Search

You may also like

De Jean Asselborn bei der Reunioun vun den Europaministeren zu Bukarest
International Neiegkeeten

De Jean Asselborn bei der Reunioun vun den Europaministeren zu Bukarest

De Lëtzebuerger Aussen- an Europaminister Jean Asselborn huet Ufanks der

Syrien: déi tierkesch Arméi zu Afrine, de Baschar al-Assad an der Ghuta
International Neiegkeeten

Syrien: déi tierkesch Arméi zu Afrine, de Baschar al-Assad an der Ghuta

Déi tierkesch Arméi huet Afrine eruewert an eng Kurdemiliz verdriwwen.

Russland-Affär: Keng Beweiser?
International Neiegkeeten

Russland-Affär: Keng Beweiser?

Et war eng laangwiereg a komplex Enquête, déi dem Sonnerermëttler

De Virreider an der EU: Glyphosat-Verbuet zu Lëtzebuerg

De Virreider an der EU: Glyphosat-Verbuet zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg wäert wuel dat éischt Land an der Europäescher Unioun ginn, dat ee Verbuet fir d’Notzung vu Substanze mat Glyphosat ausschwätzt. De Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung setzt esou d’Pläng vum Koalitiounsaccord 2018-2023 ëm.

All concernéiert Acteuren – dozou gehéiere Baueren, Wäibaueren, Gäertner, wéi och all aner Persoune mat enger Autorisatioun – dierfe mam Verbuet bis spéitstens den 31. Dezember 2020 keng phytopharmazeutesch Produiten op Basis vu Glyphosat méi notzen. De Prozess vum Verbuet gesäit fir, datt ab dem 1. Februar 2020 d’Autorisatiounen zur Notzung vun de Substanze mat Glyphosat entzu ginn. Bis den 30. Juni 2020 mussen d’Geschäfter hir Stocken eidel maachen, bis schliisslech um leschte Joresdag de finalen Delai zu Notzung vum Pestizid vu Professionellen a Privatleit ugekënnegt ass.

Glyphosat

Lëtzebuerg – De Pionéier vun der EU?

D’Decisioun vun der Lëtzebuerger Regierung gesäit kloer vir, datt ab dem 1 Januar 2021 déi Glyphosat-aktiv Substanzen national net méi genotzt dierfe ginn. An den Ae vum Minister Romain Schneider ass dëse Schrëtt noutwenneg, fir och aner Länner vun der Europäescher Unioun ze motivéieren.

Wien handelt gëtt belount: Landwirten, déi fir d’Saison 2019/2020 op d’Notzung vu phytopharmazeutesche Produiten op Basis vu Glyphosat verzichten, ginn duerch eng Primm entschiedegt. Respektéiert een d’Konditiounen, esou gi beim Akerland 30 € pro Hektar Land bezuelt, beim Wäibau sinn et 50 € pro Hektar Land a beim Uebstbau gi ganzer 100 € pro Hektar Land bezuelt.

An dësem Kontext begréisst de Minister den Engagement vun de Baueren. Bis haut hunn 592 vun 1.005 Landwirten hir Participatioun op fräiwëlleger Basis um Programm bestätegt. Dobäi huet hien nach emol ervir gehuewen, datt d’Wäibaueren, déi komplett op Herbizide verzichten, mat 500 bis 550 € pro Hektar Land belount ginn.

Glyphosat

De Problem vum Glyphosat

Um weltwäiten Niveau ass Glyphosat de meescht genotzten Herbizid. Dobäi ass d’Produktioun tëscht 1992 an 2014 vu 50.000 op 825.000 Tonne geklommen. A mat dësem staarke Wuesstem ass och den Hiersteller Monsanto, deen d’Mëttel beispillsweis ënnert dem Numm Roundup erausbruecht huet, fir d’Landwirtschaft zu engem bedeitende Partner ginn.

Nodeems déi international Agentur fir Kriibsfuerschung (IARC), ënnert dem Schierm vun der WHO, de Pestizid als wahrscheinlech kriibserreegend agestuuft huet, hunn zuelräich Kritiker an Ëmweltschützer d’Geleeënheet ergraff a maachen d’Mëttel fir laangfristeg Konsequenze fir d’Ëmwelt an de Mënsch verantwortlech. Allerdéngs ginn et genau esou vill Etüden, déi Glyphosat net als Kriibsgefor fir de Mënsch astufen.

Grond fir dës widderspréchlech Resultater sinn déi verschidde Methoden an Ziler vun den Etüden. D’IARC huet nämlech generell ënnersicht, op d’Stoffer toxesch sinn. Hiert Conclusioun, datt Glyphosat wahrscheinlech kriibserreegend wier, bedeit datt d’Gefor méiglech ass. An der selwechter Kategorie sinn iwwregens och ënnert anerem de Konsum vu roudem Fleesch a waarmt Gedrénks dran. D’Agentur huet bei hiren Ënnersichungen allerdéngs net déi tatsächlech Dosis, mat där ee Mënsch a Kontakt kënnt, ënnersicht.

Zur selwechter Zäit ënnersicht dat däitscht Bundesinstitut fir Risikobewäertung (BfR), ab wéini d’Gesondheet vum Mënsch wierklech a Gefor ass. Iwwer 1000 wëssenschaftlech Etüde goufen analyséiert a verglach. Si zéien d’Conclusioun, datt Glyphosat fir de Mënsch net kriibserreegend ass, sou laang de Stoff iwwert d’Iessen opgeholl gëtt, wëll d’Konzentratioun einfach ze geréng ass. Dobäi ënnersträichen si awer och däitlech, datt kriibserreegend Effekter oft duerch Wiesselwierkungen tëscht méi Stoffer entstinn. Dofir kéinte bei den Herbiziden och aner Inhaltsstoffer, respektiv d’Kombinatioun aus e puer Stoffer, gesondheetsschiedlech sinn. Heivir bräicht een awer nach méi Etüden.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Marc Weyland, Direkter vun der ASTA; Jacques Engel; Chargée vun der Etüd vun de phytosantiäre Produite bei der ASTA; Romain Schneider, Minister fir Landwirtsc, Wäibau a ländlech Entwécklung; Serge Fischer, Chargée vun der Etüd beim IVV © Landwirtschaftsministère

Related topics ASTA, Entschiedegung, Europäesch Unioun, Gäertner, Glyphosat, Institut Viti-Vinicole, Landwirtschaft, Lëtzebuerg, Pestizid, Pionéier, Primm, Romain Schneider, Verbuet, Wäibau
Next post Previous post