Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Campagne fir d‘Sozialwahlen 2019: „A lass et geet!“
Kultur

Campagne fir d‘Sozialwahlen 2019: „A lass et geet!“

2019 ass op e neits e Wahljoer. Sozialwahlen an Europawahlen,

What the Fakt – de Karl Benz an d’Gebuert vum Auto virun 133 Joer
Kultur

What the Fakt – de Karl Benz an d’Gebuert vum Auto virun 133 Joer

Mat dëser Aktioun kann een de Karl Benz quasi als

De Staatsrot bewëllegt weider subventionéiert Logementer
Kultur

De Staatsrot bewëllegt weider subventionéiert Logementer

Bei senger Sëtzung vum 13. Juli, huet de Staatsrot datt

The Good Place ass déi originellste Serie, déi s de am moment kucke kanns

The Good Place gëtt sech vun Ufank u Méi, ee vu sengem Konzept ze iwwerzeegen. Direkt an der éischter Episod gëtt gewisen, wéi eisen Haaptpersonnage, d’Eleanor Shellstrop (Kristen Bell) stierft an – zack! – am Himmel lant. Gutt, deen heescht net Himmel, mee “The Good Place” mee tatsächlech gesäit et hei aus, wéi wann een am Himmel gelant wier. Alles ass perfekt, an et kritt een esou guer säin ideale Partner un d’Säit gestallt. Am Eleanor sengem Fall ass dat den Ethik-Professor Chidi Anagonye (William Jackson Harper). Do gëtt et just ee Problem: d’Eleanor gehéiert net an d’Good Place, well se kee gudde Mënsch war. An dëst behält se net fir sech, mee probéiert sech mat der Hëllef vum Chidi esou unzepassen, datt et keng opfält.

Wier The Good Place an den 90er oder nach ugangs den 2000er produzéiert ginn, wier et eng komplett aner Serie. Well dat Konzept hätt een huele kënnen an domat eng komplett typesch Sitcom kënne fir 7 Staffelen ausfëllen, bis engem d’Iddien ausginn. An am Ufank mengt een nach, datt The Good Place genau dat géing maachen. Déi éischt puer Episode sinn zimlech Standard, mee duerno fänkt d’Serie sech un, ëmmer mi wäit weider ze entwéckelen. Wat fréier héchstens ugedeit gi wier, gëtt hei radikal ëmgesat, an d’Serie entwéckelt sech a Richtungen, déi een net onbedéngt viraus gesäit.

The Good Place traut sech wiesentlech méi, wéi ee vun der Serie géing erwaarden

Tatsächlech brécht d’Serie um Schluss vun der éischter Staffel komplett mam eegene Format. Wat duerno kënnt ass iwwerraschend fräi am Stil, witzeg, erfrëschend an direkt kultesch. Et däerf een net ze vill verroden, well soss vill vum Spaass vun dëser Serie verluer geet, mee wien et duerch déi éischt ganz akzeptabel Folge packt, gëtt mat beschter Ënnerhalung belount. D’Figuren, den Humor, mee och de Figure-gedriwwenen Drama zitt ee richteg mat. Elo wou déi zweet Staffel fäerdeg gelaf ass, ass de perfekten Ament komm, fir alles un engem Stéck ze kucken.

D’Serie ass disponibel op Netflix

Fotoen: 2016 NBCUniversal Media, LLC

Ähnlech Sujeten Good Place, Netflix
Nächsten Artikel Virrechten Artikel