Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Ofstëmmung iwwert de Budget gëtt net verluecht
online dating sites for older professionals

D‘Ofstëmmung iwwert de Budget gëtt net verluecht

D‘Annonce vun der Staatstrauer, nom Dout vum Groussherzog Jean, soll

https://moien.lu/esea-cs-go-matchmaking/
online dating sites for older professionals

pes 2018 matchmaking settings

Wéi Greenpeace-Letzebuerg um Donneschdeg matdeelt, huet d’Lëtzebuerger Parlament um 1.

Katalanescht Parlament fuerdert Ofschafe vun der Monarchie
online dating sites for older professionals

Katalanescht Parlament fuerdert Ofschafe vun der Monarchie

Nom scheitere vun den Onofhängegkeetsbestriewungen, war et eppes méi roueg

Asaz vum Glyphosat verlängert vun der EU: ee Skandal, zwou Meenungen

Asaz vum Glyphosat verlängert vun der EU: ee Skandal, zwou Meenungen

Datt d‘Entscheedung zu Bréissel, d‘Zouloossung vum Herbizid Glyphosat ze verlängeren, och bei eis zu Lëtzebuerg fir en politesch Diskussioun géif suergen, datt hätt ee gäre wëllen unhuelen. Mat vill Gedold hu mir op d‘Reaktioune gewaart, zwou Parteien haten dann um Enn och eng Meenung.

Als Regierungspartei, duerft een dovunner ausgoen, datt déi Gréng sech voll a ganz hannert de Nee vum Landwirtschaftsminister Fernand Etgen (DP) stellen. Interessant dann hir Feststellung, datt de „Problem“ vun däitscher Säit aus entstanen ass. Wéi een haut weess, ass et dann och richteg, datt de CSU-Landwirtschaftsminister Christian Schmidt, entgéint der Uweisung vu Berlin sech gefällegst ze enthalen, op eege Fauscht fir Däitschland an esou fir Europa „zougestëmmt“ huet.

Déi Gréng gesinn, esou de Communiqué, de 27. November 2017 als ee ganz „schwaarzen Dag fir d‘EU, d‘Ëmwelt, d‘Baueren an d‘Konsumenten“. Si hunn dann och wéineg Versteesdemech fir d‘Entscheedung vun der EU-Kommissioun, déi sech géint d‘Positioun vum EU-Parlament gestallt huet an hei ganz kloer Wirtschaftsinteressen iwwert Biergerinteresse gestallt huet.

Et gëtt awer, zumindest fir déi Länner wou et wëllen, d‘Méiglechkeet, dat vun der WHO als „geféierlech“ agestuuft Herbizid ze verbidden, an der Aart wéi et och vu Frankräich wäert ëmgesat ginn. „Mir sinn engem europäesch Verbuet ganz no komm“, esou de Parteipresident Christian Kmiotek, „mee leider huet sech déi mächteg Agrarlobby ronderëm Monsanto op e neits duerchgesat. Mir mussen elo déi noutwenneg Schrëtter ënnerhuelen, dir dat geféierlecht Pestizid schnellst méiglech zu Lëtzebuerg ze verbidden“.

Eng Ausso, déi dann och dem gréngen EU-Deputéierte Claude Thurmes säi Message ënnersträicht, deen hien direkt nom Vote op Facebook verëffentlecht huet. Hien huet de Bierger hei am Land geroden de Kapp net hänken ze loossen, an sech dofir anzesetzen, de Glyphosat zu Lëtzebuerg ze verbidden.

Déi lénk vun der Regierung net esou iwwerzeegt

Aus der Oppositioun dann och just d‘Positioun vun déi lénk. Si erënneren dann och drun, datt sech déi Lëtzebuerger Regierung bei fréieren Ofstëmmungen ëmmer enthalen huet. Begréissen awer dem Landwirtschaftsminister säi „Nee“, och wann et hinne wichteg ass, e Punkt ze maachen.

Esou aus dem Communiqué: „… dat begréissenswäert Ëmschwenken net doriwwer eraus täuschen dierf, datt d‘Agrarpolitik vun dëser, wéi vun der Virgänger-Regierung keng Weichestellunge virgeholl huet, fir de Schutz vun der Aartevillfalt an der Entstehung vun enger ökologescher Landwirtschaft ënnerholl huet“.

Fir déi lénk ass de „Glyphosat“ dann och nëmmen eent vun de ville Mëttel, déi hiert Onwiesen op de Felder dreiwen. Si betounen dann och, „datt honnerte weider potenziell geféierlech Planzeschutzmëttel an der EU zougelooss sinn, an d‘Landwirtschaft zum groussen Deel um Asaz vun dëse Mëttel berout“.

An hei hätten déi lénk gäre vun der Regierung, datt sech méi agesat soll ginn. „Si verfüügt nämlech iwwert d‘Méiglechkeet d‘Verbreedung vu Planzeschutzmëttel (och vu Glyphosat) anzedämmen“. Do wier et dann ze bedaueren, datt d‘Regierung virun engem Joer d‘Geleeënheet verpasst hätt, déi lëtzebuergesch Landwirtschaft a méi ökologesch Bunnen ze leeden“.

Mam Agrargesetz dem ländlechen Entwécklungsplang, géifen net déi kleng an nohalteg Betriber gestëtzt. Villméi kéim et zu enger gréisserer Konzentratioun vun de Betriber an enger Intensivéierung vun der Landwirtschaft. Eng Entwécklung, déi net am Aklang wier, mat engem verantwortlechen Ëmgang vu Planzeschutzmëttel.

Ähnlech Sujeten déi gréng, déi lénk, EU, Glyphosat, Landwirtschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel