Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Nazi-Verherrlechung, Schosswaffen an e Rakéitewerfer: Police gräift géint Hells Angels duerch
actors dating website https://moien.lu/surrey-dating-agency/

psych dating juliet

Déi belsch Polizisten hunn um Mëttwoch e gréissere Schlag géint

sia furler dating history
actors dating website https://moien.lu/surrey-dating-agency/

Lëtzebuerg als Partner fir dräi Raumfaart-Entreprisen

Eise Premierminister, den Étienne Schneider, annoncéiert, datt Lëtzebuerg vun dräi

Israelesch-syresche Grenzkonflikt beonrouegt d‘UNO
actors dating website https://moien.lu/surrey-dating-agency/

Israelesch-syresche Grenzkonflikt beonrouegt d‘UNO

Well eng iranesch Drone vu Syrien aus an den israelesche

money

„Green Funds“: Oppositioun erkennt Opportunitéiten

Lëtzebuerg ass e predestinéierte Pionéier vun der Ekologie am Finanzwiesen

„Green Funds“: Oppositioun erkennt Opportunitéiten

Et ass en interessante Gesetzprojet dee gëschter vum CSV-Deputéierte Laurent Mosar virgestallt gouf, an dee kéint tatsächlech derzou bäidroen, datt Lëtzebuerg am Kontext vun der „nohalteger Finanz“ vum Pionéier zum Leader avancéiere kéint an och sollt.

De Gesetzprojet steet a Verbindung mam Staatsbudget 2019 (deen dierft géint Enn Abrëll um Krautmaart debattéiert ginn) a kéint als Drockmëttel op de Finanzminister Pierre Gramegna (DP) betruecht ginn. Esou dann och d‘Virlag vum Amendement fir den Artikel 26 vum Budgetsgesetz, dee sech op d‘Gemengefinanzéierung bezitt. Eng Reform déi net eleng d‘CSV a Fro stellt.

Am Kontext vun de „Green Funds“ iergert sech den engagéierten Deputéierten iwwert déi Aart a Weis, wéi d‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg (déi gréng) wei och de Finanzminister Pierre Gramegna sech mam Titel „Pionéier vun der nohalteger Finanz“ bretzen, a ee feststelle misst, datt déi zwee bis ewell séier wéineg Konkretes virzeweisen hätten. Dat ass eng konkret Ausso.

De gudde Wëllen eleng kann et net sinn

Wann d‘Regierung schwätzt an net agéiert, da muss d‘Oppositioun sech bewegen, an esou huet ee bei der CSV net wëlles sech mam „gudde Wëllen“ vun der Regierung ofzeginn, mee selwer aktiv anzegräifen. An et war jo net de Laurent Mosar, deen der Regierung an de Programm geschriwwen huet, datt sech Lëtzebuerg zu engem Exzellenz-Zentrum vun de nohalteger Finanz soll entwéckelen.

Elo ass et awer och esou, datt sech d‘Regierung vun der EU wëll inspiréiere loossen. Deem entgéint den CSV-Deputéierten, datt et un „eis“ ass, d‘Industrie vun der Finanz-Fongen ze reguléieren. Dat géif zudeem derzou bäidroen, bei en interesséierten Investisseure Vertrauen opzebauen. Zil sollt et sinn, Lëtzebuerg als Haaptstad vun der grénger Finanz ze maachen, esou den Avis vun der CSV.

Interessant Gestaltungsméiglechkeeten

A fir datt dat ganzt och soss un Attraktivitéit gewënnt, sollt een déi „green Funds“ net exklusiv op privat Initiative (LuxFLAG, Lëtzebuerger Bourse an divers Banken) begrenzen. De Laurent Mosar ass dann och iwwerzeegt, datt eng besser „Abonnement-Tax“ – gemengt ass eng Baisse vun 0,05 op 0,01 % – dësen alternativen Investitiounsfongen e „gudde Fouss hannebäi“ géife ginn.

Net ganz esou verständlech, d‘Revendicatioun zur Schafung vun enger Kommissioun déi sech mat der „nohalteger Finanz“ soll beschäftegen. Woubäi de Fait, datt de Laurent Mosar verlaangt, datt an dëser Kommissioun och e Vertrieder vum Jugendministère muss vertruede sinn, erfreet. Hie beweist zumindest, datt hien de Message vun „Youth for Climate LëtzebuergGreen Funds“ héieren a verstanen huet.

Illustratioun: Geralt / Pixabay

Ähnlech Sujeten Budget 2019, Carole Dieschbourg, Green Funds, Laurent Mosar, Pierre Gramegna
Nächsten Artikel Virrechten Artikel