Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hurrikan Dorian: Et war kee Frëndschaftsbesuch
deutschland free dating site

Hurrikan Dorian: Et war kee Frëndschaftsbesuch

Den Hurrikan Dorian huet nach ëmmer net ganz vun de

job dating pret a porter
deutschland free dating site

dating for 7 months

Dräi wichteg Punkte fir den SC Beetebuerg an eng moralesch

E Sozialplang fir d‘Salariéeë vun der RBC ass ënnerschriwwe ginn
deutschland free dating site

E Sozialplang fir d‘Salariéeë vun der RBC ass ënnerschriwwe ginn

D‘Gewerkschafte LCGB-SESF, OGBL an ALEBA hunn haut de Muere matgedeelt,

Sécher ukommen: Gratis ëffentlechen Transport u Silvester

Sécher ukommen: Gratis ëffentlechen Transport u Silvester

Wéi de Verkéiersverbond matdeelt wäert um Silvester-Owend an Neijoerschdag den ëffentlechen Transport gratis sinn. Ab dem 31. Dezember 2019 um 4 Auer Moies bis den 1. Januar 2020 um Mëtternuecht kann ee sech soumat féiere loossen. Beim nationalen Zuchverkéier trëfft dës Gratuitéit just op déi 2. Klass zou.

Wéi all Joer informéiert de Verkéiersverbond Iech och zu de spezielle Servicer an Auerzäiten, fir esou vum ëffentlechen Transport Gebrauch ze maachen. Och de Service vun Adapto fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit ginn ausgebaut. D’Reservatioun muss just fréi genuch am viraus gemaach ginn, wëll hei d’Plaze limitéiert sinn.

Wéi et mam Zuch ausgesäit

D’CFL garantéiert déi ganz Silvesternuecht bis Neijoerschdag den Zuchtransport. Tëscht Mëtternuecht a 6 Auer Moies ginn all Stonn Spezialzich a béid Richtungen agesat:

  • Tëscht Ëlwen a Rodange (iwwert Lëtzebuerg an Esch-Uelzecht)
  • Tëscht Waasserbëlleg a Rodange (iwwert Lëtzebuerg an Dippech)
  • Tëscht Lëtzebuerg a Klengbetten

Zum Bus

Um Dënschdeg, den 31. Dezember 2019 fueren d’Busser vun der CFL, dem RGTR an TICE zu den normale Stonnen. D’Stad Lëtzebuerg informéiert dobäi, datt och déi 7 Linne vum City Night Bus, wéi och eng Partie vum Linneservice déi ganz Nuecht iwwer garantéiert ginn. Si behalen hir normal Fuerzäite bäi a fuere bis 5:30 Auer vun Neijoerschdag, respektiv 6:30 Auer. D’Detailer heizou ginn op sylvestre.vdl.lu ugewisen.

Um Mëttwoch, den 1. Januar 2020 wäerten d’Busser vun der AVL, der CFL an dem RGTR ab 8:00 Auer zu den normalen Zäite fueren. De Reseau vum TICE verleeft allerdéngs zu den Auerzäite vun engem Feierdag.

Persoune mat reduzéierter Mobilitéit hunn d’Méiglechkeet vu Call-a-Bus Gebrauch ze maachen an esou vu Mëtternuecht bis 5:00 Auer Moies un Neijoerschdag gefouert ze ginn. Wien vum Service profitéiere wëll soll sech ënnert der Telefonsnummer 4796 4797 mellen. Weider Informatioune ginn et ënnert callabus.vdl.lu.

Zum Tram

An der Silvesternuecht fiert den Tram ouni Ënnerbriechung ab 21:45 Auer am 15-Minuttentakt:

  • Trajet Luxexpo – Stäreplaz: Leschten Depart um 5:45 Auer
  • Trajet Stäreplaz – Luxexpo: Leschten Depart um 6:03 Auer

Op Neijoerschdag

  • Trajet Luxexpo – Stäreplaz: Ab 7:04 Auer bis 23:34 Auer
  • Trajet Stäreplaz – Luxexpo: Ab 7:22 Auer bis 23:52 Auer

Weider Informatioune ginn et ënnert www.luxtram.lu.

De Lift Pafendall – Gronn

De Lift, deen de Plateau Saint-Esprit an de Gronn verbënnt wäert déi ganz Nuecht iwwer op sinn.

Nëtzlech Kontaker

Ähnlech Sujeten Bus, Call a Bus, Gratis Ëffentlechen Transport, Gronn, Lift, Mobilitéit, neijoerschdag, Paffendall, Sécher ënnerwee, Silvester, Tram, Transport, Verkéier, Zuch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel