D’Police feiert säi Schutzpatroun, den Hellege Méchel
Bei der Feier vum Hellege Méchel, dem Schutzpatroun vun der
Bei der Feier vum Hellege Méchel, dem Schutzpatroun vun der
Nom Lockdown gouf et héich Zäit fir e Besuch am
Ganzer 12 Sitte si vun der Lëtzebuerger Arméi opgebaut ginn, fir datt och d’Grenzgänger vun de gratis Schutzmasken profitéiere kënnen. Ganzer 10 Millioune Schutzmasken sollen esou, laut Regierung, un 205.000 Frontalieren goen. Scheinbar gouf dobäi awer net berécksiichtegt, datt ze vill Generositéit och mëssbraucht kéint ginn.
Den Här Jacques Weber, dee sech um Internet als pensionéierte Bauer ausgëtt, eréischt säit Abrëll een Facebook-Account huet a wuel och eng falsch Profilfoto notzt, mécht mat engem Post op sech opmierksam. Sécher handelt et sech em ee falscht Profil, mee vläicht mécht grad dëst Beispill däitlech, datt d’Regierung an der Legislatioun ee wichtege Punkt vergiess huet: Mat engem groussherzogleche Reglement kéint een engem méiglechen Abus virbeugen, respektiv bestrofen.
De Weiderverkaf vun de gratis 50 Schutzmasken pro Kapp, déi momentan souwuel u Residenten, wéi och u Frontaliere gratis verdeelt ginn, ass nämlech net verbueden. Sollt dës Persoun seng Maske vu Lëtzebuerg hunn, esou ass hie rechtlech gesinn leider net am Feeler. An awer ass et net ubruecht, Profit aus engem Cadeau schloen ze wëllen.
Jo, de Mann gëtt an alle Sproochen hefteg kritiséiert. Schliisslech si vill Strukturen an Organisatiounen op ausräichend Schutzmasken ugewisen. Ma, elo wier et un der Zäit, datt den Inneministère an de Verdeedegungsminister François Bausch, dee sech dem Communiqué vu gëschter zu den Upassungen vun den Ëffnungszäiten zum Verdeele vu Masken u Frontalieren no immens houfreg iwwert de Progrès an den Engagement vun alle concernéierten Acteure weist, duerchgräift.