Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Trump op Staatsbesuch a Japan
Kultur Neiegkeeten

Trump op Staatsbesuch a Japan

Et ass dem Donald Trump säin éischte Besuch am Land

Gesond Iessen, méi beweegen: Wéi kann ee jonk Leit abezéien?
Kultur Neiegkeeten

Gesond Iessen, méi beweegen: Wéi kann ee jonk Leit abezéien?

Am Kontext vum nationale Kader Gesond iessen, méi beweegen (GIMB)

money
Neies am Dossier ArcelorMittal/ILVA: „Nach gëtt gepréift“
Kultur Neiegkeeten

Neies am Dossier ArcelorMittal/ILVA: „Nach gëtt gepréift“

Aus engem Communiqué vun ArcelorMittal gëtt ervir, datt de Lëtzebuerger

Grandbrothers um Siren’s Call 2019

Grandbrothers um Siren’s Call 2019

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s Call Festival statt. Och dëst Joer iwwerzeegt d’Event nees mat multidisziplinären Erliefnisser a verwandelt de Gronn an eng kulturell Attraktioun. An dësem Kader stelle mir elo Woch fir Woch een Akt fir, op den Dir Iech scho freeë kennt!

Grandbrothers“ ass een Duo, bestoend aus dem Erol Sarp an dem Lukas Vogel. Déi zwee Kärelen, wouvunner een aus Däitschland an een aus der Schwäiz kënnt, wollte bei dësem Projet déi respektiv musikalesch Hannergrënn an Disziplinne verbannen. Dobäi trëffen klassesch Kompositiounen op d’Modern, experimentell Produktiounen op Sound Design.

Si bestiechen duerch ee klasseschen, an awer fortschrëttleche Klang, mat expressiven an emotionalen Ofschnëtter, ëmmer mat engem Fouss um Buedem. Hir Performance ënnersträicht dobäi d’Komplexitéit vun hirer Aarbecht a bréngt esou d’Léift zur Techno- a Club-Musek un de Grand-Publique.

Siren's Call

Siren’s Call 2019

Zum Line-Up vun 2019 gehéiere Metronomy (GB), Cat Power (USA), Band of Horses (USA), Idles (GB), Flavien Berger (FR), Grandbrothers (DE), Claire Laffut (BE), The Holy (FIN), Raftside (LUX), Claire Parsons(LUX), Uriel Barthélémi (FR) a C’est Karma (LUX).

Natierlech kritt een am Food Village och de Baichi gefëllt, an dat mat Iessen aus der Regioun an enger Wäin-Bar aus bio-dynameschem Wäin a Crément.
Den Ticket kascht 52€ +Taxen. Kanner ënnert 10 Joer komme gratis eran. All Kand ënnert 14 Joer muss vun engem Erwuessene begleet ginn.

Ähnlech Sujeten Elektro, Festival, Grandbrothers, Musék, Siren's Call 2019
Nächsten Artikel Virrechten Artikel