Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ass den Opnamexame fir d‘Policeschoul ze schwéier?
International Neiegkeeten

Ass den Opnamexame fir d‘Policeschoul ze schwéier?

Nodeems de Minister fir Bannesécherheet, François Bausch (déi gréng) leschte

De Magazin „ons stad“ gënnt sech eng Frëschzellekur
International Neiegkeeten

De Magazin „ons stad“ gënnt sech eng Frëschzellekur

Virun enger gudder Woch huet déi Stater Buergermeeschtesch de neie

D’Doktere warne virun de Gefore vum allsäits beléiften Aluminium
International Neiegkeeten

D’Doktere warne virun de Gefore vum allsäits beléiften Aluminium

Mir all benotzen et, mee déi wéinegst Leit wëssen iwwert

Greenpeace: Am Kampf géint de Plastik

Greenpeace Lëtzebuerg verëffentlecht ee Manifest géint d'Plastikverschmotzung

Greenpeace: Am Kampf géint de Plastik

No intensive Verhandlungen, déi sech iwwer Méint gezunn hunn, huet d’EU déi mat Spannung erwaarte Gesetzer ugeholl, déi den Eeeweekonschtstoffer an der EU een Enn setze sollen. Den Text ass zwar ee bedeitende Schrëtt no vir, schwätzt d’Drénglechkeet vun der Kris awer net richteg un. Aus dësem Grond huet Greenpeace Lëtzebuerg ee Manifest erausbruecht, an dem déi multinational Konzerner opgefuerdert ginn, hir Ofhängegkeet vum Konschtstoff ze reduzéieren.

Déi grouss Entreprisen hunn sech elo scho vill ze laang eng gëllen Nues doru verdéngt, der Populatioun Verpackungen aus Konschtstoff opzezwéngen, ouni iergendeng Méiglechkeet, se ze vermeiden. Dobäi ass den Eeweekonschtstoff esou konzipéiert, datt e just wéineg Minutten, oder souguer Sekonnen, aktiv benotzt gëtt, ier en an der Poubelle lant. E verschwënnt schnell aus eisem Liewen, bleift dofir awer Joerhonnerten an der Ëmwelt bestoen, verschmotzt d’Ozeaner, eis Flëss a Biedem. Donieft entsti Gefore fir Mënsch an Déier.

Et sinn Konzerner, wéi beispillsweis Nestlé, Unilever, Procter & Gamble, Coca-Cola, Kraft, Heinz oder Colgate-Palmolive, déi ëmmer méi vun de Konschtstoffverpackunge benotzen. Souguer wa si behaapten, wéineg doriwwer ze wësse wou hir Verpackunge spéider landen, besteet trotzdeem d’Léisung, op Recyclage hinzeweisen.

greenpeace

© Biel Calderon / Greenpeace

An awer muss ee soen, datt Recyclage keng Léisung ass! Iwwer 90% vum bis ewell hiergestallte Konschtstoff sinn net recycléiert ginn, leien op Dreckstippen, landen an der Ëmwelt oder gi verbrannt, wouduerch gëfteg Schuedstoffer an d’Natur kommen. Eleng duerch Recyclage kann dës Kris also net iwwerwonne ginn.

„Mir erreechen een entscheedende Wendepunkt bei der Verwendung vun Eeweekonschtstoffer. Et ass un der Zäit, datt Entreprisen, deenen ee gesonde Planéit um Häerz läit, iwwert de Recyclage hinausdenken. Eeweekonschtstoffer stréime mat alarméierender Vitesse ëmmer weider an eis Ozeaner, eis Waasserweeër a Gemeinschaften“, erkläert d’Pauline Maes, Responsabel fir d’Kommunikatioun bei Greenpeace Lëtzebuerg.

Aus dësem Grond huet Greenpeace d’Ziel, d’Iwwerproduktioun scho bei der Quell anzedämmen, andeems si multinational Konzerner opfuerderen, hir Produktioun u Konschtstoffverpackungen zum Groussdeel ze reduzéieren. D’NGO fuerdert och d’Ëffentlechkeet dozou op, hir Konsumgewunnechten ze iwwerdenke fir esou Drock op d’Entreprisen auszeüben.

E puer Umierkungen

Enger Etüd no ginn 91% vum weltwäit produzéierte Plastik net recycléiert. Vergläiche kann een et mat engem ganze Camion voll Plastik, deen all Minutt seng Luedung an den Ozean schëtt.

D’Verschmotzung duerch Plastik kann d’Liewewiesen am Mier, esou wéi Séivillercher, Schildkröten a Waler zum erstécke bréngen. Den Ëmweltprogramm vun der UNEP schätzt, datt de Konschtstoff all Joer d’Ursaach fir den Dout vun honnertdausende Mieresliewewiesen ass.

greenpeace

© SAEED RASHID

Ähnlech Sujeten Eeweeplastik, Ëmweltverschmotzung, Greenpeace, Kampf géint de Plastik, Konschtstoff, Nestlé, Unilever
Nächsten Artikel Virrechten Artikel