Search

You may also like

Den Heischter: e frëndleche Blonden aus dem Naturpark Öewersauer
International Neiegkeeten Stories

Den Heischter: e frëndleche Blonden aus dem Naturpark Öewersauer

Hannert der zweeter Dier vum Béier-Adventskalenner verstoppt sech haut den

Live aus dem Parc 2020: Mat Optrëtter vum Remo Cavallini, Steven Pitman a Serge Tonnar
International Neiegkeeten Stories

Live aus dem Parc 2020: Mat Optrëtter vum Remo Cavallini, Steven Pitman a Serge Tonnar

Mat der Ofso vun de kulturellen Evenementer am Ufank vun

Wou ee Wëllen ass, ass och ee Wee
International Neiegkeeten Stories

Wou ee Wëllen ass, ass och ee Wee

D’Coronakris huet de Wunnengsnoutstand zu Lëtzebuerg net ausgeléist, se ass

Pelzegen Held: Der Rat Magawa hir erfollegräich Sich no Landminnen

Pelzegen Held: Der Rat Magawa hir erfollegräich Sich no Landminnen

Alt erëm muss een zouginn, datt d’Raten hire schlechte Ruff net verdéngt hunn. Et handelt sech bei den Nager net nëmmen ëm sozial an immens intelligent Déieren, se droen och zum Iwwerliewe bäi. Dat beweist eis de Magawa, eng Rat, déi duerch hiren erfollegräichen Asaz op der Sich no Landminne mam héchste briteschen Déierenuerden vum PDSA ausgezeechent ginn ass.

An hirer Karriär huet dat kanéngerchergrousst Déierchen a Kambodscha 39 Landminnen an 28 net explodéiert Sprengkierper entdeckt, an esou d’Ziviliste virun uerge Blessuren oder souguer dem Dout beschützt. Ma, och wann d’Gambia-Riesenhamsterrat Magawa net wierklech eppes mat hirer Goldmedaile ufänke kann, esou wäert si sécherlech mat engem Extra-Snack belount gi sinn.

MagawaPDSA / Twitter

De Christope Cox, CEO a Matbegrënner vun der Organisatioun APOPO, déi d’Raten an Afrika ausbilt, huet erkläert, datt hien immens dankbar iwwert dës Auszeechnung ass. Nach méi frou ass hien awer doriwwer, datt op déi nach ëmmer bestoend Problematik vun de Landminnen opmierksam gemaach gëtt.

MagawaAPOPO / Twitter

E Liewen an Angscht

Eleng a Kambodscha sollen an de 70er Joren tëscht 4 a 6 Millioune Landminne geluecht gi sinn, wouvun nach ëmmer ëm 3 Millioune Sprengsätz aktiv, awer onentdeckt ënnert dem Buedem verstoppt sinn. Doduerch koum et schonn zu 64.000 Doudesfäll, déi hätte kënne vermeit ginn. Et gëtt zudeem geschat, datt iwwer 80 Millioune Landminnen uechtert d’Welt verdeelt sinn.

© APOPO / Facebook

Oft sinn et Zivilisten, déi duerch ee Schrëtt Extremitéiten oder hiert Liewe verléieren. Laut dem Landmine & Cluster Munition Monitor soll et am Joer 2018 zu 6.897 Doudesfäll an 3.837 Blesséierten duerch Landminne komm sinn, dovunner 71 % Zivilisten an dovunner nees 54 % Kanner.

Zënter der Ottawa-Konventioun vum 1. Mäerz 1999 ass den Asaz, d’Lagerung, d’Hierstellung an d’Verdeele vun Antipersouneminne verbueden. A concernéierte Regioune lieft d’Bevëlkerung nämlech net nëmmen an Angscht ëm dat eegent Liewen. Hinne gëtt och den Zougang zu Waasser a benotzbarem Land verwiert.

© APOPO / Facebook

Kleng Helden op der Sich no de Minnen

Duerch hire sensibele Gerochssënn, hir Intelligenz an de rouege Charakter erweisen sech Raten als ideal Kandidaten op der Sich no Minnen. Schonn a jonkem Alter gi si un de Geroch vun explosive Substanze gewinnt, léieren uschléissend um Terrain, datt si mat Fudder belount ginn, soubal si op där Plaz kraze, wourënner sech de Sprengkierper befënnt.

Mat hirem gerénge Gewiicht léisen si dobäi keng Explosioun aus. An nëmmen 30 Minutte kënnen d’Gambia-Riesenhamsterraten esou eng Fläch ofsichen, fir déi e Mënsch mat Metalldetektor ëm 4 Deeg brauche géif.

Säit iwwer 20 Joer am Asaz

Am September 1995 wollt de Bart Weetjens, Ratebesëtzer aus der Belsch, aktiv géint de Problem mat de Landminne virgoen. Mat Hëllef vum Prof. Mic Billet krut hien déi néideg Ressource bereetgestallt, wärend mam Prof. Ron Verhagen vun der Antwerpener Universitéit no der gëeegenter Rat gesicht ginn ass. Robust a léierfäeg sollt se sinn, wouduerch ee sech fir d’Gambia-Riesenhamsterrat entscheet huet.

Am Juni 1999 konnt d’Ekipp vum sougenannten APOPO-Projet schliisslech genuch Erkenntnisser opweisen, fir an Afrika lasszeleeën.

Magawa© APOPO / Facebook

Mol kee Joer drop ass an Tansania den éischten Trainingszenter opgemaach ginn, vu wou aus och nach haut d’Rate fir den Asaz forméiert ginn. Mam Magawa huet d’Organisatioun elo hiren erfollegräichste Schüler Opweises

Um Erfolleg soll ee sech bekanntlech net ausrouen. De Magawa wäert och an Zukunft weider fir déi sécher Sich no Landminnen an den Asaz goen, bis datt déi engagéiert Rat hir Pensioun genéissen dierf.

Related topics Afrika, Antipersouneminne, APOPO, Bart Weetjens, Blessuren, Christophe Cox, Gambia-Riesenhamsterrat, Gerochssënn, Goldmedaile, Kambodscha, Landminnen, Magawa, Ottawa-Konventioun, Sprengkierper
Next post Previous post