Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Exit-Strategie: Liicht um Enn vum Tunnel?
Neiegkeeten

Exit-Strategie: Liicht um Enn vum Tunnel?

Eraus aus der Coronakris – Bei der Pressekonferenz vun haut

Riseg Maniff zu Barcelona: D‘Katalane fuerdere Fräiheet fir déi politesch Prisonéier
Neiegkeeten

Riseg Maniff zu Barcelona: D‘Katalane fuerdere Fräiheet fir déi politesch Prisonéier

Honnertdausende Katalanen hunn e Sonndeg zu Barcelona géint d‘Haft vun

What the Fakt – Den Dracula gëtt bësseg!
Neiegkeeten

What the Fakt – Den Dracula gëtt bësseg!

Um 14. Februar 1931 ass den Horrorfilm „Dracula“ vum Regisseur

Elo gratis ze bestellen: Landkaart mat lëtzebuergeschen a franséischen Uertsnimm

Elo gratis ze bestellen: Landkaart mat lëtzebuergeschen a franséischen Uertsnimm

Ëlwen / Troisvierges, Gehaansbierg / Mont Saint Jean, Larochette / Fiels …: Dacks ginn et zwee verschidden Nimm fir déi selwecht Lokalitéit. Fir et de Kanner a Jugendleche méi einfach ze maachen, den offiziellen, meeschtens franséischen Numm mat dem lëtzebuergeschen Numm ze associéieren, huet de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend eng Landkaart mat den Nimm vun den Uertschaften an de Flëss a béide Sproochen erausbruecht an un all Grondschoulen a Lyceeë geschéckt.

Dës zweesproocheg Landkaart ass natierlech och fir Erwuessener nëtzlech. Si kann dofir vu jidder Interesséierten am A2-Format gratis beim Ministère bestallt ginn. De Bestellformulaire fënnt een HEI.

Déi lëtzebuergesch Uertsnimm goufe vum Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch (Conseil permanent de la langue luxembourgeoise, CPLL) festgehalen. Op cpll.lu fënnt een ausserdeem eng Lëscht mat den uechter d’Land geleefegen Nimm, déi op der Kaart publizéiert goufen,  a mat deenen Nimm, déi eventuell éischter an den Uertschafte selwer benotzt ginn.

Ähnlech Sujeten Bestellformulaire, CPLL, Educatiounsministère, Franséich, Gratis, Landkaart, Lëtzebuergesch, Lokalitéit, Uertsnimm
Nächsten Artikel Virrechten Artikel