Search

You may also like

Broschtkriibs geet eis all eppes un!
Neiegkeeten

Broschtkriibs geet eis all eppes un!

Iergendeppes gesäit anescht aus. Mä wat? Och wa mir eis

„En Dag vun der Solidaritéit mat eise Frënn an Tschetschenien“
Neiegkeeten

„En Dag vun der Solidaritéit mat eise Frënn an Tschetschenien“

Zesumme mat der ASTI an Amnesty International hu Militante vun

Editorial: Wat mech déi Zäitëmstellung nervt…
Neiegkeeten

Editorial: Wat mech déi Zäitëmstellung nervt…

Also ech weess jo net wéi dat bei iech esou

Greenpeace zum FDC: Et soll een endlech d’Virreiderroll anhuelen!

Greenpeace zum FDC: Et soll een endlech d’Virreiderroll anhuelen!

Obwuel de Kompensatiounsfong (FDC) ëmmer nees seng Nohaltegkeetspolitik ervirhieft, gëtt kontinuéierlech a fossil Entreprisen investéiert. Eleng am leschte Joer si méi wéi 256 Milliounen Euro an déi gréisst Kueleentreprise vun der Welt gefloss. Aus dësem Grond huet Greenpeace, zesumme mam däitschen Ekonomist Dr. Martin Granzow, haut säi Rapport zu den Usätz fir eng besser Integratioun vun de Klimakritären an d’Decisioune vum Investment vum FDC presentéiert.

Scho säit e puer Joer bezitt sech Greenpeace op d’Auswierkunge vun de Finanzen an Investissementer op de Klimawandel. Lëtzebuerg spillt als zweetgréisste Standuert fir Investmentfongen eng wichteg Roll a besonnesch de Kompensatiounsfong steet ëmmer erëm am Viséier vun der Organisatioun. D’Gesamtsituatioun ass onbefriddegend an de geréngen Ambitiounsniveau léisst näischt Guddes verhoffen.

Den Dr. Martin Granzow bei der Online-Presentatioun vum Rapport

Net nëmmen téinen, mee och handelen

Duerch kloer Verflichtungen muss den FDC endlech seng Virreiderfunktioun anhuelen. Aktuell widdersprieche sech allerdéngs Wieder an Doten.

Beim Kompensatiounsfong ass et nämlech esou, datt zuelräich nohalteg verwalt Deelfongen – dorënner e puer EZG-zertifiéiert Deelfongen – a global Ëmweltverschmotzer, wéi Shell, Total, BP, Chevron, Equinor a Fortum investéieren.

Gefuerdert gëtt:

  • Méi Transparenz, sou datt kloer feststellbar ass, wéi d’Investissementer mat de bestoende Klimaziler vereenbar sinn;
  • Verflichtung zur Integratioun an d’Risikoanalys mat klore Leitlinnen fir den Ëmgang mat Klimarisiken a Kapitalgesellschaften;
  • Schafung vun Knowhow a Kapassitéiten mat méi staarker Ënnerstëtzung säitens der Regierung an den zoustännegen Autoritéiten.

Et kann net esou weidergoen

Fir d’Moossname konsequent ëmzesetzen an esou am Eeklang mat nationalen an internationalen Nohaltegkeetsziler ze agéieren, wéi och déi finanziell Risiken, déi mam Klimawandel, respektiv der Transformatioun vun der Wirtschaft verbonne sinn, am Risikomanagement ze integréieren, muss et zu strategeschen an operativen Upassunge beim FDC kommen.

Heivir gëtt recommandéiert:

  • D’Investitiounsstrategie unzepassen;
  • Eng Nohaltegkeetsanalys opzebauen;
  • D’Richtlinnen zu den Nohaltegkeetskritären, och iwwert all Deelfongen ewech, auszeschaffen;
  • Intern Prozesser ze entwéckelen;
  • Déi verschidde Strategien, Zuelen an Undeeler oppenzeleeën.

Fir déi laangfristeg Iwwerliewensfäegkeet vum Rentesystem ze garantéieren, ass den FDC per Gesetz dozou verflicht, iwwert e breet diversifizéierte Portfolio ënnert optimale Rendement-Risiko-Aspeker ze investéieren. Donieft mussen awer och d’Interesse vun de Begënschtegten berécksiichtegt ginn. Ma, dës zwee Zilsystemer stinn am Hibléck op d’Nohaltegkeetsaspekter op kee Fall am Widdersproch zoueneen. D’Nohaltegkeet wierkt sech am Endeffekt net nëmme positiv op de Klima, mee och op de Fong selwer aus.

Virunzefuere wéi ëmmer soll weder am Interesse vum FDC, nach vun der Politik oder de Begënschtegte vum Fong sinn. D’Acteure fuerderen, den Image vum Finanzstanduert Lëtzebuerg als Virreider am Beräich vun den nohaltege Finanzen ervirzebréngen!

De komplette Rapport mat allen Detailer fannt Dir HEI.

Opmaacherfoto: Andrew McConnell / Greenpeace

Related topics BP, Dr. Martin Granzow, FDC, Fossil Energien, Greenpeace, Klimawandel, Kompensatiounsfong, Nohalteg Finanzen, Nohaltegkeet, Tanketsllen
Next post Previous post