Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Jessica Jones beschäftegt sech an der zweeter Staffel mat senger Vergangenheet
Kultur Neiegkeeten

Jessica Jones beschäftegt sech an der zweeter Staffel mat senger Vergangenheet

Ënnert de Marvel Netflix Serien hat Jessica Jones a ganz

dislike
Letteschen Zentralbankchef verfänkt sech a Korruptiounsaffär
Kultur Neiegkeeten

Letteschen Zentralbankchef verfänkt sech a Korruptiounsaffär

An der lettescher Korruptiounsaffär ëm den Zentralbankchef Ilmars Rimsevics, hunn

What the Fakt – Virun 61 Joer rullt den éischten Trabi vum Band
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Virun 61 Joer rullt den éischten Trabi vum Band

Am November 1957 koum den Éischten, am Abrëll 1991 de

Greg Lamy & Marco Massa an der Brasserie K116!

Greg Lamy & Marco Massa an der Brasserie K116!

Och am Mäerz kann d’Brasserie K116 nees musikalesch iwwerzeegen. Dës Kéier ass et un de Museker Greg Lamy a Marco Massa, fir um 27. Mäerz beim Diner-Concert opzetrieden. All leschte Mëttwoch am Mount organiséiert d’Brasserie K116 dëst Evenement, bei dem déi bescht Artisten aus Lëtzebuerg an der Groussregioun de Publikum musikalesch ënnerhalen.

Schonn 2018 huet dëse Grupp an der Brasserie K116 een exzeptionellen Owend gebueden. De Quartett ëm den Greg Lamy huet mat Optrëtter op der ganzer Welt am Beräich Jazz op sech opmierksam gemaach. Op hirer Rees duerch Italien huet sech hinnen de Marco Massa, Jazzmuseker mat immens poetescher Oder, ugeschloss.

De Greg Lamy kënnt ursprénglech aus New Orleans. Als Artist ass hien awer ëmmer tëscht Paräis a Lëtzebuerg gependelt. Nodeems hien säin éischte Quintett am Joer 2001 zu Bréissel gegrënnt huet, ass zwee Joer méi spéit ee Quartett dorauser ginn. Mëttlerweil zielt zu sengem Projet de Gautier Laurent um Kontrabass, de Johannes Muller um Saxophon an de Jean-Marc Robin op der Batterie. A mat hirem Talent schéngen d’Museker gutt unzekommen: Mat Concerten an der ganzer Welt konnt de Grupp ëm de Greg Lamy schonn iwwerzeegen. Dozou kommen zuelräich Jazz-Projeten an den USA, China a Brasilien, woubäi hire Wee mëttlerweil duerch Europa verleeft.

Greg Lamy & Marco Massa

De Museker Marco Massa ass schonn als klengt Kand duerch déi italienesch Ikon Franco Cerri an d’Jazz-Welt agetrueden. Mat sengen energeteschen, an trotzdeem douce Kompositioune bréngt hien et fäerdeg, d’Séil ze beréieren. Am Laf vu senger Karriär huet de Museker natierlech och zuelräich Präisser iwwerreecht kritt, wéi beispillsweis de Premio Musicultura oder de Premio Sergio Endrigo. 2015 huet seng poetesch Oder mat de Kläng vum Greg Lamy fusionéiert an esou triede si elo zesummen op!

Den Entrée ass gratis. D’Platzen si limitéiert a sou sollt een drun denken, virdrun iwwert Telefon (+352 26 17 59 74) ze reservéieren. Méi dozou gëtt et ënnert www.k116.lu. De ganze Programm fannt Dir HEI. D’Evenement mat allen essentiellen Informatioune fannt Dir iwweregens och op Facebook!

Ähnlech Sujeten Brasserie K116, Diner-Concert, Greg Lamy & Marco Massa, Jazz, Musék
Nächsten Artikel Virrechten Artikel