Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Katalounien nom Uerteel
Neiegkeeten

Katalounien nom Uerteel

Och en Dënschdeg hu vill Katalanen sech dem Protest géint

D‘Police passt op datt sech beholl gëtt
Neiegkeeten

D‘Police passt op datt sech beholl gëtt

Fir eis Polizisten ass et den Ament och alles anescht

ACL: De Staat sollt sech méi op Motorrieder konzentréieren
Neiegkeeten

ACL: De Staat sollt sech méi op Motorrieder konzentréieren

An engem oppene Bréif riicht sech de Lëtzebuerger Automobilclub elo

GouvAlert.lu – Presentatioun vum Warnungs- an Informatiounssystem

GouvAlert.lu – Presentatioun vum Warnungs- an Informatiounssystem

Gëschter huet den Inneminister Dan Kersch d’Applikatioun GouvAlert.lu virgestallt. Duerch säin Optrag zur ziviller Sécherheet stellt hien eng kompetent Autoritéit fir d’Informatioun a Warnung vun der Populatioun duer.

Haaptfunktioun vun der App ass et, an enger Noutsituatioun, déi Auswierkungen op déi allgemeng Sécherheet kéint hunn, d’Bierger direkt ze informéieren.

GouvAlert.lu ass am Apple App Store a bei Google Play ze fannen. Se ass gratis a gëtt op dräi Sproochen ugebueden. Sou kann den Telefonsnoutruff 112 oder de Service vun der Krisekommunikatioun direkt Warnungen op nationalem Niveau zu schlëmmen Accidenter, schlechte Wiederverhältnisser, Feier, Problemer beim Drénkwaasser, nuklear Noutfäll asw. erausginn.

An engem Krisefall gëtt direkt eng Noriicht op den Handy vun de Benotzer vun der App geschéckt. Am Fall, wou de Firfall just eng bestëmmte Platz betrëfft, ginn och just d’Notzer am Emkrees benorichtegt.

gouvalert

Geolokalisatioun fir d’Rettungsdéngschter

Mat Hëllef vu GouvAlert.lu kann den Verletzten am Fall vun engem Accident direkt lokaliséiert ginn, wat dem Rettungsdéngscht d’Aarbecht erliichtert an eng méi schnell Interventioun zouléist.

D’App bitt vill Virdeeler an iwwermëttelt ausféierlech Informatiounen, déi ënnert anerem vum Site www.infocrise.lu kommen.

Foto: (v.l.n.r.) Christopher Schuh, CGDIS, Paul Schroeder, Generaldirekter vun der CGDIS, Dan Kersch, Inneminister, Alain Becker, Inneminister; Gilles Feith, Direkter vu CTIE

© sip/MINT

Ähnlech Sujeten Applikatioun, Dan Kersch, GouvAlert.lu, Rettungsdéngschter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel