Search

You may also like

Coronavirus: CARE Lëtzebuerg appelléiert un d‘Solidaritéit
Neiegkeeten Stories

Coronavirus: CARE Lëtzebuerg appelléiert un d‘Solidaritéit

160 Länner si weltwäit vun der Coronavirus-Pandemie betraff. CARE erweidert

Westjordanland: Wou sinn se drun?
Neiegkeeten Stories

Westjordanland: Wou sinn se drun?

An der Siidlung vun Efrat, sinn d‘Awunner fir eng Annexioun,

Exit-Covid19: Dänemark versicht et
Neiegkeeten Stories

Exit-Covid19: Dänemark versicht et

Den Ëmgang mat der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus

Grand Ducale: de kofferroude vu Steesel ass en Hommage un de „Red Ale“

Grand Ducale: de kofferroude vu Steesel ass en Hommage un de „Red Ale“

Déi Steeseler Stuff-Brauerei ass eng mat de klengsten artisanale Brauereien am Land, dofir ass d‘Häerz vun de Braumeeschter Joseph „Joe“ Hallack-Wolff an Antoine Biasino riseg. An och um kreative feelt hei net, wat sech unhand der „Grand Ducale“ och séier feststelle léisst. De Grand Ducale bestécht duerch säi kofferroude Mantel, a kann een als Hommage un de „Red Ale“ gesinn.

Woubäi et dann awer just en „Hommage“ ass, well de Red Ale eigentlech eppes ze séiss ass fir elo dem Verglach Stand ze halen. Mee faarflech passt et, an de Steeseler Grand Ducale, huet e gutt ofgeronnte Korpus an eng ganz zaart Nout vu geréischtertem Malz. Mat engem Alkoholgehalt vun 5,3% ass et e ganz verstännegen an genësserleche Béier, dee bei delikaten 8°C wëll gedronk ginn.

Hei sollt een och dat richtegt Glas bei Hand hunn. Optimal si Glieser „mat engem décke Bauch“ wou sech d‘Aromae vun der Grand Ducale esou richteg entfale kënnen. Beim aschenke sollt d‘Glas richt um Dësch oder dem Comptoir stoen, an de Béier Mëtteg a gemitterlech an lafe gelooss ginn, fir eng entspriechend Kroun ze erhalen. E Passt wonnerbar zu séiss-sauere Platen.

Ducale

Et muss net ëmmer eng industriell Anlag sinn – déi wuel och kaum Plaz an der Garage vun den Elteren hätt – esou wéi hei, dat geet schonn duer fir uerdentlech Aarbecht ze leeschten. Bei de Jonge vun der Stuff Brauerei, weess een sech den Ëmstänn unzepassen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Zu Gand huet alles ugefaangen

Datt et zu dëser „Mikro-Brauerei“ komm ass, ass de Fait geschëlt, datt den Antoine an den Joe sech – éischter zoufälleg – zu Gand an der Belsch iwwert de Wee gelaf sinn. De Gedanke vun enger Mikro-Brauerei war nach net ganz zu Enn geduecht, wéi sech béid Borschten nach emol zoufälleg zu Lëtzebuerg begéint sinn, wat jo och eppes iwwert den Zoufall ausseet.

Aus dem Gedanke gouf e konkrete Projet, an et wollt een eigentlech net laang fackelen a lassleeën. Mee esou séier wéi en et gären hätt geet et leider net, an et war dunn och nach esou, datt déi Lëtzebuerger Legislatioun (Braue muss vum Ministère vun der Waassergestioun an der Aarbechtsinspektioun geneemegt ginn) net fir esou butzeg Strukturen ausgeluecht ass. Misär?

Laut den deemolegen Ufuerderungen, hatt ee 15 Feierläscher, e Waasseropfangbaseng, Brandschutzdieren a villes méi gebraucht. Kuerz: et huet um Enn ganzer dräi Joer gebraucht, bis eis Frënn alles zesummen haten, an wier den Ombudsmann net gewiescht, hätt et wuel eppes méi laang gebraucht. Dat ass elo Vergaangenheet, an si erueweren sech verdéngt hir Plaz um Marché.

Foto: Wat wéi e Red Ale ausgesäit ass eng Grand Ducale, an si kënnt net vun ongeféier, mee vun der Stuff Brauerei vu Steesel. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Adventskalenner, Bière Artisanale, Craft Beers, Grand Ducale, Red Ale, Steinsel, Stuff Brauerei
Next post Previous post