Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

tongue
Nordkorea bitt dem Trump eng Erausfuerderung un
Meenung

Nordkorea bitt dem Trump eng Erausfuerderung un

Um Mëttwoch huet Nordkorea eng ballistesch Interkontinentalrakéit ofgeschoss, déi amstand

cryingmoneysurprise
Handelskrich tëscht China an USA: de séchere Wee an d‘Verdierwen
Meenung

Handelskrich tëscht China an USA: de séchere Wee an d‘Verdierwen

E Freideg huet China d‘Welthandelsorganisatioun (WTO) saiséiert, fir d‘Akraafttriede vun

Mëttelmier: Nees e Schëff mat Migrante blockéiert
Meenung

Mëttelmier: Nees e Schëff mat Migrante blockéiert

De Kapitän vun engem Handelsschëff, dee 40 Migranten aus dem

Beim gratis ëffentlechen Transport geet et net nëmmen ëm Attraktivitéit

Beim gratis ëffentlechen Transport geet et net nëmmen ëm Attraktivitéit

Et ass dann awer nees bemierkenswäert, wéi eng Iddien aus politesche Randgruppen hire Wee an de sougenannte Mainstream fannen. Woumat eng mi breet Diskussioun tëscht de Parteien lassgetrëppelt ass. Esou elo de Fall, wat de gratis ëffentlechen Transport ugeet. D’Demokratesch Partei huet dëst Element elo an hirem Wahlprogramm opgeholl. Mee d’Reaktioune si bis elo verhalen.

Vis à Vis vun RTL huet elo den Transportminister François Bausch (déi gréng) gemengt, datt de Präis den ëffentlechen Transport net méi oninteressant géing maachen. Dëst ass net falsch, de Präis vum ëffentlechen Transport ass bemierkenswäert niddreg. Gréisste Problem vum Transport wieren aktuell d’Pünktlechkeet an och deelweis d’Qualitéit vun den Ubannungen. Och wann dës Remarken richteg sinn, esou ass et ze hannerfroen, firwat dat eent dat anert blockéiere sollt.

D’Diskussioun ronderëm den Thema ass e bëssche konfus

En Ausbau géing net duerch d’Gratismaache verhënnert ginn. Éischter géing een dobäi eng laangfristeg Motivatioun schafen, fir dëse méi staark virun ze dreiwen. An dobäi wier et elo net esou, datt d’Fuerderung no engem gratis ëffentlechen Transport komplett isoléiert do stoe géing. D’Demokratesch Partei huet sech op hirem Kongress beispillsweis kloer dozou bekannt, den Tram an all méiglech Richtungen (Süden, Mamer, Leideleng, Jonglënster an doriwwer eraus) auszebauen.

Dat sinn dach gutt Nouvellen! An esou deet et mech wonneren, datt de François Bausch sech sou dorops behaapt, datt d’Leit weider eppes bezuele sollen. Op mannst ass ee sech elo schonn eens, datt de Käschtepunkt – am Raum stinn 30 Milliounen Euro – relativ iwwerschaubar ass, an an dëser Diskussioun keng immens Roll spillt. Mee wann dat sollt de Fall sinn, ass et ëmsou méi komesch, datt een dorunner wëll festhalen, datt e käschteflichteg soll bleiwen.

Vun der Kritik, datt et sech dobäi ëm eng populistesch Fuerderung géing handelen, kann ech des weideren net vill ufänken. Souguer wann se populistesch wier, misst een d’Fro stellen, op dëst an dësem Kontext da schlecht wier. Wou läit de spezifeschen Nodeel, wann den ëffentlechen Transport näischt méi kascht? Déi Fro gëtt leider oppe gelooss, mee villäicht bréngt do nach een eng vernënfteg Äntwert. Bis Oktober ass jo nach e bësschen Zäit.

Ähnlech Sujeten DP, Ëffentlechen Transport, François Bausch, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    2

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    2