All Dag komme 40.000 belsch Pendler bei eis schaffen – an dowéinst ginn d’Zuch-Ticketen fir op Arel elo mi bëlleg!
Den Individualverkéier reduzéieren, ass ugesicht dem wirtschaftleche Wuesstem an den
Den Individualverkéier reduzéieren, ass ugesicht dem wirtschaftleche Wuesstem an den
Der wäert zu Lëtzebuerg keng vun de Regierungsparteien a mat
Bei der Sëtzung vum Biisser Gemengerot vu gëschter, war de Projet „Google-Datenzenter“ dee wichtegste Punkt, an deen ass op Zoustëmmung bei de Gemengeréit geroden. Déi amerikanesch Entreprise, déi hir Presenz an Europa ausbaue wëll, huet um Rouscht 33,7 Ha Terrain „kaf“.
Déi dofir noutwenneg Ofännerung vum allgemenge Amenagementsplang (PAG) ass ewéi e Bréif op der Post duerchgaangen, an dat dierft beim zweete Vott, dee an e puer Méint erwaart gëtt, dann net anescht sinn. Domatter gëtt d‘Zon vum Busbierg iwwert de PAG zur „Sonner-Zon Datazenter“ an dat bedeit, datt op dëser Plaz och nëmmen en Datenzenter dierf gebaut ginn.
Wann dës Decisioun vum Gemengerot aktéiert a verëffentlecht ass, kënnen d‘Awunner vun dëser 3.000 Séile-Gemeng bannent 30 Deeg, hir eventuell Reklamatiounen op der Gemeng areechen. An eréischt duerno kann et zum zweeten, definitive Vott fir d‘Implementéiere vu Google geholl ginn.
Wat sech unhéiert, wéi wa schonn alles entscheet gewiescht wier, iert et iwwerhaapt zur Sëtzung komm ass, dee kann ee berouegen, datt war net de Fall. Eng déck Stonn ass debattéiert ginn, an net all d‘Froen déi esou an de Raum gestallt goufen, hunn och eng Äntwert erhalen.
Esou ass weiderhin net kloer, wéi dat mat der Waasserversuergung soll ausgesinn, a wéi vill es do iwwerhaapt gebraucht gëtt. Wéi gesäit et am Detail mam Impakt op Ëmwelt an Natur aus? An dat sinn elo emol déi impertinentst. D‘Ausschaffe vum partikularen Amenagementsplang (PAP) soll do Äntwerte liwwere firwat een dësen och nach virun der Summervakanz wëll gestëmmt hunn.
Dat kléngt no Detailer, villen Detailer, an déi sinn alleguerte wichteg an noutwenneg. Firwat? Ma esoulaang wéi dës essentiell Punkten net gestëmmt goufen, gëtt et keng Baugeneemegung, an esoulaang wéi eng Baugeneemegung net séchergestallt ass, ënnerschreift Google näischt…