Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
E Schoss no hannen
Neiegkeeten

E Schoss no hannen

Eng richteg Glanzleeschtung: Nodeems Jore laang doriwwer diskutéiert ginn ass,

CSJ: „De Machiavel erfreet et, mee wat ass mat de Bierger?“
Neiegkeeten

CSJ: „De Machiavel erfreet et, mee wat ass mat de Bierger?“

An hirem Communiqué weist déi chrëschtlech-sozial Jugend (CSJ) op eng

Polen: Bréissel saiséiert d‘Justiz géint d‘Reform vum ieweschte Geriichtshaff
Neiegkeeten

Polen: Bréissel saiséiert d‘Justiz géint d‘Reform vum ieweschte Geriichtshaff

Um Méindeg huet d‘EU-Kommissioun déi europäesch Justiz saiséiert, a Polen

Stad Lëtzebuerg: Gréng Perspektiven aus der Oppositioun eraus

Stad Lëtzebuerg: Gréng Perspektiven aus der Oppositioun eraus

No dräi Mandatsperioden am Stater Schäfferot huet sech d‘Demokratesch Partei e neie Juniorpartner erausgesicht. Dat hat een sech, scho wéinst der Aart a Weis wéi et dozou komm ass, bei den déi Gréng esou net erwaart. Et huet een awer net wëlles d‘Äerm hänken ze loossen an et wäert een och aus der Oppositioun eraus weiderhi konstruktiv fir d‘Wuel vun den Awunner am Gemengerot matschaffen.

An eigentlech hat d‘Equipe ëm d‘Stater Verkéiersschäffin Sam Tanson alles richteg gemaach. Se konnte bei de Walen zouleeën a ware wierklech nëmme knapp vum sechste Mandat ewech. Déi gréng hätte vill derzou bäigedroen, datt sech d‘Zukunft an der Stad och fir de Bierger lount, dat a punkto Liewensqualitéit an engem méi bewossten Ëmgang mat der Ëmwelt.

Elo verhandelt d‘DP da mat der CSV en neie Koalitiounsvertrag aus, an deem festgeluecht gëtt wéi et an der Stad, déi nächste sechs Joer soll weidergoen. Vun déi gréng gëtt sech erhofft, datt déi Projete fir déi scho vill Viraarbecht geleescht ginn ass, dann och finaliséiert kënne ginn, an dat méiglechst zäitno. Projeten, déi d‘Stad méi Liewenswäert a Kannerfrëndlech sollte maachen.

Déi nei Koalitioun muss sech den Erausfuerderunge stellen

Déi gréng dierften dann och gespaant sinn, wéi den Duo DP-CSV déi vill Erausfuerderunge wëll ugoen. Et kéim nämlech der Quadratur vum Krees gläich, den Individualverkéier op Aenhéicht mat der doucer Mobilitéit wëllen ze behandelen. Jidderengem et gerecht maache geet net, an den eenzege Wee fir méi Liewensqualitéit fir d‘Awunner ze schafe bedeit méi Alternativen zum Auto unzebidden. Dat ass dann och de Beräich deen op d‘Fraktiounscheffin Sam Tanson zougeschnidden ass.

D‘Stadentwécklung – vum richtegen Ëmgang mam Flächebenotzungsplang (PAG) bis zur Schafung vum néidege Wunnraum – wäert och eent vun den Theme sinn, wou déi gréng ganz gutt uecht wäerten dinn. De François Benoy, deen an der Fraktioun den Dossier Urbanismus wëll behandelen, fuerdert dann och schonn emol vun der neier Koalitioun, datt vu „bannen no baussen“ muss entwéckelt ginn. Op eng méi enk Zesummenaarbecht mat der Sozialer Immobilienagence (AIS) gëtt och grousse Wäert geluecht.

Fir d‘Kanner an d‘Ëmwelt lount et sech ze kämpfen

Vun de Schoulen iwwert d‘Foyere bis hin zu der Veräiner gëtt et och vill Chantieren déi et gëllt unzegoen. De multikultureller Gesellschaft muss Rechnung gedroe ginn. Dat ka mat der Ganzdagsschoul wéi et se am Garer Quartier gëtt erreecht ginn, mee dat muss een och konsequent op déi aner Quartieren erweideren. Mee och generell muss sech méi am soziale Beräich engagéiert ginn, an do géife mam Carlo Back an dem Tilly Metz déi richteg Leit am Gemengerot sëtzen.

An 12 Joer ass an der Stad Lëtzebuerg villes fir d‘Ëmwelt gemaach ginn. D‘Produktioun vun erneierbaren Energien ass ausgebaut ginn, de Waasserverbrauch an den Offall konnte wiesentlech reduzéiert ginn. Beräicher déi eng eendeiteg „gréng“ Handschrëft géifen droen. Déi gréng wëllen dann hei och konsequent weider maachen a bestinn op der Ëmsetzung vum Renaturéierungsprojet vun der Péitruss. Mam Claudie Reyland huet dëse Projet am speziellen, mee och soss alles wat d‘Ëmwelt ugeet ee gudde Vertrieder op der Oppositiounsbänk.

Foto: (v.l.n.r.) François Benoy (Urbanismus), Claudie Reyland (Ëmwelt), Sam Tanson (Mobilitéit), Carlo Back (Bildung), Tilly Metz (Soziales)

Ähnlech Sujeten déi gréng, Koalitioun, Lëtzebuerg Stad, Sam Tanson
Nächsten Artikel Virrechten Artikel