Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Oppositioun huet d‘Regierung net verschount
Neiegkeeten

D‘Oppositioun huet d‘Regierung net verschount

Nodeems e Mëttwoch de Premierminister statt enger „Erklärung zur Lag

21 Méint Prisong fir e Geschäftsmann vu Christchurch
Neiegkeeten

21 Méint Prisong fir e Geschäftsmann vu Christchurch

De Brendon Tarrant, dee Mëtt Mee zu Christchurch an zwou

Stroossen: Aquapark „Les Thermes“ zelebréiert 10. Jubiläum
Neiegkeeten

Stroossen: Aquapark „Les Thermes“ zelebréiert 10. Jubiläum

Woubäi dat Wuert „Schwämm“ sech fir dësen imposante Bau an

De grénge Post-Dag 2020

De grénge Post-Dag 2020

POST Lëtzebuerg, eng Privatfirma mat Staatskapital, schléisst sech ville Postbetriber op der Welt un, déi un der zweeter Ausgab vum „Green Postal Day“ deelhuelen an iwwert dëse Wee, hiert Engagement fir eng nohalteg Entwécklung nach emol ënnersträiche wëllen. Et ass awer och eng gutt Geleeënheet sech selwer eppes Reklamm ze maachen.

An engem Communiqué weist d‘POST Lëtzebuerg drop hinn, datt d‘Generaldirekter vu 15 POST-Entreprisen sech och weiderhi verflichte wëllen, hire Bäitrag fir eng méi nohalteg Gesellschaft ze leeschten. Si weist och drop hin, datt d‘Post-Servicer eng ganz wichteg sozial Roll ze spillen huet, wéi een dat och sollt am Kontext vum Covid19-Confinement selwer bemierkt hunn.

D‘POST Lëtzebuerg, déi sech selwer wichteg hëlt vergësst allerdéngs, datt d‘Schléisse vun Agence wéi och d‘Soustraitance an d‘Schalterfraisen, hirem „sozialen Usproch“ net wëlle gerecht ginn, an d‘Clienten och méi op dës Déngschtleeschtungen ugewise sinn, wéi datt si dann de Choix hätten. Sozial ass d‘POST Lëtzebuerg de facto net, dofir deet si elo wéinstens de grénge Mäntelchen un.

Zanter 2009 huet d‘POST Lëtzebuerg mat 18 aneren Operateuren ënnert der Schiermherrschaft vun der „International Post Corporation“ (IPC) en immense Bäitrag fir d‘Natur an d‘Ëmwelt geleescht. Si hätt hir Zäregasemissiounen ëm 30% reduzéiert, ronn en Drëttel vum Stroum an de Gebaier ass aus erneierbaren Energien hiergestallt ginn, a bal 50% vum Offall ka recycléiert ginn.

D‘Direktesch vum POST Courrier an Adjointe vum Generaldirekter, Hjoerdis Stahl, erkläert: „De Post-Secteur huet ëmmer gewisen, datt e sech de wirtschaftlechen a gesellschaftlechen Defie stelle kann. D‘Post-Entreprisen si mam Beispill virgaangen, an sech proaktiv an d‘Dekarbonisatioun vun der Gesellschaft abruecht“. Si leeschten also e Beitrag géint de Klimawandel a fannen dat gutt.

Eigentlech alles begréissenswäert, woubäi ee vun enger Entreprise mat Staatskapital, esou eppes scho sollt erwaarden dierfen. Schliisslech huet Lëtzebuerg sech zum Paräisser Accord bekannt a wann do just POST géif versoen, hätt een dëst Ofkommes net misse ratifizéieren. Dofir gëtt et eng ganz Rei aner Beräicher, an deenen si och Virreider ass, mee an ëmgekéierter Richtung.

Net nëmmen datt d‘POST Lëtzebuerg et versteet virun allem deene Schwaachen an der Gesellschaft de Goss aus de Täsch ze kropen, nee esou eppes wéi Gehältergläichheet ass der Direktioun och nach friem. Véier ënnerschiddlech Gehälterklassen an engem Betrib ass schonn eng bosseg… mee gutt et keng Problemer mat de Paie vun der Direktioun, net dat elo ee fäert, hei misst een Honger leiden…

Illustratioun: © Kyrylo Kholopkin / unsplash

Ähnlech Sujeten Dekarboniséierung, Green Postal Day, nohalteg Entwécklung, Post, Post Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel