Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Los Colinas 4514: E Lëtzebuerger mat kubaneschem Akzent
onion dating site

Los Colinas 4514: E Lëtzebuerger mat kubaneschem Akzent

Mam Los Colinas vu La Punta, gëtt et op dësem

find love asian dating
onion dating site

list of dating shows 2017

An der leschter vum STATEC verëffentlechter Etüd geet ervir, datt

13 nei Petitiounen – Kuckt emol ob do näischt fir iech derbäi ass
onion dating site

13 nei Petitiounen – Kuckt emol ob do näischt fir iech derbäi ass

Installatioun vu Solarzellen op den Halen vun der Industrie (1323)

Glow-Up – Wéi al Behälter zum Liichte bruecht ginn!

Glow-Up – Wéi al Behälter zum Liichte bruecht ginn!

Eng weider kreativ Iddi kënnt aus dem Lycée Michel Lucius! Mat der Mini-Entreprise „Glow-Up!“ loossen 8 Schüler aus alen, ongenotzte Géigestänn, a Kombinatioun mat immenser Originalitéit an eemolegen Afäll, genial Käerzen entstoen!

Ziel ass et, alle Leit dobaussen ze weisen, datt een all Objet „an een neit Liicht“ setze kann, andeems beispillsweis futtis gliese Bieren, al Amaachglieser oder aner divers Behälter mat biologeschem Wuess oder Ueleg gefëllt ginn, bis datt eng kënschtleresch an ausgefale Käerz entsteet. Ob als Cadeau oder fir den Eegebedarf, esou schenkt ee sécherlech all Doheem ee richtege Bléckfang.

glow-up

Gesäit dat net richteg kreativ aus? © Glow-Up

Souwuel den hëlzene Support, op deenen d’Käerze stinn, sou wéi d’Metallkäpp, mat deene verschidde Modeller zougemaach sinn, bestinn natierlech aus recycléiertem Material. An ee weideren immens positiven Aspekt sollt een op kee Fall vergiessen: Een Deel vum Erléis geet direkt un d’Déierenasyl, wouduerch een also net nëmmen sech selwer, mee och zuelräiche Muppen a Katzen eng richteg Freed mëscht!

Op gliese Bier oder Amaachglas, alles eegent sech fir d’Käerzen! © Glow-Up

Wa bei Iech elo den Interessi erwächt ass, da sollt Dir Iech onbedéngt op Facebook an Instagram Glow-Up ukucken. Op dëse Säite ginn och déi nächst Rendez-vousen uginn, wou dir op verschidde Verkafsplazen déi originell Käerze kafe kënnt.

Ähnlech Sujeten Glow-Up!, Käerzen, Kreativitéit, Mini-Entreprise
Nächsten Artikel Virrechten Artikel