Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schutz vun den Ozeaner: Lëtzebuerg hëlleft, den Trump éischter net
Fail Meenung

Schutz vun den Ozeaner: Lëtzebuerg hëlleft, den Trump éischter net

Gëschter huet de Weltdag vun den Ozeaner stattfonnt – en

US-President warnt Peking
Fail Meenung

US-President warnt Peking

D‘Situatioun zu Hong Kong ass liicht ugespaant, well d‘Bierger der

WHO: D’Joer 2020 zu Éieren vun Infirmieren an Hiewanen
Fail Meenung

WHO: D’Joer 2020 zu Éieren vun Infirmieren an Hiewanen

D’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) stellt am neie Joer déi Persounen an de

dislike

Google säi Sexismus-Skandal ass e Symptom vun enger grousser Krankheet

Google säi Sexismus-Skandal ass e Symptom vun enger grousser Krankheet

Google suergt erëm fir Negativ-Schlagzeilen. Grond dës Kéier: Sexismus. An dat net fir déi éischte Kéier. Mee wat sech hei weist ass e Symptom fir eng gréisser Krankheet: Net nëmmen am Silicon Valley, ma an der ganzer Tech-Branche ass Sexismus gang und Gege. Dat läit och dorunner, well sech d’Männer wéi ënnert sech fillen.

Et ass d’Fortsetzung vun engem Verhalen, wat ee gären als „Lockerroom Talk“ bezeechent. Wa Männer ënnert sech sinn, tendéieren der vill – bei wäitem net all! – Dozou, sech dem Macho-Gehabe unzeschléissen. Richteg Männer lästeren eben iwwert hier Conquêten an iwwert d’Fraen am allgemengen. Ween net mat mecht, ass kee richtege Mann a gëtt da gäeren erof gemaach.

Aus dësem Verhalen auszebriechen ass net einfach. Vill Elementer vum Machotum sinn déif an eiser Gesellschaft verankert. An dës Elementer mussen aktiv bekämpft ginn, wa mer d’Gesellschaft viru brénge wëllen. Well mir kënne Frae sou vill motivéieren, a méi technesch Beruffer ze goen, wéi mer wëllen: Wa mer dat Macho-Gehabe net aus deenen Industrien verdreiwen, wäert et fir d’Fraen ëmmer schwéier sinn, fir sech do néier ze loossen. An neen, do ass et definitiv net der Fra hier Schold, datt se sech net upasse wëll. U Sexismus muss kee sech upassen, Sexismus muss einfach verschwannen.

Datt et nach e laange Wee dohinner ass, weisen net nëmmen déi Schlagzeilen, mee och vill Kommentaren, déi et dorëmmer ginn. Do gëtt dann erëm iwwer political correctness gelästert, et gëtt behaapt, et dierft een awer elo wierklech guer näischt méi soen. Sech selwer a Fro ze stellen ass sécherlech eppes, wat vill Leit schlicht net hikréien, dobäi gehéiert et awer zum erwuesse sinn dozou, sech ze hannerfroen. Dat heescht och, eraus ze fannen, datt „Altherrenwitze“ a stereotyp Geschlechterbild schlicht an ergräifend einfach net méi akzeptabel sinn an eiser Gesellschaft.

Wann eng eenzel Persoun dat léiere kann, kann d’Gesellschaft et och.

Ähnlech Sujeten Digital, Digitaliséierung, Google, IT, Sexismus, Silicon Valey
Nächsten Artikel Virrechten Artikel