Search

You may also like

Huet sech de Sultan verrechent?
Neiegkeeten

Huet sech de Sultan verrechent?

Laut dem politesche Wëlle sollte bis zu 250.000 Syrer nees

Keng Léieren aus der Fukushima-Katastroph gezunn
Neiegkeeten

Keng Léieren aus der Fukushima-Katastroph gezunn

No der Atomkatastroph vum 11. Mäerz 2011 zu Fukushima (Japan),

Krautmaart: wat ausser dem Premier senger Ried gebuede gëtt
Neiegkeeten

Krautmaart: wat ausser dem Premier senger Ried gebuede gëtt

Wann ee sech sollt dierfen drop verloossen, datt de Premierminister

Gratis Plastikstuten: 28 vu 450 kontrolléierten Etablissementer hu se nach offréiert

Gratis Plastikstuten: 28 vu 450 kontrolléierten Etablissementer hu se nach offréiert

Nodeems zënter dem 31. Dezember 2018 keng gratis Plastikstuten a Geschäfter méi offréiert dierfe ginn, huet d’Douane, wéi am Oktober 2019 ugekënnegt, national Kontrollen duerchgefouert. Am November an Dezember leschte Jores sinn ganzer 450 Etablissementer (Geschäfter, Restauranten an aner Verkafspunkten) méi genee ënnert d’Lupp geholl ginn.

Eraus koum, datt ganzer 28 Etablissementer (6,25 %) sech net un d’Reegelung gehalen hunn. Als Konsequenz goufen si nach emol op dat groussherzoglecht Reglement vum 21. Mäerz 2017 opmierksam gemaach.

Enn Februar 2020 goufen déi 28 Etablissementer nach emol kontrolléiert. Ma bis op een Acteur haten sech all concernéiert Ariichtungen dem Text ugepasst an déi gratis Plastikstuten aus de Raimlechkeete verbannt. Den een, deen aus der Roll fale misst, gouf mat enger administrativer Strof vu 500 € schwéier getraff…

Plastikstuten

© AEV

Als Erënnerung: Eleng dënn Plastikstuten (>15 Mikron), déi aus Hygiensgrënn oder als Verpakung fir lasse Liewensmëttel genotzt ginn, sinn vun dëser Aschränkung ausgeschloss. Zil ass et, de Gebrauch vun Eewee-Plastikstuten ze reduzéieren. De Verbraucher soll op déi Akafstuten zeréckgräifen, déi ee méi oft notze kann an domat d’Ëmwelt, d’Gewässer an de Klima schützen.

Opmaacherfoto: © AEV

Related topics Akafskuerf, Douane, Eewee-Plastik, Gratis Plastikstuten, Groussherzoglecht Reglement, Kontroll, Verstouss
Next post Previous post