Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nordstrooss: Wat der Natur geholl gouf, kritt si elo zréck…
asian dating app europe friends and dating website

peoria il hookup

Vill zefridde Gesiichter huet et e Freideg am Nomëtteg ginn,

is hi5 a dating website
asian dating app europe friends and dating website

NATO bereet sech op de Stärekrich vir

Beim Meeting vun de Verdeedegungsminister zu Bréissel huet den NATO-Generalsekretär,

What the Fakt – Viru ronn 5000 Joer entsteet de Brauch vun Halloween
asian dating app europe friends and dating website

What the Fakt – Viru ronn 5000 Joer entsteet de Brauch vun Halloween

Haut ass et nees esou wäit. Elle Gestalten a Grujelfilmer

money

Wee sicht, dee fënnt: Google Datë-Zenter huet eng nei Heemecht zu Biissen

Präsenz an Europa gëtt ausgebaut

Wee sicht, dee fënnt: Google Datë-Zenter huet eng nei Heemecht zu Biissen

Mat der Bestätegung aus dem Wirtschaftsministère um Dënschdeg schéngt dann elo dem Google Datë-Zenter zu Biissen näischt méi am Wee ze stoen. Déi ronn 30 Hektar Terrain déi heifir gebraucht sinn, géifen elo zur Verfügung stoen, esou de leschte Stand.

Fir déi Parzelle vun 1,8 Ha, déi e Proprietaire nach virun der Vakanz net esou richteg wollt hierginn, wier elo en Accord fonnt ginn. D‘Argumenter vum Wirtschaftsministère an dem ONR (Den Office vum Remembrement) hunn also hir Friichte gedroen.

Allerdéngs bleiwen nach eng ganz Rëtsch Froen opstoen. D‘Noperschaft zu der kommerzieller Aktivitéitszon (ZAC) Kléngbousbierg ass dann och manner de Problem, wéi déi als gréng Zon (Zone Verte) ausgewisen Terrainen déi an den Areal vun 30 Ha falen.

Hei misst deemno e Reklassement virgeholl ginn. Dat bedeit am Kloertext, datt et Etüde braucht, notamment iwwert den Impakt op Flora an d‘Fauna. Wéi wäit ee bereet ass hei déi wirtschaftlech Interesse méi héich anzestufen, an op da vum Kontext hir déi Etüden net nëmme Sënn maache mee och glafwierdeg sinn, dat bleift ofzewaarden.

Eng Milliard Argumenter

Google sengersäits huet jo awer schonn emol versprach 1 Milliard Euro an dee giganteschen Datë-Zenter ze investéieren. Och sollen eng ronn 300 Aarbechtsplazen hei kreéiert ginn. Gutt wirtschaftlech Argumenter also, déi en Faveur vun engem Reklassement schwätzen. Reng politesch betruecht, sollt dann och de Koalitiounspartner hei keng allzegrouss Awänn hunn.

Google sengersäits huet jo awer schonn emol versprach 1 Milliard Euro an dee giganteschen Datë-Zenter ze investéieren.

Mam Datë-Zenter zu Biissen géif Google dann och seng Präsenz an Europa weider ausbauen. Nieft zwee Zentren zu Dublin (Irland), a weider Dependancen zu Eemshaven (Holland), Saint-Ghislain (Belsch) an Hamina (Finland), hätt déi amerikanesch Entreprise da scho sechs Datë-Zenter op europäeschem Buedem.

Elo muss een dann nach just ofwaarden, wéi de Premierminister Xavier Bettel, deen déi nächst Woch op Visite an den USA ass, den interesséierte Gespréichspartner dëse Projet duerstelle wëll a kann. Op bei de Gespréicher och nach e Steierkaddo fir Google kann eraussprangen, doriwwer war bis ewell och beim Wirtschaftsministère näischt gewuer ze ginn.

Ähnlech Sujeten Biissen, Datë-Zenter, Google, Lëtzebuerg, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel