Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Präiserhéijungen a Moossen wann ech gelift!
Kultur Neiegkeeten

Präiserhéijungen a Moossen wann ech gelift!

De Lëtzebuerger Konsumenteschutz (ULC) muss feststellen, datt ëmmer méi Verbraucher

dislike
Wäerteunterrecht, Congé Parental an Steierreform: DP weist sech zefridden
Kultur Neiegkeeten

Wäerteunterrecht, Congé Parental an Steierreform: DP weist sech zefridden

Déi parlamentaresch Sessioun 2016/17 geet op en Enn an et

DEAN LEWIS um 20. Juni am Atelier!
Kultur Neiegkeeten

DEAN LEWIS um 20. Juni am Atelier!

Mat „Be alright“ huet den australesche Sänger Dean Lewis säin

Gréiwemaacher: Kënschtlerresidenz „Gutenberg“, Luther & Steve Jobs

Gréiwemaacher: Kënschtlerresidenz „Gutenberg“, Luther & Steve Jobs

No zwee Joer Paus fënnt d‘Kënschtlerresidenz nees statt an dat an engem gréisseren Ausmooss wéi soss! Den Thomas Peter an d‘Diane Jodes, béides ganz erfuere Kënschtler an der Technik vum Héichdrock a laangjäreg dem Musée verbonnen, wäerte mam Anna Eiber, Néckel Scholtus a Laas Koehler déi bestoend Dimensiounen iwwerschreiden.

Et gëtt groussformateg gedréckt an dat net an enger Press am Musée, mee mat enger „ugedriwwener Walz“ am Haff. D‘Kënschtlerresidenz ënner fräiem Himmel gëtt esou an e risegen oppene Raum verwandelt, an deem international a medial Verbindunge kéinte geknäppt ginn. Déi am Holzdrock erfueren treffen op an dëser Technik onerfuere Kënschtler a schafen esou eng spannend Dynamik am kreativen, kollektive Schaffensprozess.

Besonnesch am zesummekomme vu fënnef Individue mat ganz ënnerschiddleche kënschtlereschem Hannergrond entsteet en Zesummespill, datt mir dem interesséierte Public (er)ëffnen. Esou gëtt den Nokuckert Zeien an Deel vun dësem liewege, grenziwwerschreidenden Austausch mat an ënner Kënschtler. Et ass schliisslech och net vu Muttwëll datt déi kënschtleresch Drocktechnike vun der däitscher UNESCO-Kommissioun als immateriellt Kulturgutt opgeholl goufen.

Kommt roueg Kucken hei sinn se fein

Wien interesséiert ass a Loscht huet, ass häerzlech agelueden sech dëse Prozess vu ganz „No“ unzekucken. D‘Kënschtlerresidenz fënnt an der Woch all Dag vun 9 bis 22 Auer, de Weekend jeeweils vu 14 bis 22 Auer statt. Vum 13. bis den 20. Juni gëtt mat der Stroossewalz gedréckt.

Opgepasst: Eppes fir déi gurmangseg!

De Sonndegnomëtteg bitt de Bistro vum Kulturhuef e kulinaresche Kaderprogramm un deen et an sech huet. Eng prächteg Geleeënheet fir e gemitterlechen Nomëtteg op der Terrasse vum Bistro ze verbréngen an d‘Kënschtler kennenzeléieren. Zudeem léisst sech bei engem gudde Maufel mat sengem Patt gutt nokucken, wann den Drockprozess mat enger Stroossewalz vollfouert gëtt.

Déi fäerdeg „Wierker“ ginn dann den 20. Juni bei der Vernissage virgestallt an nach bis kuerz viru Chrëschtdag (22. Dezember) am Musée ausgestallt. Ugesiichts der Gréisst vun de Wierker dierft et fir d‘Mataarbechter eng zolidd Erausfuerderung ginn, dat alles ënner Dag ze kréien, mee mir freeën eis drop. Dofir bleift informéiert a besicht eis op Facebook an Instagramm (#kulturhuefwanted)

Organiséiert gëtt dës Kënschtlerresidenz vum Kulturhuef Gréiwemaacher. De Projet gëtt matgedroe vun der Entreprise Entrapaulus, LEADER Miselerland, dem Lënster Bicherclub an der Gemeng Gréiwemaacher.

matgedeelt vum Kulturhuef Gréiwemaacher, fräi aus dem däitschen Iwwersat vum Patrick Kleeblatt

Foto: © Gemeng Gréiwemaacher

Ähnlech Sujeten Gréiwemaacher, Héichdrock, Kënschtlerresidenz, Kulturhuef, Stroossewalz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel