Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

tonguesurprise
Blues‘n Rock Beaufort: Am klenge Krees mat vill gudde Frënn
Fail International Neiegkeeten

Blues‘n Rock Beaufort: Am klenge Krees mat vill gudde Frënn

Op een elo kéint behaapten et wier dee klengste Festival,

tonguedislikesurprise
Editorial: Ass et nach zäitgeméiss hautdesdaags en Eefamilljenhaus ze bauen?
Fail International Neiegkeeten

Editorial: Ass et nach zäitgeméiss hautdesdaags en Eefamilljenhaus ze bauen?

Eppes Polemik um Méindegmuere ka net schueden an esou ass

coolsurprise
Wee sinn déi gréisste Privat-Employeuren zu Lëtzebuerg?
Fail International Neiegkeeten

Wee sinn déi gréisste Privat-Employeuren zu Lëtzebuerg?

Un der Spëtzt steet de Group Post Luxembourg mat ronn

dislike

Google a Gmail sinn an engem Geriichtsprozess, deen e groussen Impakt op digital Entreprise kéint hunn

Google a Gmail sinn an engem Geriichtsprozess, deen e groussen Impakt op digital Entreprise kéint hunn

Den Internetgigant Google, a méi prezis säin e-Mail Service Gmail, huet e Problem mam Gesetz. Esou gesäit d‘Bundesnetzagentur d‘Déngschtleeschtung Gmail als en Service aus dem Beräich Telekommunikatioun. Sollt deem esou sinn, muss Google d‘Date vun de Notzer un d‘Autoritéite weider ginn.

Haut also geet an Däitschland e Prozess op, dee vläicht net fir d‘Welt, mee sécherlech an Europa kéint als déifgräifende Präzedenzfall Geschicht schreiwen. Et geet elo wuel emol am Rechtssträit ëm d‘Uwennung vun däitschem Recht, wou entscheet muss ginn, op den e-Mail Service vu Google eng Déngschtleeschtung am Sënn vum Telekommunikatiounsgesetz ass.

Sollt d‘Geriicht d‘Usiichte vun der Agentur deelen, da muss sech Google de Richtlinne vum Gesetz ënnerwerfen. Esou d‘Anhale vum Fernmeldegeheimnis, Dateschutzbestëmmungen, an natierlech besonnesche Reegelen zum Konsumenteschutz an der Transparenz. Mee Google misst och op Demande vun den Autoritéite, bei entspriechendem Mandat, d‘Identitéit vum Notzer erausginn.

Google wiert sech mat Hänn a Féiss

Während esou zimlech all Provider, deen och e-Mail Service ubitt (GMX, WebMail, 1&1…), bei der Bundesnetzagentur als Telekommunikatiounsdéngscht gemellt ass, weigert sech Google standhaft Gmail als esou eng Déngschtleeschtung unzëerkennen. Dat heescht, datt Google zanter 2010 refuséiert seng „Clienten“ ze mellen. D‘Autoritéit wollt et erzwéngen, a Google huet dogéint geklot.

Fir Google ass awer Gmail e sougenannten „Over-the-top-Déngscht“ an d‘Kommunikatioun géif iwwert den oppenen Internet stattfannen. Et ginn also net wéi bei der Telekommunikatioun üblech, „Signaler“ iwwermëttelt. Duerch d‘Kommunikatioun iwwert den Internet, hätt Google keng Kontroll iwwert d‘Weeër, déi vun den iwwermëttelten Datesätz am weltwäiten Datennetz geholl géifen.

Dorausser misst ersiichtlech sinn, datt Google fir déi IP-Päck déi do verschéckt ginn, keng Verantwortung iwwerhuele kann. Datt huet dann allerdéngs d‘Verwaltungsgeriicht vu Köln schonn 2015 anescht gesinn. Fir d‘Riichter war kloer, datt Gmail en Telekommunikatiounsdéngscht ass, och wa Google fir d‘iwwerdroe vun den Date keen eegent Kommunikatiounsnetz benotzt.

Eng entscheedend Ronn

Elo ass et dann um Verwaltungsgeriicht zu Münster, wou de Rechtssträit an der „zweeter“ Ronn verhandelt muss ginn. Experte gesinn de Prozess als Entscheedend, och fir aner Déngschter déi esou am Internet „Online“ ugebuede ginn. Verléiert Google de Rechtssträit, kann dat net nëmme richteg deier ginn, mee och Folge fir WhatsApp, Skype oder Messenger hunn.

Déi Online-Servicer géifen dann och als Telekommunikatiounsdéngscht betruecht ginn, wat eng ganz Rei Flichte fir d‘Entreprisen déi dës Leeschtung ubidden, mat sech bréngt. Esou misst et beispillsweis méiglech sinn, via Messenger e Noutruff ofzesetzen. Dat kléngt op den éischte Bléck verréckt ass esou awer am Gesetz festgehalen.

Laut den Experten aus dem IT-Beräich, misst allerdéngs och weiderhin am Eenzelfall gepréift ginn, op et sech beim ugebuedene Service ëm eng Telekommunikatiounsdéngschtleeschtung handelt oder net. Richteg ass dann awer nees, datt sollten d‘Riichter zu Münster géint Google entscheeden, villes net méi esou kéint weidergoen, an dat och op EU-Niveau misst Konsequenzen hunn.

mat Indymedia

Ähnlech Sujeten Däitschland, Google, Telekommunikatioun, Verwaltungsgeriicht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel