Search

You may also like

Brochlandung zu Istanbul, dräi Doudeger
International Neiegkeeten

Brochlandung zu Istanbul, dräi Doudeger

Um Fluchhafen „Sabiha Gökcen“ zu Istanbul ass gëschter Owend eng

Chamberwahlen: D‘Kommuniste stellen sech als konsequent Oppositioun op
International Neiegkeeten

Chamberwahlen: D‘Kommuniste stellen sech als konsequent Oppositioun op

Si wuel eng vun de klengste Parteien am Land, an

SpaceX start Erfollegräich seng stäerkste Rakéit: d‘Falcon 9 Block 5
International Neiegkeeten

SpaceX start Erfollegräich seng stäerkste Rakéit: d‘Falcon 9 Block 5

Déi amerikanesch Weltraumentreprise SpaceX huet e Freideg seng nei Rakéitegeneratioun

Net akzeptéiere wat inakzeptabel ass

en interview mam Gorden Isler

Net akzeptéiere wat inakzeptabel ass

Eng vun de mindestens esou schänterleche wéi verlugenen Aussoen, déi besonnesch vu rietsen Hardliner gäre benotzt gëtt ass, datt déi Leit déi sech am Mëttelmier engagéiere fir Mënschen ze retten, déi op der Flucht viru Krich an Aarmut sinn, Handlaanger vu Passeuren a Mënschenhändler sinn.

Datt d‘EU hir Missiounen am Mëttelmier agestallt, an dank enger ausbeuterescher Handelspolitik, mee och duerch Waffeliwwerungen enorm zu de Fluchtursaache bäidréit, an et nach Mënsche gëtt déi esou eppes wéi ee Gewëssen an Humanitéit hunn, ass dat wat een eigentlech géinteniwwer stellen. Mee et ass méi einfach no engem deen um Buedem läit ze trëppelen, wéi dësem nees op d‘Féiss ze hëllefen.

Mir hu mam Gorden Isler vun der ONG Sea-Eye geschwat, a hie gefrot, wéi ee sech bei all deem Haass an de falsche Beschëllegungen, ëmmer erëm motivéiert kritt, a wéi een iwwerhaapt derzou kënnt, sech fir hondsfriem Mënschen esou anzesetzen.

Wouhier kënnt Äert Engagement fir d’Séinoutrettung?

Ech war eréischt zënter 7 Woche Papp, ewéi ech d’Bild vum Alan Kurdi um Strand vu Bodrum gesinn hunn. Dat huet mech aus menger Komfortzone erausgerappt. Ech hunn e Bléck op d’Séinoutretter geheit a Sue gespent. Am Oktober 2016 hunn ech déi éischte Kéier un enger Missioun deel geholl.

An Zäit vun dräi Deeg hunn mir méi ewéi 1200 Mënsche gerett, mä mir konnten se net all retten. Um Schëff war ech zu all Moment a Sécherheet. Aus dëser Perspektiv ze gesinn, wéi all déi Mënschen ëm hiert Liewe gekämpft hunn, huet mäint verännert. Ech hunn nach u véier weidere Missiounen deelgeholl an am Februar 2018 gouf ech Virstand bei Sea-Eye. Zanterhier probéieren ech mäi Beruff a meng Famill mat dëser schwéierer Verantwortung ze verbannen.

Ewéi geet Är Famill mat dëser wichteger Verflichtung ëm?

Meng Famill ënnerstëtzt mech, wou se nëmme kann. Dat gëllt och fir meng Aarbechtskolleeg*innen. Ouni dëse wichtege Réckhalt wär ech net an dëser Positioun

Wéi vill Mataarbechter sinn u Bord? Gëtt och fir d’Personal psychologesch Ënnerstëtzung garantéiert?

Op der Alan Kurdi sinn ëmmer op mannst 8 professionell an erfuere Séifuerer. Dat ass eng Oplo vun onsem Flaggenstaat. Bis zu 12 Persoune si gemengnëtzeg u Bord.

Dat sinn Dokteren, Sanitäter, Mënscherechtsbeobachter a Rettungsbootfuerer. Eis Mannschafte ginn intensiv op hier Asätz virbereet. Si erhalen all Ënnerstëtzung, déi néideg ass. Déi meescht vun hinne sinn dofir méi dacks am Asaz. Verschidde professionell Séileit schaffe scho bal 2 Joer bei eis. Si fillen sech wuel a schätzen de Sënn vun dëser Aarbecht. Och wann et keng einfach Aarbechtsplaz ass.

Kënnt Dir eis vun Ärem schéinsten Erliefnis op Séi erzielen?

Am Mee 2017 hunn ech zur Sea-Eye-Ekipp gehéiert. Mir hunn an engem Nomëtte ronn 400 Mënsche gerett. Méi spéit sinn ech vu Middegkeet bal zesumme gaangen. E klengen nigerianesche Jong koum bei mech an huet mech opgemontert. Hie lieft. Dat weess ech sécher an dat gëtt mir Kraaft.

An dat Schlëmmst?

Am Oktober 2016 hunn ech an der Nuecht a bei Niwwel missen ukucken, ewéi e jonke Mann de Kampf ëm d’Liewen an der Luucht vu mengem Scheinwerfer verluer huet. De Kapitän huet mech direkt ugewisen, d’Luucht dohinner ze halen, wou nach Liewe war. Esou konnte mir nach e bëssen hëllefen. Dono hate mir Kanner mat schwéiere Verätzungen op der Krankestatioun. Si hunn no Otem gerongen. Déi ganz Statioun huet no Bensin gestonk. Dee koum aus de Kanister vun de Schlauchbooter. Engem ënnerkillte Mann, deen immens geziddert huet, hunn ech 20 Minutte laang d’Hand gehalen an hie mat enger Decke gewiermt. Dëst Nuecht wäert ech ni vergiessen!

Wéi gitt Dir mat den Ufeindungen am Netz an um Mier ëm?

Ech iwwerfléien se kuerz. Wann een d’Sazzeeche kuckt, kann e schnell erkennen ëm wat et geet. Ech läschen se direkt. Déi wéineg, strofrechtlech relevant Bréiwer oder E-Maile gi mir der Police weider.

Wéi vill Mënscheliewe konnten duerch Sea-Eye gerett ginn?

Mir waren un der Rettung vu méi ewéi 15000 Mënsche bedeelegt. Vill vun hinnen, wären elo einfach verschwonnen. Ech war bei Rettungen dobäi, vu Mënschen, wou keen eppes dervu wousst. Et ass kaum ze gleewen, datt, ee Mënschen a Séinout eleng mat engem Fernglas fanne kann. Wéi vill vun dëse Mënschen dëst Gléck net haten, bleift wuel fir ëmmer en Geheimnis vum Mier.

Wéi laang hutt Dir scho missen op e sécheren Hafe waarden? Viru Malta hu mir eemol missen 13 Deeg waarden, fir 13 Mënschen ofzeginn, déi mir an der maltesescher Sich- a Rettungszone gerett hunn. Eréischt eng Uklo vum Geriicht huet Malta zum Handele gezwongen.

Wéi kann een Sea-Eye ënnerstëtzen?

Fir d’éischt mat Suen. Et kann een net all Problemer vun der Welt mat Sue léisen, mä de Proviant a sämtlech Rëttungsmëttel, déi mir brauchen, ginn an Euro bezuelt. Een # eleng geet net duer. All kleng Spend hëlleft. Dozou brauch et haarde Protest. An d’Roserei gëtt ëmmer méi grouss – dat musse mir säit 5 Joer un onse Baussegrenze matkréien.

Wat fuerdert oder wënscht Dir Iech vun der EU? A wat wënscht Dir Iech fir d’Zukunft?

Mir brauchen eng staatlech Séinoutrettung oder wéinstens eng staatlech Koordinéierung an Zesummenaarbecht mat ziville Séinoutretter*innen. An d’Kriminaliséierung vun de Retter*innen soll en Enn hunn an dat falscht Bild, wat Politiker*innen ze veräntwerten hunn, muss mat ëffentlechen Erklärunge korrigéiert ginn. D’Lager a Griicheland an besonnesch Libyen mussen evakuéiert ginn. Europa muss humanitär a legal Fluchtweeër schafen. Dat ass dat eenzegt Mëttel fir Schlepperei ze bekämpfen.

D’Lager Moria ass ofgespaart. Wat passéiert elo – Ärer Meenung no? A wat sollt e maachen?

Moria ass ee vun der EU erschafen Ofschreckungslager. Mëttlerweil sinn 13000 Mënschen do internéiert ginn. D‘Coronaviruskris gouf dofir benotzt d’Mënschen nach méi schlecht ze behandelen. Déi griichesch Küstewuecht bréngt Mënsche selwer a Séinout a probéiert se zeréck an d’Tierkei ze drécken. Et ass e Skandal. En humanitäre Kipppunkt. D’EU huet an dëser Fro versot. Dat schaaft kee Vertrauen.

Nach e lescht Wuert un d’Lieser?

D’Geschicht huet eis dacks geléiert: Et däerf een nimools akzeptéieren, wat inakzeptabel ass.

Related topics Alan Kurdi, Flucht, Flüchtlingen, Gorden Isler, Migratioun, Sea-Eye, Séinoutrettung
Next post Previous post