Search

You may also like

Miguel de Cervantes: Hien huet den Don Quijotte op d’Rees geschéckt!
Kultur Neiegkeeten

Miguel de Cervantes: Hien huet den Don Quijotte op d’Rees geschéckt!

D’Aktiounswoch ulässlech dem Weltdag vum Buch an den Auteursrechter rullt

Liewen an der Arktis: Wa Spruddelwaasser zum Luxus gëtt
Kultur Neiegkeeten

Liewen an der Arktis: Wa Spruddelwaasser zum Luxus gëtt

Eigentlech hat d’Tania Gibéryen zu Lëtzebuerg Alles wouvun een dreeme

De Stuerm op Berlin (Kommentar)
Kultur Neiegkeeten

De Stuerm op Berlin (Kommentar)

Mat der Demo um „Dag vun der Fräiheet“ (1. August

Fir Fester a Veranstaltungen: de Projet „Green Events“

Fir Fester a Veranstaltungen: de Projet „Green Events“

Zu Lëtzebuerg vergeet keen Dag wou et net am Land zu engem Evenement kënnt. An ob sech dobäi ëm ee Museksfestival, eng sportlech Veranstaltung, eng Foire oder vläicht nëmmen ëm eng Ausstellung handelt, all dës Evenementer bréngen zimmlech vill Offall mat sech. Dat muss net sinn.

Erfreelech ass et do, datt ëmmer méi Verbänn a Veräiner ee groussen Interessi un enger nohalteger an ëmweltverdréiglecher Organisatioun hunn. An dësem Kontext hat de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung Mëtt September de Projet „Green Events“ an Zesummenaarbecht mam Oekozenter Pafendall Asbl an der SuperDrecksKëscht (SDK) lancéiert.

D‘Ziler vun der Initiativ „Green Events“ (gréng Veranstaltungen) déi sech u Veräiner, Verbänn, Gemengen, Gewerkschaften, wéi och regionalen Tourismusbüroen an Naturparke riicht, si villfälteg. Fir d‘Organisateure vun Evenementer ze begleede sti Beroder bereet. Si kënne scho beim Plangen zur Hand goen an esou d‘Auswierkungen op Klima an Ëmwelt staark begrenzen.

Heibäi geet et dann och drëms, nohalteg an ëmweltverdréiglech Kritären ze berécksiichtegen, wéi och de Public vun dëse Veranstaltungen ze sensibiliséieren. Dat ass net nëmme gutt a wichteg fir eis Ëmwelt, mee dréit och zu engem gudden „Image“ bäi. Verantwortlech handelen huet esou gesinn, méi Vir- wéi Nodeeler a kann, wann d‘Erfarunge gedeelt ginn, och als Beispill fir anerer déngen.

Wann dach alles esou einfach wier…

Wien elo eng Veranstaltung en Vue huet, dee kann sech schonn am Virfeld op der Internetsäit www.greenevents.lu en Iwwerbléck verschafen. Hei gëtt et eng helle Wull un Informatiounen déi eng ekologesch-verantwortlech Organisatioun erméiglechen. Zudeem bidden den Oekozenter Pafendall an d‘SuperDrecksKëscht interaktiv Atelieren an/oder en individuell Berodung un.

A well et jo och gutt ass ze weisen, datt ee Verantwortlech mat der Ëmwelt ëmgeet, gouf de Logo „Green Events“, mat deem Veranstaltungen ausgezeechent dierfe ginn, déi sech un d‘Kritären halen. Dës iwwer 50 Kritäre sinn an engem Katalog zesummegefaasst ginn, a goufen an aacht verschidde Kategorien ënnerdeelt. Et bleift deemno iwwersiichtlech an et steet jo Hëllef bereet.

Flott um Projet, et kann ee scho beim Gedanken un eng Veranstaltung ecoresponsabel handelen. D‘Kommunikatioun ënnert den Acteuren ass dank Internet ouni Pabeier méiglech. D‘Vermaartung vun der Veranstaltung (Bréiwer, Plakater, Ticketen asw.) ass op recycléiertem Pabeier grad esou flott. Fir et eppes méi „nobel“ wëll sollt zumindest Pabeier mam Ëmweltzeechen notzen.

Op d‘Verdeele vu Werbeartikel während der Veranstaltung sollt een dierfe verzichten. Fir d‘Deko ass soss Material dat zum Opbau benéidegt gëtt, ass et gutt op nohalteg an/oder nees verwendbar Materialien zréckzegräifen. An och bei der Mobilitéit kann een als Veranstalter säi Beitrag leeschten andeems de Public iwwert den Zougang mam ëffentlechen Transport an Navetten informéiert gëtt.

Beim Iessen an Drénke soll een op regional a biologesch Produkter zréckgräifen. Gutt ass et och vegetaresch a vegan Platen unzebidden. De gastronomesche Volet enthält och wichteg Kritäre fir d‘Offallvermeidung. Widderverwäertbaart Geschir a Fläschen/Glieser sinn ee „muss“. Deen Offall dee sech net vermeide léist soll dann awer „getrennt“ behandelt ginn, well villes ass eng Ressource.

…wéi déi richteg Entscheedung ze treffen

Déi dräi lescht Kategorie bezéien sech op Waasser an Ofwaasser, Energie an Ëmweltschutz. Esou ka scho beim „Akaf“ villes an déi richteg Richtung geleet ginn. Wie beispillsweis beim Toilettëpabeier, de Botzmëttel a soss Produiten op därer mat engem Ëmweltzeechen zréckgräift, huet schonn dee richtege Choix getraff. Et ass iwwregens falsch unzehuelen, datt déi Produite méi deier wieren.

Als weider Punkte ginn nach Ugefouert: eng spuersam Beliichtung, d‘Reduktioun vu Belästegungen duerch Kaméidi (an all senge Formen) an d‘Ënnerstëtzung vun der lokaler Ekonomie. An huet een all déi „verflichtend“ Kritäre fir eng Veranstaltung zesummen, brauch een nach just eng verflichtend Erklärung ze ënnerschreiwen, fir de Logo „Green Events“ an eppes Geld vum Ministère ze kréien.

Et lount sech also zumindest driwwer nozedenken. Organisateure, déi aus diverse Grënn net vun haut op muer alles ëmstelle kënnen, awer erwisenermoossen um „beschte Wee“ sinn, kënnen awer de Logo „Mir engagéieren eis“ zougestane kréien. Si sollen iwwert dëse Wee ermontert ginn, hir Veranstaltunge kontinuéierlech a Richtung Nohaltegkeet an Ëmweltverdréiglechkeet auszebauen.

Wien dann elo alles behäerzegt huet, dee kritt säi Logo an elektronescher (also digital) zougestallt a kann dëse virun a während dem Event fir all Zwecker notzen. Well Vertraue gutt, d‘Kontroll awer bekanntlech besser ass, kann sech de Ministère ouni Virwarnung op der Plaz ëmkucken a préiwen ob déi vereenbaart Kritären agehale ginn. Ass deem net esou, kritt een de Logo entzunn-

Dir sidd elo der Meenung, datt dat eng richteg gutt Iddi ass, hutt awer nach vill Froen? Ma d‘Leit vum Oekozenter Pafendall Asbl (Mail: emweltberodung@oeko.lu / Telefon 4390 3044) an d‘Ekipp vun der SuperDrecksKëscht (Mail: romaine.stracks@sdk.lu / Telefon 488 216 238) stinn iech gäre fir all är Froen zu „green events“ zur Säit. Alleguerten zesumme kënne mir villes ereechen…

Foto: Glady/Pixabay

Related topics Green Events, Nohaltegkeet, Oekozenter Pafendall, Offallwirtschaft, SDK, Sponsored Story, SuperDreckskëscht
Next post Previous post