Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„America First“ – Trump lancéiert offiziell seng Wahlcampagne
Kultur Neiegkeeten

„America First“ – Trump lancéiert offiziell seng Wahlcampagne

Am Bundesstaat Florida, zu Orlando huet den Donald Trump virun

mateneen. Demokratiebildung an der digitaler Gesellschaft
Kultur Neiegkeeten

mateneen. Demokratiebildung an der digitaler Gesellschaft

Dat véiert Heft vun der Rei „mateneen – Praxishefte Demokratische

Grand Catch Impro den 14. Mäerz am Théâtre Le 10
Kultur Neiegkeeten

Grand Catch Impro den 14. Mäerz am Théâtre Le 10

Am Kader vum 21. Gebuertsdag vun der Ligue d’Improvisaioun Théâtrale

Go By Brooks sinn zeréck mat der Single „Lost“

Go By Brooks sinn zeréck mat der Single „Lost“

No der Verëffentlechung vum Album Anoher Flame am Dezember 2018 an der domat verbonnener Summerfestival-Tour si Go By Brooks elo zeréck! Hir nei Single Lost ass den 21. November erauskomm an erzielt vu Léift, Sehnsucht a Verloscht.

Go By Brooks

© Jil Zago

Gedroe vu melancholesche Piano-Téin, douce Kläng vun der Akustik Gittar an dezentem Rhythmus am Hannergrond, léisst Lost souguer déi der Léift nodenklech entgéint kucken, déi kee Partner hunn. D’Geschicht geet ëm eng Koppel, déi nom Sënn vun hirer Bezéiung sicht, Angscht huet sech ze verléieren. An enger ëmmer méi veronsécherter zerbriechlecher Gesellschaft kritt d’Léift et ëmmer méi schwéier, ze wuessen.

Passend zum leedvolle Song zerwéiert Go By Brooks hire Videoclip. Eenzel kleng Ausschnëtter weisen d’Leit, d’Mier an eng gro Stëmmung un der Nordsee. Vun der Atmosphär hir kënnt et eriwwer, wéi wann een längst vergaangen Erënnerunge weist, un déi ee mat engem laachenden an engem kräischenden Aen zeréck denkt. Hei huet dat jonkt, talentéiert Jil Zago bewisen, datt hatt déi nostalgesch Stëmmung vum Lidd a Landschaftsopnamen um Strand ëmwandele kann.

Den déifgrënnege Song Lost ass vum Laetitia Koener (Text/Musek) an Nicolas Palumbo (Musek) komponéiert ginn. Den Arrangement an d’Produktioun huet de Bandensemle vum Sacha Heck, Jérôme Moes a Steve Krippler iwwerholl. Ënnerstëtzt goufen si dobäi vum Claude Zeimes. De Charles Stoltz vun Holtz-Sound war fir d’Opnamen an de Mix verantwortlech, wärend de Mastering vum Gert Van Hoff vu Cochela Mastering iwwerholl gouf.

Go By Brooks

Cover vun der neier Single “Lost” © Fabrice Génot

Der Zukunft kënne sech d’Fans vu Go By Brooks gespaant zouwennen. Momentan schafft de Grupp nämlech u weiderem Material, sou wéi der Verëffentlechung vun engem neien Album.

Opmaacherfoto: © Jil Zago

Ähnlech Sujeten Another Flame, Band, Gefiller, Go By Brooks, Grupp, Holtz-Studio, Jil Zago, Léift, Lëtzebuerg, Lost, Melancholie, Musék, Sehnsucht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel