Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dem Kevin Spacey säin Oflenkungsmanöver ass zum Gléck net opgaangen
best free american dating sites

Dem Kevin Spacey säin Oflenkungsmanöver ass zum Gléck net opgaangen

Wann een aus #Metoo eppes léiere kann, da wuel, datt

https://moien.lu/hookup-apps-free-2018/
best free american dating sites

ULC: Opgepasst op Handwierker-Bedruch!

Reparaturen an Déngschter vun Handwierker am a ronderëm d’Haus bréngen

Däitschland: Zoff tëscht de konservative Schwësterparteien
best free american dating sites

Däitschland: Zoff tëscht de konservative Schwësterparteien

Zrécktrieden oder bleiwen? Tëscht dem däitschen Inneminister Horst Seehofer (CSU)

Gratis ëffentlechen Transport ab dem 1. Mäerz 2020

Déi „éischt Klass“ bleift eis erhalen a vun der Mesure ass och nëmmen den „nationalen“ transport betraff

Gratis ëffentlechen Transport ab dem 1. Mäerz 2020

Fir et direkt emol däitlech ze maachen: de Minister François Bausch seet datt „d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport ass kee Wonnermëttel fir d‘Leit op den ëffentlechen Transport ze bréngen. (…) et ass d‘Kiischt op engem Kuch deen nach muss gebak ginn“.

Domatter waren d‘Jalonen zur Erklärung an Erläuterung vun engem zukünftege gratis ëffentlechen Transport gesat, a et konnt een déi weider Explikatioune kaum erwaarden. Als Introduktioun huet de Minister dann op eng Rei interessant Zuelen higewisen. Et goufen tëscht 2013 an 2018 honnerte Milliounen an d‘Schinneninfrastrukture gestach, an esou wéi et gëschter annoncéiert gouf, sollen tëscht 2018 an 2023 nach emol 2,2 Billiounen an den Reseau, d‘Garen an d‘Material gestach ginn.

E wier fir 400 Millioune Material bei Alstom (déi elo mat Siemens fusionéieren) bestallt ginn. Laut dem Minister de gréissten Eenzeloptrag deen Alstom a senger Firmegeschicht erhalen huet. Mee net eleng d‘Eisebunnsinfrastrukture ginn ausgebaut. Och eisen Tram verlaangt weider Investitiounen an déi bedroe fir 2018/23 ronn 388 Milliounen. De François Bausch weist drop hin, datt den Tram do zirkuléiert, wou déi meeschte Leit schaffen, an 10 Pôle d‘Echange gebaut gi fir alles ze verbannen.

Un enger „Reform“ vum Busreseau géif och geschafft. Dëse Reseau soll vu Grondop bis 2021 erneiert, respektiv un déi nei Gegebenheeten ugepasst ginn. Den ëffentlechen Transport soll zudeem ëmweltfrëndlech sinn, firwat an der Haaptstad, d‘Busser ab 2030 nëmmen nach mat elektresch zirkuléieren. Och um sougenannte „Modu 2.0“ gëtt festgehalen, an hei leeft de Programm bis 2035. Wéi ee gesäit, un Erausfuerderunge feelt et den Acteure vum ëffentlechen Transport net.

Kee Kaddo mee eng sozial Moossnam

Fir de Minister ass et wichteg ze betounen, datt d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport net an éischter Linn agefouert gëtt, well ee sech erhofft, datt méi Leit dëse Service Notzen, do spillen eng ganz Rëtsch aner Parameter eng iwwerguerdent Roll. Hei wier et primär eng sozial Moossnam déi d‘Regierung beschloss huet. Mënsche fir den ëffentlechen Transport ze begeeschteren, huet eppes mat „Service“ ze dinn. An dat ass wahrscheinlech deen ominéise Kuch deen et nach ze bake gëllt.

D‘Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport op den 1. Mäerz vum nächste Joer, huet de Minister och begrënnt. Et hätt ee sech fir dëse Stéchdatum entscheet, fir datt d‘Leit sech op de Changement kënnen astellen. Verständlech, well vun haut op muer ëmstellen, dat géif bedeiten, datt Leit en Abonnement hunn, hei zumindest eng partiell Réckerstattung erhale missten, wat eleng vum Opwand hir, schlicht an ergräifend kengem zouzemudden ass. An et soll jo alles gutt virbereet ginn.

Zu dëse Virbereedunge gehéieren d‘Upassung vun de Tariffer am grenziwwerschreidende Verkéier, well d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport och all deene Mënschen zerguttst kommen, déi all Dag an d‘Land schaffe kommen. Woubäi sech d‘Gratuitéit ausschliisslech op de Lëtzebuerger Territoire bezitt, d‘Grenzgänger also fir de Streckenofschnëtt an hire respektive Länner, nach eppes ze bezuele kréien. Insgesamt sollt de gratis ëffentlechen Transport awer och hinnen eng Erspuernes bréngen.

Et gi keng Aarbechtsplazen ofgebaut

Säitens de Gewerkschafte gëtt gefaart, datt duerch d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport, eng Rei Aarbechtsplaze géife „verluer goen“. Dee Punkt konnt de François Bausch allerdéngs klären. Wann iwwerhaapt, entfalen zwou Funktiounen: déi vun der Billjeeskontroll an de Verkaf dovunner. Woubäi och nom Februar 2020 nach Billjee verkaf wäerte ginn. Zum engen d‘Billjee fir den internationale Verkéier, an déi fir d‘éischt Klass, well déi bleift eis am Zuch erhalen.

De Beruff vum Zuchbegleeder ännert sech also net fundamental, och wa sech säin Aufgabeberäich vum haidegen eppes ënnerscheeden dierft. Mee déi Leit si a villen Hisiichte wichteg: si suerge fir Sécherheet, sinn Uspriechpartner bei ufalende Froen a mussen déi éischt Klass „betreien“ déi jo weiderhin nëmme mat engem Billjee dierf benotzt ginn. Et dierft éischter zu méi Personal kommen, wéi dat es kann ofgebaut ginn, well de Reseau jo och méi effizient dierft ginn.

Erhale bleift och dem M-Pass, dee jo net eleng den ëffentlechen Transport ofdeckt, mee och genotzt gëtt fir d‘M-Boxen op de Garen an/oder de Park & Ride Parkingen ze notzen, sech e Vëlo ze léinen a villes aneres méi. Eng Erweiderung vun de Service mam M-Pass ass zudeem ze envisagéieren: et kéint een dëse benotze beim Car-Sharing an Servicer wéi d‘CFL se mam System „Flex“ ubitt. Och fir de System „Chargy“ wou een de e-Auto opluede kann, kann den M-Pass genotzt ginn.

Legislatioun? E ministeriellt Reglement geet duer

Fir d‘Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport, muss een och d‘Gesetz, oder wéi an dësem Fall dat ministeriellt Reglement den neien Dispositiounen upassen. Et dierft muenches ginn datt verbesserungswierdeg ass, an et dierft sécherlech net vu Muttwëll sinn, sech och de Strofkatalog nach emol zu Gemitt ze féieren. An dësem Kontext ginn dann och elo Aarbechtsgruppen agesat, wou d‘Exploitante Plaz hunn, an derzou bäidroe sollen, datt d‘Detailer am Virfeld gekläert sinn.

Déi ganz Aktioun huet e Präis. Woubäi dëse mat 41 Milliounen Euro relativ niddreg ugesat ass, wat sech awer doduerch erkläert, datt et sech bei dëser Zomm, ëm dat Geld handelt wat net méi duerch de Verkaf vu Billjeeën erwirtschaft gëtt. De sougenannte „Verloscht“ hält sech also a Grenzen, dréit awer zu enger méi gerechter Gesellschaft bäi. Och en Abonnement vu 400 Euro/Joer ass fir e Menage mat geréngem Akommes eng zolidd Belaaschtung, an huet en direkte sozialen Impakt.

Ze Bemierken ass allerdéngs, datt hei nëmme vun der Gratuitéit fir de nationale „Reseau“ geschwat gëtt. Also déi Strecken, déi vum Staat „organiséiert“ ginn. Technesch betruecht, an hei spillt dat wat ee „Gemengenautonomie“ nennt eng wichteg Roll, kënne Gemenge fir hir Servicer weider eng Tax erhiewen. Dat heescht, datt net all Bus an der Stad „gratis“ ass. Wéi d‘Stad Lëtzebuerg sech zur Gratuitéit vum ëffentlechen Transport verhält, gëtt eis hoffentlech muer beim Kaffi erzielt.

Foto: Mat der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport, iwwerhëlt Lëtzebuerg an Europa eng weider Pionéierroll. De Minister François Bausch ass vum Projet iwwerzeegt an hofft, datt sech och déi Gemengen déi en eegenen Transport-Service hunn, dem Ministère an sengem Effort uschléissen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten ADAPTO, AVL, CFL, François Bausch, Gratis Ëffentlechen Transport, LuxTram, RGTR, TICE
Nächsten Artikel Virrechten Artikel