Rotondes: Den offizielle Programm bis den 19. Januar 2020
Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren
Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren
De Programm vum Winterlights 2018 steet fest a gouf Ufank
[onionbuzz quiz-id=160][/onionbuzz] Suessem ass vun der Bevëlkerung hir eng vun
Wéi Greenpeace-Letzebuerg um Donneschdeg matdeelt, huet d’Lëtzebuerger Parlament um 1. Juni eestëmmeg eng Resolutioun ugeholl, an där de Jean-Claude Juncker opgefuerdert gëtt, dräi genmanipuléiert Maiszorten (1) déi europawäit Zouloossung ze refuséieren. D’Ëmweltschutzorganisatioun begréisst d’Resolutioun vum Parlament a fuerdert vum EU-Kommissiounspresident de Wonsch vun der Majoritéit vun den EU-Länner, dem EU-Parlament an de Konsumenten ze respektéieren.
Beim Amt-Untrëtt hat de Jean-Claude Juncker vill Wäert drop geluecht d’EU méi demokratesch ze gestalten. Hien hat versprach Europa de Bierger méi no ze bréngen an déi Aart a Weis, wéi genmanipuléiert Planzen zougelooss ginn ze änneren. Bis ewell huet de Kommissiounspresident allerdéngs näischt ënnerholl fir dëst Verspriechen anzehalen. Bis haut huet seng Kommissioun net manner wéi 30 GMO-Kulture fir den Import zougelooss. Dat obwuel dës Entscheedunge vu manner wéi der Hallschent vun de Länner ënnerstëtzt ginn ass.
D’EU-Kommissioun huet keen demokratesch legitiméiert Mandat dës GMO’en zouzeloossen.
Elo steet dann, wéi Greenpeace matdeelt, eng Entscheedung un, déi eng Zouloossung vun de Maiszorten 1507 an Bt11 an d’Verlängerung vun der Erlaabnes vum MON810 sol erméiglechen. De Fall gesat d’EU-Kommissioun hëlt dat esou un, géif se sech géint d’EU-Parlament an d’Majoritéit vun de Länner stellen. Greenpeace erënnert dann och drun, datt de 6. Oktober 2016 d’EU-Parlament sech géint esou eng Zouloossung ausgeschwat hat. D’Zouloossung géif esou net nëmmen de Beméiungen entgéintwierken d’EU méi demokratesch ze gestalten, mä och bedeiten, datt demokratesch Grondsätz näischt wäert sinn.
„D’EU-Kommissioun huet keen demokratesch legitiméiert Mandat dës GMO’en zouzeloossen. De Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker riskéiert elo dat schonns ugeschloent Bild vun der EU vun enger ofgehuewener, d’Interesse vun de Bierger ignoréierender Institutioun weider ze beschiedegen“, seet d’Martina Holbach, Campaigner bei Greenpeace-Lëtzebuerg. „Wann de President Juncker wëll verhënneren, datt d’EU weider u Glafwierdegkeet verléiert, muss hien d’Gesetzvirschléi zréckzéien an op der Grondlag vum Virsuerge-Prinzip genmanipuléiert Planze verbidden.“
„GMO’en sinn mat onkalkuléierbare Riske verbonnen. D’Virstellung, et kéint een GMO’en duerch Ubauverbuet an eenzele Länner oder Regioune kontrolléieren, sinn zum scheitere veruerteelt“, ergänzt d’Martina Holbach. „Den europäesche Virsuerge-Prinzip erlaabt generell Ubauverbueter ze erdeelen, wann et Hiweiser gëtt, datt déi méiglech Awierkungen op d’Ëmwelt potenziell geféierlech kéinte sinn an déi wëssenschaftlech Informatiounen onzouräichend, onklor oder onsécher sinn.“
Greenpeace riicht en Appell un de Jean-Claude Juncker déi demokratesch Prinzipien ze respektéieren an d’Verspriechen anzehalen, D’Zouloossungsprozedure fir GMO’en méi demokratesch ze gestalten. Et läit also an der Hand vum Kommissiounspresident en hausgemaachte PR-Debakel ze verhënneren.
(1) Bäi den dräi Maiszorten handelt et sech ëm dat vun DuPont Pioneer’s Gen-Mais 1507, den Syngenta Gen-Mais Bt11 an de Monsanto Gen-Mais MON810.