Verbuet vun all Drone-Flich vum 15. bis den 19. September während dem Tour de Luxembourg
Am Kader vum Tour de Luxembourg vum 15. bis den
Am Kader vum Tour de Luxembourg vum 15. bis den
Am Interview mat der ARD, huet den däitsche Gesondheetsminister Jens
Wéi d‘Police de Moie matdeelt, ass et um Freidegmuere kuerz
Ab dem 14. Abrëll gëtt déi lescht Staffel vu „Game of Thrones“ ausgestraalt. Opgrond vun de groussen Erwaardungen déi un dës Serie gestallt ginn, ass Greenpeace no San Juan de Gaztelugatxe (zu Bermeo, Vizcaya), bekannt als „Dragonstone“ an der Serie, gereest fir op eng wäitaus méi reell Bedreeung als déi wäiss Wanderer (White Walkers) opmierksam ze maachen: d‘Plastikkris.
Eng Dose Leit waren déi lescht Woch noutwenneg, fir de risegen Draach vun iwwer 4 Meter ze installéieren. Schätzungen no, wäert d‘Produktioun vu Konschtstoff bis 2020 op 350 Milliounen Tonne Klammen. Dat sinn 900% méi wéi nach 1980. Déi meescht Plastiksverpackungen, déi eis Dreckseemer, Deponien, Flëss, Küsten a Weltmierer fëllen, stame vu groussen Entreprisen, déi „séierlieweg Konsumgidder“ verkafen.
Déi haapt Marken, an domatter déi wou am stäerksten zur Verschmotzung bäidroe sinn: Coca-Cola, Pepsi, Mars, Danone, Nestlé, Unilever, Mondelez, Colgate, Procter & Gamble, esou wéi Johnson & Johnson. Konzerner déi all Joer Milliarden US-Dollar mam Verkaf vu „Plastik“ verdéngen, während d‘Bierger fir d‘Auswierkungen an déi katastrophal Folge vun dëser Produktioun bezuele muss.
Trotz den Erfolleger, déi dës a vill aner Marken sech fir déi vermeintlech Fërderung vun enger Kreeslafwirtschaft zouschreiwen, hu si keng kloer Ziler, fir d‘Mass vun den hiergestallten „Eewee-Artikel“ ze reduzéieren. Transparenz gëtt et guer keng, wat der Kredibilitéit vun hire getätegter oder geplangter „Eegeverantwortung“ ënnergrieft.
D‘Léisunge vun dësen Entreprisen a Konzerner fundéieren haaptsächlech um Recycling, an dat obwuel mir scho wëssen, datt mir eis net kënnen aus der Plastikskris „eraus recycléieren“. Systemer zur Offallentsuergung an Ökosystemer op der ganzer Welt erstécken un der massiver Produktioun vu Konschtstoffer, déi all Joer zouhëlt. 2015 goufe weltwäit 161 Milliounen Tonne Plastiksbehälter hiergestallt, déi no manner wéi sech Méint nees ewechgeworf goufen.
Eleng an Europa entstinn al Joer ronn 25,8 Milliounen Tonne Plastiksoffall an manner wéi 30% dovunner gi fir de Recycling gesammelt. Schätzungen no, goufe weltwäit nëmmen 9% vum bis elo produzéierte Plastik recycléiert.
„Mir wëllen net, datt sech Marke weiderhin hannert dem Argument vum Recycling verstoppen a ‚greenwashing“ bedreiwen, Küste rengegen oder Konschtstoff duerch anert Eewee-Material ersetzen. Mir wëllen, datt si Verantwortung iwwerhuelen, andeems si zukünfteg op Eewee-Plastik verzichten an, a nei Modeller investéieren, déi eis erlabe weiderverwendbar oder nofëllbar Systemer ze entwéckelen“, erkläert dozou d‘Pauline Maes, vu Greenpeace Lëtzebuerg
matgedeelt vu Greenpeace, aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser