Haut ass den Internationalen Dag vun de Mënsche mat Behënnerungen
Dësen, vun de Vereenten Natiounen ausgeruffe Gedenk- an Aktiounsdag fënnt all Joer
Dësen, vun de Vereenten Natiounen ausgeruffe Gedenk- an Aktiounsdag fënnt all Joer
No der Decisioun vun der Entreprise FAGE seng Pläng fir
No der Verëffentlechung vun hirem Album „Another Flame“ am Dezember 2018, enger uschléissender Tour duerch d’Summerfestivaller an der Single „Lost“ am Hierscht 2019 gëtt et elo en neit Wierk fir d’Ouren, d’Aen an d’Séil. Dat liewegt Summerlidd iwwerzeegt duerch seng Dynamik, de frësche Klang an den deelweis leedgefëllten Ënnertoun. Mee d’Léift huet nu emol souwuel positiv, wéi och negativ Säiten.
Komponéiert gouf d’Lidd vum Laetitia Koener an dem Nicolas Palumbo. Ëm den Arrangement an d’Produktioun huet sech de Bandensembel vum Sacha Heck (Bass), Jérôme Moes (Piano) a Steve Krippler (Batterie) gekëmmert. Mat den Opnamen an dem Mix huet sech den Tom Gatti vun Unison Studio beschäftegt, wärend de Gert Van Hoof (Cochlea Mastering) de Mastering iwwerholl huet. Net vergiesse sollt een Sacem Luxemburg, déi frëndlech Ënnerstëtzung gebueden hunn.
Trotz Pandemie wollten d’Lëtzebuerger Museker „How To Sing To A Man“ mat engem dozou gehéierege Videoclip ofrënnen. Ma, de Jil Zago hat d’Iddi, mat verschiddenste Live-Opname d’Geschicht vum Lidd – der komplexer Sich vun enger Fra no der grousser Léift – ervirzebréngen a gläichzäiteg e kreatiivt Wiesselspill ze kreéieren.
Et sollt awer alles anescht kommen. Kuerz virum Dréistart goufen d’Haaptacteuren an de Soundtechniker a Quarantaine gesat. D’Gesondheet goung natierlech vir an esou huet een d’Hannergrondhandlung einfach ewech gelooss. Am eidele Sall weisen eis Lëtzebuerger, wat se kënnen. An iergendwéi passt et zur Uspillung, datt ee sech an enger schwiereger Zäit befënnt.
Opmaacherbild © Jil Zago