Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’EU ergräift Sanktioune géint de Venezuela
Kultur Neiegkeeten

D’EU ergräift Sanktioune géint de Venezuela

Bréissel huet um Méindeg d’Entscheedung getraff nei Sanktioune géint de

Kollektivvertrag bei der Cargolux: Et geet an d‘Mediatioun
Kultur Neiegkeeten

Kollektivvertrag bei der Cargolux: Et geet an d‘Mediatioun

Mat der Cargolux ze verhandelen, besonnesch wann et drëms geet

Hong Kong: US-President fuerdert eng human Léisung
Kultur Neiegkeeten

Hong Kong: US-President fuerdert eng human Léisung

Nodeems et Berichter ginn huet, datt déi chinesesch Regierung Sonnereenheete

Gratis Tickete fir de Lëtzebuerger Adventszirkus

Gratis Tickete fir de Lëtzebuerger Adventszirkus

Vergaangene Méindeg huet de Stater Schäfferot een Don vun 1050 Entréestickete fir de Lëtzebuerger Adventszirkus un zuelräich Associatioune verdeelt.

Dës gratis Tickete goungen un ALAN-Maladies rares Luxembourg, AVR-Association nationale des victimes de la route, Autisme Luxembourg, Back to Sport, Caritas Luxembourg, Rout Kräiz Lëtzebuerg, Den Cent Buttek Beggen, Fondation Autisme Luxembourg, Fondation Kriibskrank Kanner, Fondation Wonschstär, Een Häerz fir kriibskrank Kanner, Mir wëllen Iech ons Heemecht weisen, Kannerklinik, Kannerland, Reech eng Hand, SOS-Kannerduerf, Trisomie21, ZAK-Zesummen aktiv, wéi och un d’Foyere vun DPI vun l’OLAI an un SHUK-Structure d’hébergement d’urgence Kirchberg, un Maison de la Porte Ouverte an un d’Stëmm vun der Strooss.

Bei dëser Geleeënheet huet een net nëmmen un déi karitativ Associatioune geduecht. Och d’Personal vun der Stad Lëtzebuerg duerft sech iwwert den een oder anere Billjee erfreeën.

De Lëtzebuerger Adventszirkus bitt bis zum 31. Dezember 2019 um Glacis een fantastesche Programm un. Weider Informatiounen, de Programm an d’Säit fir ze reservéiere fannt Dir ënnert www.luxemburger-adventscircus.com.

Ähnlech Sujeten Adventscircus, Glacis, Gratis Ticket, Lëtzebuerger Adventszirkus, Stater Schäfferot, VDL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel