Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Videospiller hunn e manner groussen Afloss op Rape Myth Acceptance ewéi virgefaasste Gendervirstellungen
Auto Neiegkeeten

Videospiller hunn e manner groussen Afloss op Rape Myth Acceptance ewéi virgefaasste Gendervirstellungen

Videospiller hunn et jo net ëmmer einfach. Oft stinn se

Wahlen an der D.R. Kongo: D‘Land huet e neie President
Auto Neiegkeeten

Wahlen an der D.R. Kongo: D‘Land huet e neie President

No vill Gedeessems, Gewaltuwennung an esouguer Doudeger, war en Enn

What the Fakt – D’Single Imagine vum John Lennon gëtt offiziell verëffentlecht
Auto Neiegkeeten

What the Fakt – D’Single Imagine vum John Lennon gëtt offiziell verëffentlecht

De Klassiker „Imagine“ vum Beatles Sänger, John Lennon, ass haut

Gréng Luucht fir autonom Gefierer

Gréng Luucht fir autonom Gefierer

Leschte Freideg huet d‘Regierung en „Appell säin Interessi ze manifestéieren“, lancéiert well en Deel vun der Groussregioun zur Experimentalzon fir autonoomt Fuere soll verwandelt ginn. Den Opruff wennt sech un d‘Entreprisen, d‘Wëssenschaftler an d‘Fuerscher, mee och u lokal a regional Kollektivitéiten am Kader vun der connectéierter an autonomer Mobilitéit.

D‘Spillfeld, op deem sech der Erausfuerderung gestallt gëtt, erstreckt sech iwwert den Territoire vu Frankräich, Däitschland a Lëtzebuerg, a féiert iwwert eng Streck vun 214 Kilometer. De Gedanken heizou hat et schonn Ufank 2017 ginn, wou Paräis a Berlin hir Absicht bekannt gemaach haten, e grenziwwerschreidend Gebitt auszeweisen, wou déi entspriechend Gefierer solle getest ginn.

An éischter Phas war hei un d‘Verbindung Metz – Merzig geduecht ginn. Mee zu Lëtzebuerg ass een och un dësem neien technologesche Konzept interesséiert, an esou huet ee sech am September vum leschte Joer dësem Projet ugeschloss. Dat well dëse Projet ganz an der Visioun vun der drëtter industrieller Revolutioun opgeet, déi d‘Regierung wëll fërderen.

Wat, wéi a virun allem wou?

Déi Stroossen déi zu Lëtzebuerg vun dësem Projet betraff sinn, leien an éischter Linn am Süden an am Zentrum vum Land. Gemengt sinn d‘Beräicher vun der A13, tëscht der däitscher Grenz bis Kräiz Diddeleng, an der A3, tëscht der franséischer Grenz an dem Kräiz Beetebuerg. Betruecht een hei déi allgemeng Verkéierssituatioun, gëtt engem d‘Erausfuerderung ersiichtlech.

An d‘Däitschland ass den Testberäich am Saarland geleeën, d‘Fransousen notzen d‘Stroossen aus dem Ëmland vu Metz. Déi agesaten „autonom“ Gefierer sollen also Grenziwwerschreidend agesat ginn. Éischt Fahrte soll et schonn ab dem zweete Semester vun 2018 ginn. D‘Zil vun dësen Tester ass et, d‘Kapassitéit vun den intelligenten Transportsystemer ze erfuerschen.

Heibäi gëtt och d‘Gestioun vun den Daten erfuerscht, déi beim connectéierte Fueren ufalen. Dat gëllt och fir den Impakt vun der autonomer Conduite, am Sënn vum fléissende Verkéier oder der Reduktioun vun den Ofgasen. Déi Bedeelegt un dësem Projet, sollen sech och der Connectivitéit tëscht de Gefierer unhuelen, wann dës d‘Grenzen iwwerschreiden an d‘Reseaue wiesselen.

De Problem vun der Mobilitéit an de Grëff kréien

De Gedanken hannert deem ganzen ass et, dozou bäizedroen, datt déi connectéiert Gefierer iwwerall fuere kënnen, an net nëmmen an engem Land. Dat bréngt mat sech, datt de Fuerschungsberäich immens breet ausgeluecht ass. Wat domatter zesummenhänkt, datt sech d‘Situatioun op de Stroossen an der Groussregioun dramatesch verschlechtert.

Esou ass dem Stau, deen et all Dag moies an owes gëtt, einfach net bäizekommen. Weder esou interessant Initiative wei de Covoiturage, de previsionnele Bau vun neie Stroossen an Autobunnen, den Ausbau vum ëffentleche Verkéier an oder de Busspuren, hu bis ewell derzou bäigedroen d‘Situatioun op de Stroossen ze entschäerfen.

Wichteg ass et bei dësem Projet, datt sech net eleng op den Auto konzentréiert gëtt. Och bei de Camione sollen déi intelligent Systemer agesat ginn. Esou sollen d‘Transportzäite verkierzt an d‘Sécherheet erhéicht ginn. Hei kann ugefouert ginn, datt Lëtzebuerg zanter enger Rei Jore vill an de Logistiksecteur investéiert, an autonoomt Fueren eng besser Gestioun vum Verkéier erlaabt.

Getest gëtt schonn zanter 2015

De Gedanken autonom Gefierer anzesetzen ass net ganz nei, an Tester an Europa gëtt et säit 2015. Peugeot sech huet beispillsweis e Programm säit 2015 operluecht, a bei eisen däitschen Noperen, huet et esouguer e Gesetz, dat säit 2017 de Constructeuren erlaabt, ëffentlech Stroossen ze notzen, fir hir autonom Gefierer auszeprobéieren.

Et wier also keng „Iwwerraschung“ datt déi „Autoen déi vu ganz eleng fueren“ och elo zu Lëtzebuerg optauchen. Woubäi dat generaliséiert autonoomt Fuere mat Sécherheet nach net fir muer ass. Vill Froe begleeten dësen ambitiéise Projet: Wéi ass et mat der Haftung wann en Accident passéiert? Wéi reaktiv an ethesch verantwortlech sinn déi agesate Sécherheetssystemer?

Beim autonome Fueren, esou den aktuelle Stand, kann de Chauffeur net seng Verantwortung un déi „kënschtlech Intelligenz“ oftrieden, wéi et um Beispill vun den Accidenter an den USA däitlech gëtt. Do gëtt schonn eppes méi laang um autonome Fuere gedoktert, an et muss een drop hiweisen, datt dës Technologie schonn seng éischt Affer gefuerdert huet.

Ähnlech Sujeten Autonom Gefierer, Fuerschung, Groussregioun, Mobilitéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel