Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wäerteunioun an AfD… alles eng Fro vum Standpunkt
Kultur Neiegkeeten

Wäerteunioun an AfD… alles eng Fro vum Standpunkt

Nom politesche Flopp an Thüringen, wou den Thomas Kemmerich vun

Schaarschtechbotzer wëllkomm – op d’Joer 2019!
Kultur Neiegkeeten

Schaarschtechbotzer wëllkomm – op d’Joer 2019!

Leschte Freideg huet de Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg d’Schaarschtechbotzer

Benelux – déi staark Stëmm vun der EU!
Kultur Neiegkeeten

Benelux – déi staark Stëmm vun der EU!

„De Benelux, eng staark Stëmm matzen an der Europäescher Unioun“,

Go By Brooks (Unplugged) an der Brasserie K116!

Go By Brooks (Unplugged) an der Brasserie K116!

Och am Juli kann d’Brasserie K116 nees musikalesch iwwerzeegen. Dës Kéier ass et u Go By Brooks, fir um 31. Juli beim Diner-Concert opzetrieden. All leschte Mëttwoch am Mount organiséiert d’Brasserie K116 dëst Evenement, bei dem déi bescht Artisten aus Lëtzebuerg an der Groussregioun de Publikum musikalesch ënnerhalen.

Un dësem Owend kënnt Dir Iech op een immensen Akustik-Concert  vu Go By Brooks mat Lidder vum neien Album „Another Flame“ freeën. Mëttlerweil besteet d’Band, déi 2013 gegrënnt ginn ass, aus fënnef Memberen a begeeschtert mat engem Repertoire u Pop-Rock a klasseschem Rock. Mat Optrëtter an zu Lëtzebuerg, Metz, Saarbrécken, Tréier an Arel gehéiere si scho bal zu den alen Huese vum Geschäft.

Den Entrée ass gratis. D’Platzen si limitéiert a sou sollt een drun denken, virdrun iwwert Telefon (+352 26 17 59 74) ze reservéieren. Méi dozou gëtt et ënnert www.k116.lu. De ganze Programm fannt Dir HEI. Mir wënsche vill Spaass!

Foto: © Paul Bintner

Ähnlech Sujeten Another Flame, Brasserie K116, Concert, Go By Brooks, Musék
Nächsten Artikel Virrechten Artikel