Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU-Sommet zu Tallin mat fromme Wonsch ofgeschloss
speed dating alleinerziehende hiv dating sites in gauteng

ardmore ok hookup

2018 wëll d’EU-Kommissioun nei Reegele virstelle fir d’Gigante vum digitale

he removed his dating profile
speed dating alleinerziehende hiv dating sites in gauteng

EXPOGAST – fënnef Deeg fir d’Kachkonscht ze wierdegen

Et ass ee Sammelpunkt fir déi talentéiertst Käch vu fënnef

Portugisesche Premierminister huet d‘Nues voll!
speed dating alleinerziehende hiv dating sites in gauteng

Portugisesche Premierminister huet d‘Nues voll!

Et gëtt ënnert den europäesche Sozialiste ganz droleg Gesellen –

Greenpeace: Déi weltwäit Kris ëm den nuklearen Offall

Ee Rapport weist alarméierend Risiken zur Sättegungsgefor op

Greenpeace: Déi weltwäit Kris ëm den nuklearen Offall

E Mëttwoch huet Greenpeace ee Rapport zur weltwäiter Kris ëm den nuklearen Offall verëffentlecht. Verfaasst vun internationalen an onofhängegen Experte proposéiert den Text een Iwwerbléck iwwert d’Politik vun der Gestioun an dem Stockage vum Offall, mat Schwéierpunkt op héich radioaktivem Offall.

Heibäi bezitt de Rapport sech op déi siwe Länner, déi mat am meeschte mat Atomkraaft ausgestatt sinn: d’Belsch, Frankräich, Japan, Schweden, Finnland, Groussbritannien an d’USA. D’Analys handelt vun der Brennstoffketten an de verschiddene Länner an weist déi enorm Quantitéiten un Offall vun all Etapp op, sou wéi och dat totaalt Ausbleiwe vu befriddegenden a séchere Léisungen, fir de Volume ze geréieren.

„Et gëtt keng sécher Léisung fir nuklearen Offall ze geréieren, virun allem déi héchst radioaktiivst, an dat op eng definitiv Aart a Weis. Trotzdeem fiert Frankräich virun et masseweis ze produzéieren, ouni den nukleare Modell a Fro ze stellen, den engem ëmmer méi den Otem hëlt an déi véier Ecker vum Globus belaascht. Nuklear Energie ouni Léisung fir den Offall ass wéi ee Fliger ouni Landepist“, erkläert de Yannick Rousselet, Chargé vun der Campagne vu Greenpeace Frankräich.

Dräi Haaptfacteuren droen zur Urgence vun der Kris bäi:

  • Säit 60 Joer heeft sech d’Quantitéit un Offall ëmmer méi, an dat duerch d’Extraktioun vum Uran. Et gëtt geschat, datt op der ganzer Welt 2,4 Milliarden Tonne vum Offallproduit vum Uran an 370.000 Tonne Schwéiermetaller an benotze Brennstoffer sinn.
  • D’Stoffer sinn héich toxesch fir d’Gesondheet an d’Ëmwelt. Déi radioaktiv Stoffer hunn eng laang Liewensdauer a bleiwen honnerte bis dausende Jore bestoen.
  • D’Käschte vun der Gestioun a vum Stockage vum Offall ginn ëmmer méi deier, wat d’Sécherheet verstäerkt gëtt

2019 wäerten d’Froe bei enger nationaler Debatt zur Gestioun vun der Matière a vu radioaktivem Offall (PNGMDR) am Mëttelpunkt stoen. An dësem Kader bréngt de Rapport spezifesch Kenntnisser iwwert d’Situatioun a Frankräich, déi genau zwee Problemer opweisen: d’Iwwersättegung vum Stock bei Orano zu la Hague an d’Limitte vum Projet Cigéo zu Bure.

De Rapport weist, datt Frankräich eng ëmmer méi isoléiert Politik a Saache recycléierte Brennstoffer kritt. Aner Länner hunn dës Optioun aus Käschtegrënn an Zweiwel un der Effektivitéit opginn. Manner wéi 1% vun den 1200 Tonne vun de benotzte Brennstoffer a Frankräich ginn opgewäert an nach emol benotzt, sou datt héich radioaktiven Offall zur schonn existenter Mass dobäi kënnt.

Donieft weist de Rapport och déi vill Schwaachstelle vum geologesche Stock, eng éischter privilegéiert Optioun an de siwe Länner mat méi oder manner grousse Fortschrëtter vum Stadium (Brandgefor, Risiko vun nExplosiounen, Kontaminatiounsgefor vum Waasser,…).

De Roger Spautz, Chargé vun der Nuklear-Campagne vu Greenpeace Lëtzebuerg erkläert, datt d’Belsch schonn Zentre fir de Stockage opbaue kéint. De Problem läit dobäi, datt de Site an den Ardennen, ganz no um Grand-Duché kéint placéiert ginn. Greenpeace Lëtzebuerg wiert sech kloer géint esou ee Projet a biet d’Lëtzebuerger Regierung aktiv an den Dossier vun eisen Noperen anzegräifen.

A Frankräich ass d’Situatioun immens kritesch: D’Basenge vum Stock iwwersättegen. Den Offall einfach déif ze vergruewe wier ee grousse Feeler, wou et och keen Zeréck méi géif ginn. De Yannick Rousselet ënnersträicht dobäi, datt et momentan wichteg ass, Frankräich zu engem nuklearen Austrëtt ze beweegen an eng reversibel Optioun fir eng sécher Gestioun vum Offall ze fannen.

Ähnlech Sujeten Greenpeace, nuklearen Offall, radioaktivt Material, Rapport, Uran
Nächsten Artikel Virrechten Artikel