Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Pyongyang test Rakéiten ënnert der Opsiicht vum Kim
International Neiegkeeten

Pyongyang test Rakéiten ënnert der Opsiicht vum Kim

Um Donneschdegmueren, huet de südkoreaneschen Etat-Major militäresch Aktivitéiten aus dem

D‘EU wëll kuerzfristeg eng Reunioun mat Washington
International Neiegkeeten

D‘EU wëll kuerzfristeg eng Reunioun mat Washington

D‘europäesch Kommissioun huet zu Washington ugefrot fir kuerzfristeg eng Entrevue

Coronavirus: D‘Gewerkschaften ergräifen d‘Wuert
International Neiegkeeten

Coronavirus: D‘Gewerkschaften ergräifen d‘Wuert

Géintiwwer der besuergnesserreegender Verbreedung vun der duerch de Coronavirus Covid19

Green Deal?! Gréng Fuerderungen un d’EU-Kommissioun

Green Deal?! Gréng Fuerderungen un d’EU-Kommissioun

Bis 2050 soll Europa mam sougenannte Green Deal zum éischte klimaneutrale Kontinent ginn. Geet en de Verspriechunge vun der EU-Kommissiounscheffin Von der Leyen no, esou sollt dëst gréngt Ofkommes wärend hiren éischten 100 Deeg am Amt virgeluecht ginn.

D’Tilly Metz an hir Partei kënnen et bal net erwaarden de Green Deal endlech zu Gesiicht ze kréien. D’Prioritéite vun der grénger EU-Deputéiert leie besonnesch an der Energiewend, Dekarboniséierung vum Transport, dem Naturschutz an der Landwirtschaft. Ëmsou méi setzt ee sech elo dofir an, datt een bei der Ëmsetzung vum Zil net d’Opmierksamkeet vun de Richtlinnen oflenkt. Aus dësem Grond hunn déi gréng 4 Fuerderunge fir direkt Handele visualiséiert:

  • D’Ëmorientéierung vun der GAP hin zu enger Agrarpolitik, déi och kleng ländlech Betriber ënnerstëtzt an Alternativen zu Pestiziden an zur industrieller Déierenhalung fërdert. Heizou gehéieren och nach Transparenz an der Liewensmëttelketten duerch eng ambitiéis Farm-to-Fork Strategie, déi méi Nohaltegkeet, Fairness an Transparenz an der Liewensmëttelkette garantéiert.
  • Schutz vun der Gesondheet vun den EuropäerInnen duerch ee Kommissiounsvirschlag zum Thema „Zero Pollution“, d’Unerkennung vun an de Schutz virun ëmweltbedéngt Krankheeten, sou wéi d’Stäerkung vun der Widderstandsfäegkeet vun eise Gesondheetsdéngschter duerch Virschléi zur Verbesserung vun der grenziwwerschreidender Zesummenaarbecht vun de Gesondheetssystemer.
  • D’Dekarboniséierung vum Verkéier duerch Steieren um Kerosin, sou wéi d’Fërderung vum ëffentleche Verkéier an der doucer Mobilitéit, Investitiounen a sécher Infrastruktur, wéi och inklusiven a barrièrefräie Verkéier.
  • Fërderung vun enger pluralistescher Gesellschaft an Europa, legal Immigratiounsméiglechkeeten, ee faire Prozess fir Asylsichender déi an Europa kommen an eng fair Bezéiung zu eisen Handelspartner ausserhalb vun Europa.

A wéi geet et weider?

Wärend dem Prozess konnt d’EU-Parlament seng Bedenken am Bezuch op bestëmmt Kandidaten ausdrécken, wat och duerch déi wichteg Bewäertungsaarbecht vum Rechtsausschoss méiglech gemaach ginn ass. Dësen Zäitraum war och fir d’Parlament een entscheedende Moment, fir Garantië fir d’Portfolioe vun de Kommissären, mee och fir déi zukünfteg Initiativkraaft vum EU-Parlament ze kréien.

D’Ofstëmmung vun alle Kommissäre fënnt e Mëttwoch, de 27- November statt. Esou kéint de Prozess zur Ernennung vun de Kommissären ofgeschloss ginn an d’Aarbechten un der Gesetzgebung ufänken. Sollt dëst vum Parlament ugeholl ginn, esou kann d’Kommissioun den 1. Dezember säin Amt untrieden.

Ähnlech Sujeten déi gréng, Dekarboniséierung, Douce Mobilitéit, EU-Kommissioun, EU-Parlament, Farm-to-Fork Strategie, GAP, Green Deal, Klimaneutralitéit, Tilly Metz, Ursula von der Leyen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel