Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
EU-Steierpolitik: e Beschloss gefaasst
Kultur https://moien.lu/astrology-signs-dating-compatibility/ 3 months of dating reddit

https://moien.lu/speed-dating-moderator/

En Dënschdeg de 15. Januar huet d‘EU-Kommissioun zu Stroossbuerg den

Chantier op der A7 – Echangeur Luerenzweiler a Schëndels
Kultur https://moien.lu/astrology-signs-dating-compatibility/ 3 months of dating reddit

Chantier op der A7 – Echangeur Luerenzweiler a Schëndels

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt de Stroossebelag op der Autobunn A7

What the Fakt – Esou geet musikalesch Revolutioun!
Kultur https://moien.lu/astrology-signs-dating-compatibility/ 3 months of dating reddit

What the Fakt – Esou geet musikalesch Revolutioun!

Theobald Böhm – een Numm, deen de Wéinegste bekannt wäert

surprise

GLOW ass frësch, speziell a staark

Eng weider staark Serie op Netflix

GLOW ass frësch, speziell a staark

Gorgeous Ladies of Wrestling. Dofir steet GLOW. Den Numm ass Programm: Net nëmmen sinn d’Fraen, déi hei gewise ginn, schéin, mee si si staark, beandrockend an intelligent. A si sinn d’Stare vun dëser Serie, déi a villerlee Hisiicht erfrëschend ass.

D’Ruth Wilder ass eng Actrice mat engem typesche Problem: Et kritt einfach keng uerdentlech Rollen. Dat läit och un de Rollen, déi se éischter an d’Klischeeën vun der Hausfrah oder der ënnerwürfecher Fra an der Nieweroll wëllen erandrécken. Do ass et da gënschteg, datt se eng Roll bei GLOW ugebuede kritt. Engem Wrestling-Format, wou „onkonventionell“ Frae méi wéi wëllkomm sinn. Niewent de villen eenzegaartegen a diverse Fraen ass leider och eng ehemoleg Frëndin vun hir. Ehemoleg, well d’Ruth mat hirem Mann geschlof huet. Mee grad dëse Konflikt sollt sech als e Benefice am Wrestling entpuppen, wou Theatralik eng wichteg Roll spillt.

GLOW

E gudde Stammbam

Et ass en ontypesche Plot a Setting, deen d’Produzenten, déi sech scho mat Orange is the new Black etabléiert hunn, hei erausgesicht hunn. Een, deen op mannst deelweis sech un der reeller 80er Serie GLOW orientéiert. Des éischt Staffel konzentréiert sech dann dorobber, ze erzielen, wéi déi aller éischt Episod zu Stand kënnt. Dobäi hëlt sech all Episod vun 30 Minutten wierklech Zäit fir seng Figuren, an dovunner profitéiert déi ganz Serie enorm. Och wann net all Figur sou wäit ausgebaut gëtt wéi d’Ruth, d’Debbie oder d’Cherry, kritt een dach e Gefill fir si.

Dat läit och dorunner, datt se deels aus Klischeeën bestinn. Wat kloer an der Serie thematiséiert gëtt, sinn hir Wrestling-Alter-Egoen och net méi wéi Stereotyppen. Nach derbäi deels zimlech problematescher. Mee et gëtt zum Gléck och gutt de Geck mat deene Stereotyppen gemaach, wou wéinst et halbwegs vertrietbar ass.

Natierlech wier d’Serie näischt ouni hir Schauspiller wäert. Hei gëtt sech GLOW keng Bléis: D’Alison Brie ass als Ruth en absolute Glécksgrëff. D’Actrice weess gläichzäiteg, eng eescht Figur ze spillen an d’Momenter, wou et over the top ass, perfekt eriwwer ze bréngen. Hei beweist se hiert d’komödiantescht Potenzial, wat se och scho bei der Serie Community gewisen huet. Och de Rescht vum Cast ass exzellent gewielt a liwweren hei staark Performancen.

Da wieren do nach d’Klengegkeete, wéi beispillsweis de stilistesch sécher gewieltenen 80er Joren Soundtrack. Deen ass net iwwerméisseg opdränglech, tatsächlech fällt positiv op, wéi wéineg hei op 80er Referenze gesat gëtt. Et ass kee bëllegen Nostalgie-Trip, mee weess och mat der Period ze spillen. Dowéinst däerf een sech ënnert dem Stréch op eng zweet Staffel freeën, déi sécherlech deemnächst annoncéiert gëtt.

GLOW ass exklusiv op Netflix ze gesinn

Fotoen: Erica Parise/Netflix

Ähnlech Sujeten Entertainment, GLOW, Kultur, Netflix, TV
Nächsten Artikel Virrechten Artikel