Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Eng traureg Séil mat vill Sensibilitéit an Humor!
100 free german dating site lee from celebs go dating full name

bachelorette emily dating history

Bekannt als US-amerikanesche Schauspiller konnt de Robin Williams virun allem

https://moien.lu/polyamory-free-dating-site/
100 free german dating site lee from celebs go dating full name

D‘CSV huet en neie President an der Persoun vum Frank Engel

Zwee Kandidaten, ee Mandat. Dat war et wat beim CSV-Kongress

Kultursall Steesel: Alles Féik…oder wat?
100 free german dating site lee from celebs go dating full name

Kultursall Steesel: Alles Féik…oder wat?

Si sinn erfollegräich, hu Witz an och soss eng drop.

De schwaache Versuch zum Glyphosat e Kompromëss ze fannen

De schwaache Versuch zum Glyphosat e Kompromëss ze fannen

Et ass vun der EU-Kommissioun alles dru gesat ginn, d’Notzung vum Glyphosat och weider ze erlaben. Erauskomm ass: eng Begrenzung vu fënnef bis siwe Joer. Domatter ass den erhoffte Verbuet fir ee problematescht Onkrautgëft vum Dësch.

Déi europäesch Exekutive wëll awer eng kloer Entscheedung vun de Memberlänner erbäiféieren. Dat soll bei enger Ofstëmmung innerhalb engem Comité vun Experte geschéien. D’Experten allerdéngs gesi sinn sech eréischt zu Bréissel am Dezember an hannert verschlossen Dieren. Et fänkt dann elo och esou lues un ze „presséieren“, d’Lizenz vum Glyphosat leeft am Dezember aus.

A während d’EU-Kommissioun selwer bis elo virgeschloen hat d’Geneemegung fir zéng Joer ze erneieren, huet se en Dënschdeg entscheet, dem eegene Mandataire innerhalb dem Comité vun Experten eng „Marge“ ze ginn.

„Mir wëllen, datt all Entscheedung déi getraff gëtt, ronderëm enger gréisstméiglecher Majoritéit vun eise Memberlänner geholl gëtt“, versicht d’Spriecherin vun der EU-Kommissioun, d’Margaritis Schinas, ze erklären. Mee Frankräich, Italien an Éisträich hunn ëffentlech ugekënnegt sech géint eng Autorisatioun fir zéng Joer stellen. Woubäi Paräis just eng méi kuerz Lafzäit verlaangt.

A mat der Ofstëmmung gëtt et dann och net einfach. Do brauch et eng qualifizéiert Majoritéit (55% vun de Memberlänner, mee och 65% vun der Bevëlkerung) fir d’Propose vun der EU-Kommissioun unzehuelen oder ze refuséieren. Ouni déi demographesch „Risen“ ass et also net ze maachen.

Eigentlech ass ee jo dogéint

D’Geschicht vun der Erneierung vun der Lizenz fir de Glyphosat dauert elo schonn iwwer zwee Joer. A well d’EU-Kommissioun sech doriwwer iergert, datt d’Memberlänner sech stänneg verfuussen, widderhëlt sech onermiddlech säit dem Summer, datt d’Entscheedung eng Saach vu gedeelter Verantwortung muss sinn.

Aus eng technescher Diskussioun ënnert Spezialiste fir Planzeschutzmëttel, ass de Glyphosat e politesche „Problem“ ginn. ONGen, u viischter Front Greenpeace, féiere säit Méint zu Bréissel eng intensiv Campagne géint de Glyphosat. Eng paneuropäesch Petitioun hat 1,3 Milliounen Ënnerschrëften erhalen. Dat ass een vun de gréissten Erfolleger fir dësen Typ vu Biergerinitiative an der EU.

Um Dënschdeg war et dann och d’EU-Parlament dat vun der EU-Kommissioun verlaangt huet säi Standpunkt ze iwwerdenken. En Avis dee wuel net verflichtend ass, mee d’Entscheedung vun der EU-Kommissioun ass dann och eréischt ee puer Stonne méi spéit gefall.

A méi fir wéi nëmmen eng Lizenz-Erneierung déi zäitlech begrenzt ass, hunn sech d’EU-Deputéiert zu enger grousser Majoritéit fir e progressive Verbuet vum Glyphosat an der EU, bis 2022, ausgeschwat. „E staarkt Signal un d’national Regierungen“, esou d’Sozialisten Eric Andrieu a Marc Tarabella.

Dem Problem aus de Féiss goen

„Dat wat wichteg ass, ass d’Quantitéit vu Glyphosat déi agesat a wéi et agesat gëtt, net d’Dauer vun der Lizenz. D’EU-Parlament an d’Europäer wëllen e Verbuet, net e Manöver vir dem Problem aus de Féiss ze goen, wat näischt un der Situatioun ännert“ zu laaschte vun der Bevëlkerung an der Ëmwelt, bedauert d’Franziska Achtenberg vu Greenpeace.

An den Text vum EU-Parlament bezitt sech op notamment op d’Etüd vum internationalen Zentrum fir Kriibsfuerschung, en Organ vum Weltgesondheetsorganisatioun (WHO). Déi hunn d’Substanz 2015 als „méiglecherweis Kriibserreegend“ agestuuft. Dat gesinn dann déi europäesch Agencen d’EFSA (European Food Safety Agency) an d’ECHA (European Chemical Health Agency) anescht.

D’EU-Deputéiert hunn an hirer Resolutioun dann och dozou opgeruff, de Landwirt ze hëllefe fir eng Alternativ zum Glyphosat ze fannen. Net einfach, wann ee bedenkt, datt de Glyphosat dat meescht gebrauchten Onkrautgëft an der EU ass, datt wéinst senger Wierkung an de gerénge Käschte beléift ass.

Esou huet dann och de gréisste Bauereverband Copa-Cogeca seng Enttäuschung net verstoppt. „Et gëtt de Leit dat falscht Signal zu de Sécherheet vun dësem gutt bekannten Onkrautgëft“, esou de Generalsekretär, Pekka Pesonen, deen sech wéi d’EU-Kommissioun op den Avis vun der EFSA stëtzt.

Dem Parlament net geheier

D’EU-Parlament huet dann och ëfters erkläert, datt aner national regulatoresch Autoritéiten an déi selwecht Richtung tendéieren. Esou de Comité vun der „Food and Agriculture Organization“ (FAO) vun de Vereenten Natiounen an d’Weltgesondheetsorganisatioun.

Eng Entscheedung déi der ECPA (Verband vun der Pestiziden-Industrie) esou ricgteg géint de Stréch geet. Hire Spriecher, den Graeme Taylor, gesäit de Vote vum EU-Parlament als „Feindschaft géint d’Industrie an, wat méi bedréckend ass, géint d’Wëssenschaft“.

D’EU-Deputéiert hirersäits sinn der Meenung, datt déi sëllechen E-Mails an intern Dokumenter vu Monsanto – déi an den USA vu Kriibs-Affer viru Geriicht geholl gëtt – berechtegt Zweiwel iwwer d’Glafwierdegkeet vu wëssenschaftleche Studien ervirgeruff huet. Vill vun de „Publikatiounen“ vu Monsanto selwer a bezuelten Etüden, si „Gëft“ fir d’Vertrauen.

mam Marine Laouchez/AFP

Ähnlech Sujeten Ëmwelt, EU-Kommissioun, EU-Parlament, Glyphosat, Monsanto
Nächsten Artikel Virrechten Artikel