Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dateschutz: D’Reklamatiounen hu sech 2018 verduebelt
over 60 dating sites reviews online dating messaging too much

https://moien.lu/start-of-online-dating/

Déi national Dateschutzkommissioun (CNPD) huet gëschter hire Rapport vum Joer

https://moien.lu/zuko-and-katara-dating-fanfiction/
over 60 dating sites reviews online dating messaging too much

Elo sollten d‘Chrëschtmäert esou lues all hir Dieren opgemaach hunn

Et gëtt Wanter an d‘Feierdeeg weisen hir kal Nues, firwat

Hei gëtt et vill méi wéi nëmme Biller!
over 60 dating sites reviews online dating messaging too much

Hei gëtt et vill méi wéi nëmme Biller!

Dëse Weekend fënnt an der Kierch zu Hesper eng ganz

Green Deal: 100 Milliarde fir de Klima

De Fonds „just transition“ soll en Zäitalter ouni Kuel bréngen an d‘EU wëll bis 2050 klimaneutral ginn

Green Deal: 100 Milliarde fir de Klima

Fir den Ausstig aus der Kuel sollen 100 Milliarden Euro opgewannt ginn. Geld fir Ëmschoulungen an/oder d‘Usiidlung vun neien Entreprisen. Laut der EU-Kommissioun, géif et an dësem Secteur 108 besonnesch betraffe Regiounen a ronn 250.000 Salariéeën. Och déi hunn e Recht op Zukunft…

De Vizepresident vun der Kommissioun a Kommissär fir de Green Deal, Frans Timmermans, huet gëschter gemengt, datt mir d‘Wëssen an d‘Technologien hätte fir dësen ambitiéise Plang realiséiert ze kréien. Hien huet dann och am Numm vun der EU-Kommissioun d‘Versprieche widderholl, datt kee bei dësem Changement géif zréckgelooss ginn.

Interessant, vun den annoncéierten 100 Milliarden Euro fir de Fonds „just transition“ sollen der grad emol 7,5 aus dem EU-Haushalt kommen. De Recht gëtt iwwer Beiträg vun de Länner, eppes Hëllef soll et och aus den Investitiounsprogramm „InvestEU“ fléissen, an natierlech muss och déi europäesch Investitiounsbank (EIB) sech bedeelegen.

Green DealGeld aus dem Privatsecteur soll och agesat ginn an hei gëtt op privat Investitioune gesat. Geduecht gëtt un d‘Pensiounskeesen an/oder d‘Assurancen. An dees Geld brauch Bréissel vill: fir de gesamte Programm vum Green Deal, sollen iwwert dat nächst Joerzéngt ewech 1.000 (Dausend) Milliarden Euro opgewannt ginn, dat zu 30% mat privaten Investitiounen.

Kritik un der genannter Zomm huet d‘Cheffin zréckgewisen: wie bedenken hätt, géif d‘Situatioun net erkennen, esou d‘Ursula von der Leyen, déi nach emol drop higewisen huet, datt Europa „elo“ eng nei Wuesstemsstrategie brauch. Géif näischt ënnerholl, an dat kuerzfristeg, da wier de Schued onbemiessbar a wahrscheinlech net ze bezuelen.

Skepsis an Onwëssen halen dergéint

Säitens dem Parlament huet et Luef fir der Cheffin hiert gréngt Geschäft ginn. Déi eege Famill (EPP) an de sougenannte sozialdemokratesche Koalitiounspartner, mee och déi gréng hunn dem Green Deal grondsätzlech zougestëmmt. Dat awer net ouni Zweiwel zum Ausdrock ze bréngen, besonnesch wat déi privat Investitiounen ugeet.

Esou huet de gréngen EU-Deputéierte kritiséiert: „D‘EU-Kommissioun rechent mat Milliarden déi hir zur Stonn net zur Verfügung stinn“. Goss deen awer dréngend benéidegt gëtt, wëll eleng fir de Verzicht op Kuel, Pëtrol a Gas, mee och déi ekologesch Ëmgestaltung vun der Landwirtschaft, der Industrie an dem Verkéier, brauch et dees vill.

Green DealVirsiichteg geschätzt, brauch et fir de Green Deal erfollegräich ze gestalten, bis 2030 all Joers eng Zomm vun 260 Milliarden Euro, nëmmen un Investitiounen. Wou déi sollen hierkommen, wann déi grouss Konzerner an d‘Finanzindustrie op all erdenklech Aart a Weis vun der Politik „entlaascht“ ginn ass net gewosst. Sécher ass just datt déi Räich räich bleiwen…

Aus Bréissel dann och d‘Behaaptung, datt sech d‘Memberlänner eens wieren, d‘Unioun bis 2050 Klimaneutral ze kréien. Eng Eenegkeet déi sech en Euro „berechne“ léist, firwat sollt uecht gedoe ginn, wéi déi Milliarde verdeelt ginn. Besonnesch eis „Ost-Partner“ mat hirer obsoleter Industrie, verlaange villes, wëllen awer nëmme wéineg ginn.

Sozialverdréiglech soll de Wandel ginn

Et gëtt um Niveau vun der EU-Kommissioun grousse Wäert drop geluecht, datt des Transitioun an d‘Ära vun der Klimaneutralitéit „sozialverdréiglech“ soll realiséiert ginn. Ob dat gelénge kann ass éischter onrealistesch, well esou Moossname sinn am Kapitalismus, wéi en aktuell nach ëmmer stattfënnt, einfach net virgesinn an net akzeptabel.

Wisou dës Behaaptung? Erënnere mir dorunner, datt scho mam sougenannte „Juncker-Plang“ d‘Investitioune vun de Länner an dem Privatsecteur sollte konsequent gehéicht ginn. Bezitt ee sech op d‘Berichter vun europäesche Rechnungshaff, muss constatéiert ginn, déi Ziler sinn net erreecht an d‘Bierger an der EU iwwert de Leescht gezu ginn.

Green DealEsou stellt sech hei och d‘Fro, ob et net eppes gewot ass, ouni datt sech Industrie a Wirtschaft zum Green Deal bekannt hunn, de Bierger esou ee jo awer käschtespillege Wiessel als sozialverdréiglech ze verkafen, wann esou schonn ofzegesinn ass, datt déi gréisste Laascht vun de schmächtege Schëllere muss gedroe ginn. Hei heescht et d‘Aen ophalen…

mat indymedia/bru

Foto: D‘Cheffin vun der EU-Kommissioun ass zouversiichtlech datt dat mam Green Deal opgeet an Europa bis 2050 Klimaneutral ass. Elo ass datt tatsächlech noutwenneg, léist sech awer nëmmen an d‘Realitéit ëmsetzen, wann all d‘Membere matmaachen. © EU-Parlament

Ähnlech Sujeten EU-Kommissioun, Frans Timmermans, Green Deal, just transition, Ursula von der Leyen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel