Atomenergie: Greenpeace iwwerfält Cattenom
Haut de Moie kuerz no hallwer sechs si Militante vu Greenpeace-Frankräich zu Cattenom an d‘Atomzentral agedrongen. D‘Gendaarmen, déi d‘Sécherheet um Site am A behale konnten d‘Aktivisten dann och stoppen iert se an de „nukleare Beräich“ konnte virstoussen.
Dat ass dann och esou vun der ONG an EDF op de respektiven Twitter-Kanäl bestätegt ginn. D‘Aktiviste konnten awer ëmmerhi bei der Schwämm, wou dat „ofgebrannte“ Material gelagert ass, e Feierwierk lassgoe loossen. Eng gewoten Aktioun déi vill Froen opwerft.
An esou ass et dann och, well de Roger Spautz vu Greenpeace Lëtzebuerg erkläert: „Dës Aktioun weist drop hin, datt d‘Anlag vu Cattenom net esou geschützt ass, wéi dat vun offizieller Säit gäre behaapt gëtt“. Greenpeace beklot dann och d‘Fragilitéit an d‘Accessibilitéit vun de Gebaier, besonnesch am Bezuch op radioaktiivt Material.
Eng Aktioun mat Folgen
Laut dem Roger Spautz, ass et bei dëser Aktioun dann och drëms gaangen ze beweisen, datt et guer net esou schwéier ass an eng Atomzentral eranzekommen. Déi agedrongen Aktiviste wieren awer schlussendlech Festgeholl ginn an zur Stonn hätt Greenpeace och nach keng Nouvelle vu hinne kritt.
De Yannick Rousselet vu Greenpeace Frankräich als dann elo der Meenung datt de Bedreiwer EDF direkt agéiere muss. D‘Schwämme misste geséchert ginn. Et dierft net sinn datt Brennmaterial net an engem Bunker ënnerbruecht ass. Hei géif et ëm d‘Sécherheet vun der Bevëlkerung goen.
Schonn ugangs de Woch hat Greenpeace den Autoritéite fir nuklear Sécherheet, ee vu siwen Experten ausgeschaffte Rapport iwwerginn. Hei haten d‘Experten op genee dee Problem higewisen, deen haut demonstrativ vun den Aktiviste bewise ginn ass. D‘Ofwier vu méiglechen Ugrëff misst konsequent analyséiert ginn.
Lëtzebuerg „not amused“
Zu Lëtzebuerg ass d‘Aktioun vu Greenpeace mat gemëschte Gefiller opgeholl ginn. D‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet sech „besuergt“ gewisen am Bezuch op déi flagrant Liichtegkeet mat där d‘Aktivisten an de Site konnten andréngen.
Déi Lëtzebuerger Autoritéite verlaangen dann och eng detailléiert Enquête iwwert de Virfall. Si wëllen an dëser Affaire och de Minister fir déi ekologesch Transitioun, Nicolas Hulot, konfrontéieren. A Lëtzebuerg ass net bei sengem éischte Versuch dem Noper Frankräich zkloer ze maachen, datt een zu Lëtzebuerg kee grousst Vertrauen an d‘Atomzentral, esou no un der Grenzm, huet.
De Premierminister Xavier Bettel hat Paräis esouguer schonn eng finanziell „Entschiedegung“ ugebuede fir de Fall datt Cattenom zougemaach géif ginn. „Déi Zentral mécht eis Angscht“, esou de Xavier Bettel viru gutt 18 Méint.
Foto: © Vivien Fossez/Greenpeace