police verhaft ginn, zu Lëtzebuerg soll och eng Persoun vun den Autoritéite festgesat gi sinn. De System u sech war Banal, an et ass sech och net wierklech „verstoppt“ ginn. De Client huet gespillt, krut – wann en dann emol gewonnen hat – en Ticket vun der Maschinn, a de Cafetier (oder en Employé) huet de Gewënner Cash ausbezuelt.

Digitale Banditismus

Do wou dës Praxis opgeflunn ass, dierft et – zumindest eng Zäit laang – mat dësem „Gespills“ en Enn hunn. Iwwer Méint hunn d‘Enquêteure honnerte Brigangen iwwerwaacht, déi den Accès zu der illegaler Plattform „verkaf“ hunn. Heibäi ass et iwwert dat klassescht Glécksspill erausgaangen, et gouf den Interessenten och Sportswetten ugebueden, natierlech zu 100% illegal.

Laut dem Parquet vu Lëtzebuerg, wier déi Persoun déi hei zu Lëtzebuerg verhaft ginn ass 44 Joer al. Op Ufro vun de portugiseschen Autoritéiten, ass de verdächtege Mann eng Untersuchungsriichter virgefouert ginn, deen de Mann op Schraasseg iwwerwisen huet. Do waart de Mann elo op seng Extraditioun. Am ganze solle sechs Wunnengen zu Lëtzebuerg duerchsicht gi sinn.

No enger Rei Perquisitiounen, wier et de Poliziste a Portugal gelongen d‘Hand op dës Internetséile mat „speziellem Uschloss“ ze leeën. Si hunn eng gutt Affär gemaach: 320.000 Euro Boergeld, 49 Gefierer, 339 Computer an Tabletten, véier Server, esou wei zéng Waffen an déi dozou passend Munitioun, si bei der Aktioun beschlagnahmt ginn.

mam Emilia dos Santos, Porto

Ähnlech Sujeten Bistro, Eurojustm, Europol, Glécksspill, Lëtzebuerg, Portugal, Schraasseg, Sportswetten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel