Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Virun 28 Joer weist Disney fir eng éischt Kéier d’Arielle am Kino
International Neiegkeeten

haroon dating in the dark

Eis all ass déi kleng Mierjongfra Arielle vu Walt Disney

economist speed dating
International Neiegkeeten

Nationale Commemoratiounsdag: Proklamatioun vun der Regierung

Zanter 1946 gëtt all Joer den nationale Commemoratiounsdag gefeiert, fir

déi gréng: Eist Land brauch eng besser Kulturpolitik
International Neiegkeeten

déi gréng: Eist Land brauch eng besser Kulturpolitik

Nodeems déi gréng sech déi lescht Woch fir de Wunnengsbau

Golanhéichten ënner beschoss

Israelesch Loftwaff gräift Militärpositiounen a Syrien un

Golanhéichten ënner beschoss

D‘IDF huet seng Loftwaff op verschidde militäresch Ziler lassgelooss. De Moie bei Sonnenopgank si Stellungen an der Regioun Quneitra (Grenzgebitt zu de Golanhéichten) ugegraff ginn. D‘Attack ass d‘Äntwert op de beschoss mat Rakéiten, bei deem israelesch Positioune getraff goufen.

Golanhéichten

Um Sonndegmueren 4.10 Auer (Lokalzäit) hu Fliger an Helikopter vun der israelescher Arméi eng Rei Stellungen, déi der syrescher Arméi zougerechent ginn, ugegraff. Dorënner wou Stellungen déi mat Artillerie ausstafféiert waren, zwou Loftofwierbatterië vum Typ SA-2 an e puer Observatioun-Posten. Déi syresch Noriichtenagence SANA mellt 3 Doudeger a 7 Verletzt syresch Zaldoten.

 

GolanhéichtenAner syresch Medien hu verkënnt, datt d‘IDF och aner Ziler ugegraff hätt, déi mam Iran oder vum Iran finanzéiert an bewaffent Milizen, a Verbindung stinn. Dës Ziler befannen sech am Gebitt vun al-Kiswah /(südlech vun Damaskus). Dës Asätz huet déi israelesch Arméiféierung net bestätegt.

Golanhéichten

© IDF

Déi israelesch Arméi ass och net drop agaangen, wien dann elo d‘Rakéite géint d‘IDF-Stellungen op de Golanhéichten ofgeschoss huet. Dat wier „irrelevant“, esou e Spriecher vun der Arméi, well fir all Ugrëff gëtt déi syresch Regierung verantwortlech gemaach. Et wier schliisslech net d‘Schold vun Israel, datt de Regime zu Damaskus d‘Land net am Grëff huet. Et géif sech nëmme verdeedegt.

Golanhéichten

An de Premier, Benjamin „Bibi“ Netanyahu huet och direkt e Statement ofginn: „Mir sinn net bereet eis beschéissen ze loossen an wäerte mat alle Mëttel géint all Form vun Aggressioun virzegoe wëssen. Dat ass och d‘Grondlag vu menger Politik. Et geet ëm d‘Sécherheet vun Israel“.

mat indymedia/tlv

Foto: © IDF

Ähnlech Sujeten Benjamin Nehanyahu, Golanhéichten, IDF, Israel, Syrien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel