Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wie gäre Prost sollt den Auto stoe loossen
Neiegkeeten

Wie gäre Prost sollt den Auto stoe loossen

Et ass jo net esou datt d‘Leit net Bescheed wéissten,

De Fonds de Logement huet eng nei Presidentin
Neiegkeeten

De Fonds de Logement huet eng nei Presidentin

Um Freideg huet op d‘Propositioun vum Logementsminister Marc Hansen, de

Entretiensaarbechten am Tunnel St Esprit (René Konen)
Neiegkeeten

Entretiensaarbechten am Tunnel St Esprit (René Konen)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt den Tunnel St Esprit (René

„Goodbye“ Groussbritannien

„Goodbye“ Groussbritannien

Konsens wéi nach ni, London ënner Drock

Zu Bréissel hunn um Samschdeg Moien (29.Abrëll) beim Brexit-Sommet d’EU-Staatscheffen en ongewéinlechen Zesummenhalt gewisen. A kierzter Zäit hunn déi 27 Dirigenten d’Brexit-Strategie duerchgedréckt. Op London kommen elo en etlech Problemer duer.

Eng och fir laang gedingten Observateuren net selbstverständlech Situatioun huet den EU-Rot gebueden. Ganz formell haten sech nëmme 27 Staats- a Regierungscheffen zesummegesat, eng Konstellatioun déi nëmme fir de Fall vum Austrëtt vun engem Memberstaat virgesinn ass. Eng Noutwennegkeet déi sech awer positiv op den Aarbechtsrhythmus ausgewierkt huet. Et gouf net laang iwwert den just ee puer Säite laangen Text diskutéiert an a manner wéi 15 Minutten ass dëse mëttels Aklamatioun ugeholl ginn.

Op 9 Säiten also ass sech festgeluecht gi wéi de „Brexit“ ofgewéckelt soll ginn. Knallhaart an ouni Récksiicht op britesch Fuerderungen op parallel Gespréicher iwwert d’Zäit nom Austrëtt. Den EU-Rotspresident Donald Tusk stellt dann och kloer: An enger éischter Phase vun de Gespréicher wäert sech alles ëm dräi Themen – an nëmmen dräi – dréien. „Iert et ëm déi zukünfteg Bezéiungen zu Groussbritannien geet, musse mer virun allem Kloerheet bei der Biergerrechter, de Finanzen an der Grenz an Irland hunn.

Leitlinne vum Accord iwwert de „Brexit“ leeën dann och fest dat just déi 27 verbleiwend Memberstaaten eestëmmeg d’Mesure bestëmmen. Domadder steet fest dat Groussbritannien kee Matsproocherecht kritt. Anescht ausgedréckt, d’Brite kruten den Stull vrun d’Dier gestallt an zwar definitiv.

Wéi geet et weider a wien iwwerhëlt déi Britesch Institutioune?

D’Gespréicher sollen am Juni, also no de Walen an Groussbritannien, ufänken. Bis zum Hierscht soll déi éischt Phase ofgeschloss sinn. Ob d’London dann och schonns déi kolportéiert Rechnung iwwer 60 Milliarde kritt, doriwwer wor allerdéngs näischt gewuer ze ginn. Et dierf een awer dovunner ausgoen dat et net grad bëlleg wäert ginn…

Och besteet Kloerheet doriwwer dat verschidden EU-Institutioune mussen hire Standuert wiesselen. D’Bankenopsiicht (EBA) an d’ Arzneimëtteladministratioun (EMA) déi am Ament nach hire Setz zu London hunn, ginn ofgezunn. D’Bankenopsiicht kéint op Frankfurt plënneren an Däitschland erhofft sech och d’Zouso fir d’EMA ze kréien. Bonn steet als Standuert an der Diskussioun, festgeluecht gouf sech awer nach net.

Nordirland wäert nach fir Gespréichsstoff suergen

Wa Groussbritannien de Volet betreffend d’Institutiounen zimlech egal dierft sinn, esou kritt London da sécherlech nach Kappwéi am Bezuch op déi gréng Insel. Déi Iresch Regierungscheffin Enda Kenny hirersäits huet sech nom Sommet zefridde gewisen: De Friddensprozess mat Nordirland an d’Vermeide vun enger haarder Grenz nom Brexit, huet de Leitlinnen no fir d’EU absolut Prioritéit.

An domadder net genuch: „Wann Wiedervereinegung vun Irland an Nordirland op demokrateschem Wee iergendwann zustane komme soll, dann ass den automateschen EU-Bäitrëtt garantéiert. Dëse juristesche Prinzip hunn déi 27 Staats- a Regierungscheffen eestëmmeg akzeptéiert.“ sot d’Enda Kenny. Zwar brauch et dozou nach Referendum an Nordirland an eng Grondlag dofir besteet och nach net, allerdéngs ass d’Signal Richtung London kloer. D’EU hält fir een Deel vum vereenegte Kinnekräich, dee sech géint de Brexit ausgeschwat huet, d’Dier op.

Des Nouvelle dierft och a Schottland ganz opmierksam zur Kenntnis geholl gi sinn. Och D’Schotten hu schonns am Virfeld ugekënnegt ee neie Referendum wëllen ofzehalen dee se aus dem „Empire“ soll erausféieren. London ass also gewarnt: D’EU ass bereet a Saache Brexit haart ze verhandelen.

Nächsten Artikel Virrechten Artikel