Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Supertaifun Mangkhut trëfft op d‘Philippinnen
Kultur Neiegkeeten

best free hookup dating apps

De Supertaifun Mangkhut huet um fréie Samschdegmueren den Norde vun

https://moien.lu/speed-dating-delmenhorst/
Kultur Neiegkeeten

Siwe Bicher, déi s de am Summerreen liese kanns

De Summer mécht eng kleng Paus, wéi et ausgesäit. Ween

Weis eis, wéi staark däi Lëtzebuergesch ass!
Kultur Neiegkeeten

Weis eis, wéi staark däi Lëtzebuergesch ass!

Och dës Woch hu mer erëm vill schwéier Wierder erausgesicht.

De besonnesche Charm: Graphic Tattoo Convention am Casino 2000

De besonnesche Charm: Graphic Tattoo Convention am Casino 2000
© Shari Pleimelding/moien.lu
De besonnesche Charm: Graphic Tattoo Convention am Casino 2000
© Shari Pleimelding/moien.lu
De besonnesche Charm: Graphic Tattoo Convention am Casino 2000
© Shari Pleimelding/moien.lu
De besonnesche Charm: Graphic Tattoo Convention am Casino 2000
© Shari Pleimelding/moien.lu
De besonnesche Charm: Graphic Tattoo Convention am Casino 2000
© Shari Pleimelding/moien.lu

Vergaangene Weekend ass déi éischt Editioun vun der Graphic Tattoo Convention organiséiert ginn. Mat enger neier Location am Casino 2000 zu Munneref an 80 Kënschtler hunn d’Organisateuren der innovativer Iddi ee gewësse Charme ginn an esou zuelräich Visiteuren ugelackelt.

Um Samschdeg Mëtteg sinn pünktlech um 12:00 Auer d’Diere vum Casino opgaange fir esou Tattoo-begeeschtert Leit ze empfänken. Et sollt déi éischt Editioun am neie Format ginn, bei der ausschliisslech Motiver am graphesche Stil ënnert d’Haut komm sinn. Heizou gehéieren eng Rei Stiler, déi ee sech op dëser Convention ukucke konnt oder souguer duerch d’Erop- an Erofgoe vun den Nole spiere konnt. Opziele kann een hei beispillsweis:

  • Fineline: Mat villen immens dënne Linnen entsti Schraffuren, déi um fäerdege Wierk Schieter bilden an esou ee semi-realistescht Bild entstoe loossen.
  • Blackwork: Heibäi ginn d’Motiver just mat schwaarzer Faarf an immens staarke Kontraster gestach, sou datt guer keng Gro-Téin entstinn.
  • Dotwork: Esou een Tattoo besteet aus millioune klenge Punkten déi zesummen een eenzegaartegt Wierk erginn. Am graphesche Beräich ginn esou oft Mandalaen an aner geometresch Formen opgewäert.
  • Mandala: Si zeechnen sech duerch hir ronn a symmetresch Form aus, déi ëmmer um Mëttelpunkt orientéiert sinn. D’Linnen sinn dobäi mat schwaarzer Faarf gestach an wierken ouni Dotwork zweedimensional.
  • Geometric: Wéi den Numm et scho seet gëtt hei mat geometresche Forme geschafft. Oft huet heibäi och Symmetrie an eng gewëssen Dräidimensionalitéit duerch d’Unuerdne vun de Formen eng wichteg Roll. Deelweis kënne souguer optesch Täuschungen entstoen.
  • Graffiti/Sketch: Dës Motiver gesinn aus, wéi wann se mam Bläistëft, dem Pinsel oder engem anere Medium op de Kierper opgemoolt wieren. Kombinéiere kann een dëse Stil mat faarflechen Highlights duerch den Aquarell-Stil.

Bei engem klengen Interview mam Scylla Pierce, Organisator vun den The Storm Tattoo Conventions a selwer groussflächeg mat Tënt verschéinert, huet erkläert, datt d’Grafik an de leschte Joren een immensen Opschwong erlieft huet an der Tattoo-Zeen. Bei den normalen Evenementer ginn allerdéngs aner Stiler méi ervir gehuewen, wouduerch de graphesche Beräich un Bedeitung verléiert. Grad duerch d’Beléiftheet vun dësem Stil muss et eng Convention ginn, déi sech just mat dësem Beräich vun der Kierperkonscht befaasst, woubäi ee soe muss, datt och de Begrëff „Graphic“ nach immens vill Ënnerkategorien huet. Doduerch konnt een och zu Munneref nees mat enger immenser Diversitéit u Stiler a Motiver rechnen!

Graphic Tattoo Convention

© Shari Pleimelding/moien.lu

A fir déi éischt „Graphic Tattoo Convention“ esou richteg ervir ze hiewen huet den Scylla Pierce sech och a Saache Location eppes afale gelooss. Üblecherweis fannen d’Evenementer vun The Storm an der Luxexpo um Kierchbierg statt. Mam spezielle Charakter vum Casino 2000 gouf dat mat Tënt gefëllten Event an ee ganz anert Liicht bruecht. A genau bei dësem Stéchwuert kann ee bleiwen: de Casino 2000 bitt mat senge verschiddene Beliichtungen an der grousser Diversitéit u Faarwen am Gebai eng ganz aner Perséinlechkeet, wéi den urbane Stil vun der Luxexpo. Esou kann ee souguer zouginn, datt d’Kierperkonscht duerch de Choix vun der Location op een immens edelen Niveau erhuewe ginn ass.

Nieft de vibréierenden Tattoo-Maschinne konnt ee sech duerch d’Beats vun engem DJ duerch de Weekend féiere loossen. Mee och mat verschiddene Concerte sinn d’Visiteuren ënnerhale ginn. Op een elo mat enger konkreter Iddi an engem Rendez-Vous an der Täsch heihi komm ass, ee sech just informéiere wollt, kucke wéi eng Kënschtler et ginn oder einfach ee flotten Dag mat de Frënn verbrénge wollt, op dëser Convention war sécherlech fir jiddwereen eppes mat dobäi.

An nieft der Kierperkonscht hat ee schliisslech och d’Méiglechkeet artistesch Meeschterwierker a cool Produiten ze kafen, déi zur Dekoratioun vun der Mauer, dem Verschéinere vum eegene Kierper oder och der Fleeg vun Tattooen a Piercingen genotzt kënne ginn.

Vun eiser Säit aus kënne mir d’Graphic Tattoo Convention als vollen Erfolleg bezeechnen. Mir hoffen, datt och d’nächst Joer nees dëst Evenement an esou engem fantastesche Kader stattfënnt. Vläicht war et jo souguer de Startschoss fir méi Veranstaltungen am Beräich vun der Kierperkonscht am Casino 2000?

Ähnlech Sujeten Casino 2000, Graphic Tattoo Convention, Scylla Pierce, Tattoo, The Storm
Nächsten Artikel Virrechten Artikel