Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Facebook mécht ongewollt d‘Posts vu 14 Millioune Clienten ëffentlech
hook up water heater speaking activity speed dating

dating ultrasound 6 weeks

Um Donneschdeg huet Facebook bekannt ginn, datt d‘Posts vu 14

dendrochronology carbon dating
hook up water heater speaking activity speed dating

Hëtztwell 2019: Lëtzebuerg erwaart bis zu 38 Grad a méi!

Wéi divers meteorologesch Déngschter mellen, ass an dëser Woch mat

Haart ëmkämpft: De Cochonnet um Tournoi vun der Boule d‘Or
hook up water heater speaking activity speed dating

Haart ëmkämpft: De Cochonnet um Tournoi vun der Boule d‘Or

Mat engem flotten, oppenen Turnéier am „Tête a Tête“, huet

Google schéckt „Vertrieder“ op Biissen

Déi vu Google si komm fir de Leit eng schéi Geschicht ze erzielen an och Erklärungen ze ginn

Google schéckt „Vertrieder“ op Biissen

Den Datenzenter-Projet vu Google huet an de leschte Wochen a Méint fir zimlech béist Blutt an eppes Polemik gesuergt. D‘Geheimniskréimerei vun der Regierung an déi offensichtlech Arroganz vun den Amerikaner, déi hie Geschäfter ëmmer am verbuergene ofschléisse mussen, wat generell d‘Spekulatioun zouléisst, datt hei gemauschelt gëtt, ass eppes „gelackert“ ginn.

Vir esou eppes wéi ee „gereegelt Verhältnis“ erbäizeféieren, waren en Donneschdeg de Responsabel vun den europäeschen Datenzenter vu Google an den Direkter vum Datenzenter zu Saint-Ghislain zu Biissen, fir de Journalisten an de Bierger ze erklären datt hei alles absolut „clean“ ass an et kee Grond gëtt Mësstrauen ze hunn. Datt ee sech esoulaang „zréckgehalen“ hätt fir sech zum Projet matzedeelen, wier dem Fait geschëlt, datt et keen Urbanismus-Plang ginn huet, an et dowéinst net opportun gewiescht wier, sech zum Thema ze äusseren.

Elo wier awer d‘Prozedur lancéiert, firwat ee legitiméiert wier Informatiounen auszetauschen, esou de Fabien Vieau, deen als Verantwortleche fir d‘Google Datenzenter an Europa virgestallt ginn ass. Hien huet sech eng Freed dorausser gemaach nach emol jidderengem an Erënnerung ze ruffen, datt et net Google war, dat zu Lëtzebuerg ugeklappt huet, fir hei en Datenzenter opzeriichten – och wann oder grad wëll de Konzern vu Mountain View permanent an der EU op der Sich no Terrainen ass fir Datenzenter ze implementéieren.

Eigentlech keen Interessi

De Fabien Vieau huet wuertwiertlech gesot: „Ech sinn ee vun deene bei Google, déi a ganz Europa no potentielle Standuerter sicht. Ech hat Lëtzebuerg guer net am A. D‘Lëtzebuerger sinn un eis erugetrueden, well den Datenzenter eng Äntwert op déi digital Strategie vum Land ass an een eng kompetitiv Offer unzebidden hätt“. Mat dëser Ausso wier zumindest gekläert, datt den Interessi u Lëtzebuerg sech a Grenzen hält. Hie léisst esou awer och duerchblécken, datt eis Regierung sech ee Konzern quasi „akaf“, also zumindest eng gutt Offer gemaach huet.

Mee de Mann aus der Belsch huet dat mam „wéi baut ee vertrauen op“ entweder net verstanen oder huet entspriechend Uweisunge vun de Konzernzentral kritt, ëm Gotteswëlle keng Detailer Präis ze ginn. Jiddefalls huet hie virginn, datt déi Matière (Gemengt sinn Prozeduren, technesch Detailer an Datenzenter-Design) sech a stänneger Evolutioun befënnt, firwat et kee Sënn géif maachen sech domatter ze befaassen. Woubäi et fir déi meeschten irrelevant war an ass, wéi et soll ausgesinn a wat dra stécht, et wollt e wësse wat u Ressource verbraucht gëtt.

Kee Problem mat de Ressourcen

Dozou huet de gudde Mann eppes ze soe gehat: Wann een dovunner ausgeet datt de PAP an déi verschidde Geneemegungen ugeholl ginn, da kéint déi éischt Phas vum Bau am éischten Trimester 2023 ofgeschloss sinn. Bezunn op den technesche Stand vun Haut, hëlt den Datenzenter fir sech eleng 7% vum nationale Stroumverbrauch – wat an der zweeter Phas bis 12% klamme kann – an Usproch. Mee si wieren net déi gurmangsegst beim Stroum an déi bestoend Infrastrukture géifen de Besoin vu Phas 1 ofgedeckt kréien, esou de Fabien Vieau.

Wann déi zweet Phas ugefaange gëtt, da muss CREOS awer seng Infrastrukturen updaten heescht et säitens dem Google-Manager. Woubäi e Problem schéngt et net duerzestellen, well de Fabien Vieau weess datt CREOS, op Google elo kënnt oder och net, den Ausbau vu sengem Netz ageplangt huet. Beim Waasser wollten d‘Leit da méi Informatioune vun de Google-Vertrieder kréien, wéi et dësen erlaabt war der ze ginn. Datt dees masseg gebraucht gëtt fir déi ganz Server mëttels Klimaanlag op „Temperatur“ ze halen, dat konnten si net vu sech weisen.

Geséchert schéngt awer, datt Google net d‘Waasser aus der Attert wäert notzen, och wann dës an onmëttelbarer Noperschaft geleeën ass. Nee Google gesäit an der Uelzecht vill méi Potential, och wann een hei muss eng spezifesch Anlag opriichten, fir d‘Waasser ofzepompelen. D‘Propose sech un eng Kläranlag unzeschléisse misst nach „studéiert“ ginn. Iwwerhaapt, esou de Vertrieder vu Google, sollt een den Impakt op d‘Ëmwelt vun esou engem Datenzenter net iwwerbewäerten, den technologesche Fortschrëtt sollt een hei berécksiichtegen.

Beim villem ass et eng Fro vun der Effizienz

Google – entgéint senge Konkurrenten – baut Datenzenter déi nëmmen d‘Hallschent un Energie wéi eng klassesch Installatioun verbrauchen. A Punkto Effizienz hätt een an de leschte fënnef Joer enorm Fortschrëtter erziilt a fir de Verbrauch vun Energie ze kompenséieren, géif een sech ganz besonnesch op déi erneierbar Energië konzentréieren. Google wier – eegenen Aussoen no – déi weltwäit gréissten Akeefer vun erneierbaren Energien. Dat heescht elo awer net zwéngend, datt Google säi Standuert zu Biissen mat Fotovoltaikanlage bestéckt.

Wat d‘Aarbechtsplazen ubelaangt, esou ass gewosst, datt sech d‘Salariéeën net wäerte géigesäiteg o d‘Féiss trëppelen. Rieds ass vun ee puer honnert Leit, firwat den Datenzenter elo keen negativen Impakt op d‘Mobilitéit an der Regioun soll hunn. Mee et geet Google net an éischte Linn ëm Jobs, villméi gesinn si hei eng Geleeënheet besser entwéckelt Google-Déngschtleeschtungen anzebréngen an och eng Zesummenaarbecht mam zukünftege Lëtzebuerger „Super-Rechner“ wier eent vun de villen Ziler déi sech Google zu Lëtzebuerg gesat huet.

Informatioun oder Warnung?

Am verlaf vum Informatiounsaustausch hunn d‘Google-Vertrieder awer och däitlech gemaach wien d‘Heft an der Hand huet. Lëtzebuerg kann… muss awer net; well den US-Konzern investéiert zur Stonn massiv an Holland, mee och an der Belsch, fir net ze vergiessen, datt d‘Norweger hinnen och kierzlech 200 Hektar Land verkaf hunn. Also Lëtzebuerg – deem säin eenzegen Avantage et ass matten am Häerz vun Europa ze leien – sollt vläicht net ganz esouvill Uspréch stellen, wann et dann zu engem Google-Datenzenter zu Biissen komme sollt.

Zur Informatioun: den Datenzenter vu Saint-Ghislain (grad emol 180 Kilometer vun eis ewech) ass 2009 erriicht an 2014 erweidert ginn. Op de ronn 90 Hektar déi Google do huet, gëtt et nach weider Spillraum fir d‘Entwécklung vum Standuert weiderzedreiwen. An wéi et heescht, well déi belsch Regierung och keng Steiere vum US-Konzern, wa sech nëmme fir Aarbechtsplaze suergen. Mee Google muss d‘Konkurrenz am A behalen. Amazon mat 45% a Microsoft mat 25% Maartundeeler si beschtens opgestallt fir den Honger vu Streaming a Cloud ze stëllen.

Bleift nach de Fazit ze zéien: Google huet also Vertrieder lassgeschéckt fir d‘Medien an déi betraffe Bierger ze informéieren a gesot gouf: Näischt! Also zumindest näischt dat engem d‘Gefill kéint ginn dat alles „cool ass“. Fir d‘Amerikaner ass et ee „potentielle“ Projet wat also och bedeit, datt et guer net zum Datenzenter komme muss. Stellt sech och nees d‘Fro, firwat d‘Regierung ville klenge Betriber an Entreprise déi weider wuesse wëllen, net privilegiéiert wann se schonn Terraine fënnt. Brauche mir wierklech Google, wa Google eis net braucht?

Foto: Envato

Ähnlech Sujeten Biissen, Ëmweltschutz, Energieverbrauch, Fabien Vieau, Google, Google-Datenzenter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel